D’ Holmes-Fans hu Grond zur Freed: No Joere vu mannerwäertegen, stümperhafe Versich hire Lieblingsdetektiv op den Écran ze bréngen, nodeems Nimm wéi Basil Rathbone oder Jeremy Brett scho bal vergiess goufen, ginn et säit e puer Joeren eng ganz Rei qualitativ héichwäerteg Reboots oder Neierfannunge vum Arthur Conan Doyle sengem Stoff. Et gëtt House M.D., déi dem Holmes seng Kriminalfäll a medizinesch Fäll verwandelt, et gëtt dem Guy Richie säi Sherlock Holmes, dee méi a Richtung Action-Film tendéiert, an elo gëtt et säit kuerzem och Sherlock, eng nei Série op BBC 1, vun där déi éischt Episod A Study in Pink de 25. Juli ausgestrahlt gouf.

A Study in Pink erënnert selbstverständlech un A Study in Scarlet, dat éischt Sherlock-Holmes-Buch vum Doyle. Och wann d’ Geschicht an déi modern Zäit verréckelt gouf, an och wann deen een oder anere Plotdetail verännert gouf, kann een d’ Parallelen tëscht där neier Série an deem ale Buch net iwwersinn. Zumools bei där Zeen, an där de Sherlock Holmes an den John Watson sech kenneléiere, gouf praktesch de gesamten Dialog vun 1887 bäibehal (de Watson kënnt esouguer a béide Versiounen aus dem Afghanistan-Krich heem). Den Holmes gëtt gespillt vum Benedict Cumberbatch, de Watson vum Martin Freeman (The Hitchhiker’s Guide to the Galaxy, The Office). Allebéid si se immens charismatesch, a passen op hir Rolle wéi den Nol op de Kapp. Obwuel d’ Geschicht haut spillt, huet dem Holmes seng Apparence, seng Diktioun a seng Kleedung nach ëmmer eppes vun engem viktorianeschen Dandy à la Oscar Wilde, an heiansdo dauert et bis en eng SMS schreift (säin allerléifsten Hobby, anscheinend) bis den Zuschauer sech drun erënnert, datt et net de Sherlock Holmes aus dem 19. Joerhonnert ass.

Geschriwwe gouf Sherlock vum Steven Moffat (dee fir de Reboot vun Dr. Who verantwortlech ass a mam Edgar Wright zesummen d’ Dréibuch fir deen neien Tintin geschriwwen huet) a vum Mark Gatiss (fréieren Auteur a Schauspiller fir League of Gentlemen), deen och selwer an der Série matspillt. Mat Hëllef vun deenen zwee immens cleveren Scénaristen huet Sherlock et fäerdegbruecht eng gutt Balance tëscht Spannung, Vitesse an Humor ze fannen, an dobäi nach dem Doyle trei ze bleiwen. D’ Ëmsetzung ass duerchaus originell, ech ginn dëser éischter Episod ****/**** a recommandéiere se jidderengem, dee Loscht op e gudde Krimi mat gudde Charakteren huet.