Wéi ech beim Chris sengem Post scho kommentéiert hunn, fannen ech dëse Film immens a ginn him ****/**** . Ech mengen net, datt et immens vill Sënn mécht, nach eng weider Kritik zum Film ze schreiwen, well ech net mengen, datt ech een dovun ofhalen oder encouragéiere wäert, de Film kucken ze goen. Ech ginn dovun aus, datt déi meescht Lieser vun dësem Blog scho säit Joere wëssen, datt dëse Film gemaach gëtt, an datt et – wéi all Film vum Christopher Nolan – e Muss fir all Kinogänger ass, alleng fir matschwätzen ze kënnen. Nuff said. Dofir just nach e puer Gedanken zum Film. . .
Wéivill dem Film seng aktuell Popularitéit vun der Popularitéit vum Regisseur a vu sengem Cast ofhänkt, weess ech net. Mä ech mengen, datt d’ Handlung vum Film esou einfach an awer uspriechend ass, datt et guer net verwonnerlech ass, datt de Film esou e grousst Publikum fënnt: e Groupe vun “Agente” kritt eng Missioun z’ erfëllen, eng extrem schwéier Missioun, si hunn och e Plang, mä bei deem Plang klappt net ëmmer alles esou wéi erwaart, an et kënnt zum Konflikt, dee bis zum Schluss vum Film muss geléist ginn. Dat Rezept funktionéiert am Kino ëmmer erëm, ech denken elo u Filmer wéi ‘Oceans Eleven’ a seng Fortsetzungen, oder och un d’ ‘James Bond’-Filmer.
Wat bei ‘Inception’ nei dobäi kënnt ass d’ Tatsaach, datt sech déi ganz Missioun an der Dramwelt vun engem anere Mënsch ofspillt, an do gesäit ee menger Meenung no, datt den Nolan e Genie ass. Leit wéi den David Lynch oder vum Charlie Kaufman wësse wéi een en Dram a senger ganzer Absurditéit op d’Leinwand bréngt: Do tauchen op emol Elementer oder Persounen aus dem Naischt op, an den Afloss vun der Aussewelt op den Dram ass – wann iwwerhaapt – schwéier z’ erkennen. Net esou beim Nolan: d’ Dreem, wann och immens fantastesch a bombastesch duergestallt, hunn immens kloer Strukturen, äiskal Regelen déi net gebrach ginn. Alles wat am Film virkënnt huet e ganz kloeren Ursprong, näischt ass dem Zoufall iwwerlooss. Dat widdersprécht zwar wahrscheinlech der Art a Weis, wéi déi meescht vun eis hir Dreem erliewen, ass awer fir en Thriller wéi deen hei noutwendeg. Falls dat anescht gemaach gi wier, hätt d’ Aktioun entweder net funktionéiert, oder et wier net dee konventionellen Thriller ginn, deen den Nolan geplangt hat.
Plot holes ginn et menger Meenung no keng, a fir d’ Handlung kënnen nozevollzéie, muss ee während der éischter Stonn vum Film op all Wuert lauschtere wat geschwat gëtt, well an där Stonn ginn d’ Regele vum Dram (an domat och déi Regelen, déi fir de Rescht vum Film gülteg sinn) erklärt. Wann een déi Spillregelen net matkritt, verléiert een de Fuedem, an et kritt een héichstens nach eenzel Deeler vun engem Puzzle mat, deen een herno net méi zesummegeluecht kritt. Et ass bestëmmt e Film, deen ee soll méi wéi eemol kucken, bei enger zweeter Kéier kann ee bestëmmt den Drama, d’ Action-Sequenzen oder déi freudianësch a jungianësch Symbolik méi appréciéieren, well een da weess wéi den Hues leeft.
Ech hunn Leit héieren, déi dem Film virgeworf hunn, et misst ee sech vill ze vill konzentréiere, fir nach iwwerhaapt eppes ze verstoen, ech dogéint fannen et grad gutt datt mol rëm ee Film am Kino ass, dee vu séngem Public verlaangt, datt en aktiv nolauschtert (- wann ee bedenkt, datt déi meescht Blockbuster haut esou opgebaut sinn, datt een nach ëmmer alles verstoe soll, wann ee während dem Film op d’Toilette geet, ass daat definitiv eng Seelenheet). Et kann een dem Film vläit virwerfen e wier iwwerlueden, oder e géif sech fir méi clever hale wéi en ass, mä ech mengen net datt dat de Fall ass. Filmer, deenen een dat vill méi kéint virwerfe sinn z.B. ‘Fight Club’, ‘The Sixth Sense’ oder ‘The Usual Suspects’ déi zum Schluss ëmmer op een absurde plot twist zeréckgräife fir nach kënne méi interessant ze wierken (wee lo domat net d’ accord ass, ka mer eng Email schreiwen). Bëlleg Tricks ginn et beim Christopher Nolan keng: Op A follecht B. B gëtt meilewäit am Viräus ugedeit. Op B follecht logescherweis C. asw. Et ass am Fong esou einfach, wéi den Nolan de Plot vun dësem Film opgebaut huet. Komplex ass just d’ Welt an där sech dës Geschicht ofspillt, an ech wäert mer eng Freed draus maachen, mer déi Welt nach e puer mol unzekucken. Den Owend zum Beispill.

Ech fannen däin drëtten Abschnitt ganz richteg, just dass meng Konsequenz doraus net ass, dass den Nolan e Genie ass, mä dass en sech bewosst ass, dass säi Film anescht net funktionnéiert. Dat huet näischt mat Genialitéit ze dinn.
-
Plot holes ginn et effektiv keng. An awer ginn et der. Mä fir dat z’erklären wier e Spoiler, also maachen ech et net.
> Dat widdersprécht zwar wahrscheinlech der Art a Weis, wéi déi meescht vun eis hir Dreem erliewen, ass awer fir en Thriller wéi deen hei noutwendeg.
Domadder redefinéiert en awer wat en Dram ass. Dann hätt seng ganz Geschicht sech och an enger Matrix oder engem Holodeck kéinten ofspillen. Sou wéi dat zb schon 1993 an der Star Trek TNG Episode ‘Ship in a Bottle’ gemaach gouff (Holodeck an engem Holodeck).
Dat wat d’Läit jo sou faszinéiert ass, dass et sech em Dreem handelt. Mee dem Nolan seng Dreem hei kéinten och usech regulär James Bond oder Jason Bourne Filmer sinn. Et ass wéineg bis näischt ‘dramhaftes’ un hinnen.
“Ech fannen däin drëtten Abschnitt ganz richteg, just dass meng Konsequenz doraus net ass, dass den Nolan e Genie ass, mä dass en sech bewosst ass, dass säi Film anescht net funktionnéiert. Dat huet näischt mat Genialitéit ze dinn.”
-
Stëmmt, mä trotzdem huet en de Choix gemaach, d’Dramwelt komplex ze haalen, et wier och méi einfach gaang. Déi verschidden Dramschichten an deenen och nach aner Zäitverhältnisser existéiere, wieren am Fong fir d’Geschicht nët néideg gewiescht.
-
Gi mer eis einfach domat zefridden, datt den Nolan -och wann en d’Narrativ mat dësem Film nët nei erfonnt huet- eng faszinant Dramwelt krééiert huet, déi souwuel vun hirem Opbäu, wéi och vum Visuellen hir immens gutt gelongen ass. Ech nennen d’Konscht eppes esou ëmzesetzen effektiv “génial”.
@Grommel:
Do sinn ech anerer Meenung. Wéi de Chris schonn a sengem Post ugedeit haat, hätten de Freud an de Jung sech bei dësem Film gutt ameséiert. Wann een deenen hir Wierker liest, fällt engem op, wéi gutt den Nolan recherchéiert huet. Den Dram ass also nët komplett nei définéiert ginn, e gëtt ledeglech esou duergestallt, datt en Thriller kann dra stattfannen.
-
Wann eng Matrix oder en Holodeck am Film dragewiescht wier, hätt d’Iddi vun ‘Inception’ och nët méi funktionnéiert, well et geet jo ëm en Agraff an d’ Ënnerbewosstsinn.
@Jacques:
> Wann eng Matrix oder en Holodeck am Film dragewiescht wier, hätt d’Iddi vun ‘Inception’ och nët méi funktionnéiert, well et geet jo ëm en Agraff an d’Ënnerbewosstsinn.
Jo, gutt, mee et ass jo awer sou, dass déi Persoun, em déi et geet, net bewosst ass dass se nach dreemt. An dat ass jo awer déi selwecht Situatioun wéi bei engem Holodeck an engem Holodeck.
Wann een natierlech als Sujet d’Manipulatioun vum Ennerbewosstsinn huet, dann brauch een natierlech och e Gehier mat Dreem wou een ronderem spazéieren kann. Kloer. Et kann een jo och keen Film iwwert d’Liewen vum Lassie man ouni de Lassie ze erwähnen.
Trotzdem sinn mir seng ‘Dreem’ net ‘dramhaft’ genuch erenneren mech zevill um banal Action-Filmer.
Ech hunn de The Matrix zb wesentlech besser fonnt. Mee bon, affaire de goût.
@Grommel:
Ech hu Star Trek zwar gär, mä ech muss zouginn, datt ech de Begrëff “Holodeck” haat misse recherchéieren, fir eenegermoossen ze wësse wourems et geet. Ech hunn déi Episod vun däers du schwätz nët gesinn, a kann do nët matschwätzen.
-
The Matrix war zu sénger Zäit secher e ganz gudde Film, mä ech muss dem Tarantino Recht ginn: d’Fortsetzungen hunn och fir mech d’Mythologie e bëssi ruinéiert. Du hues awer Recht: affaire de goût.
Ech hu scho fonnt, dat d’Regelen , no deenen de Film anscheinend funktionéiert, heiansdo gebrach gi sinn, bzw. wann et graad gepasst huet, sinn eben aner Spillregelen agefouert ginn. Schued hunn ech och fonnt, dat op mannst een Element net weidergefouert ginn ass, mä dat gesäit een dann vläit eng Kéier als “deleted scenes”.
En gudden Film, deen engem haarden internen Logik-Check awer wahrscheinlech leider net standhaale wäert. Genee ewéi Matrix iwwregens och net. Dat ass Schued, mä trotzdem ass de Film nach ëmmer gutt an immens kuckenswäert.
Menger Meenung no huet den Nolan sech bei dem hei Film selwer iwwerschat. Heen ass en Genie, dorunn wëll ech net zweifelen. Mais dat huet en fir mech net onbedéngt duerch dësen Film bewissen. Ech sinn (vläit sinn ech do wirklech méi einfach gestréckt) en Frënd vun kloer definéierten Geschichten. Ech wëll d’Emrëss erkennen. Domadder wëll ech net soen, dass ech keen Frënd vun Iwweraschungen sinn. Ech wëll just keen Film gesinn den esou vill Selbszweck ass wéi den hei mir schéngt ze sinn. Den New Yorker huet gemengt wann den Nolan mengt en kéint eppes réaliséieren, dann misst en dat och maachen. Besonnesch wann et extrem komplex ass. Mais wéisou? Ass en Film gutt nëmmen well en den Zuschauer komplett iirleet an verwirrt? Ass et gutt den Sujet, nämlech den Draam, d’Ennerbewosst, dat an senger Komplexiteit vum Mënsch ni komplett begraff kann ginn ze verléiren fir sech un gigantesch Action ze verkaafen? Fir mech net. Den Marcel Proust wollt seng Recherche och net an een Buch paaken an dat ass och gutt esou. Nennt mech simplistesch, mais: Manner wir fir mech hei definitiv méi gewiecht.
Ech fannen deen hei Review beschräift d’Problemer vum Film gutt: http://bit.ly/aRpPwc
@Jacques Schiltz:
An där Episode geet et eben drëm, dass d’Läit, déi aus dem Holodeck (A) kommen, mengen sie wieren nees an der Realitéit geland, just fir dann festzestellen, dass se ëmmer nach an engem Holodeck (B) sinn an sou awer nach net an der Realitéit ukomm sinn. Dass also deen HD-A eng Kreatioun innerhalb vum HD-B woer. Allerdëngs kéint jo och den HD-B eng Kreatioun vun engem iwwergeurdneten HD-C sinn …
Eh, wann s de verstees, wat ech mengen!? ;) Halt wéi an engem Dram waakreg ze ginn just fir festzestellen, dass een usech ëmmer nach dreemt an dann réischt richteg waakreg gët.
De Matrix 2 & 3 woeren Schrott.
@Céline:
Méch huet och die iwwerdriwwen Action gestéiert. An dass de Film mech emotionell kal gelooss huet …
Wien sech iwwer iwwerdriwwen Action opreegt, sollt Matrix viläischt nachemol ennert dem Aspekt kucken. Just saying …
Ech hunn de Film lo nach eng Kéier gesinn. Déi zweete Kéier ass definitiv méi agréabel ze kucken an de Film ass och (wahrscheinlech) méi ergräifend. Ech hunn nach eng Kéier immens gutt opgepasst, an et fällt mer wierklech nët op, wou d’Logik vum Film gebrach gëtt (wann et de Fall ass).
-
Ech si weiderhinn nët der Meenung, datt den Nolan probéiert huet, extrem komplex ze sinn. De Film huet am Fong just ee festen Handlungsstrang, an de Protagonist ass ëmmer deeselwechten (wat bei der Recherche nët de Fall ass).
-
Mech haat de Film scho bei där éischter Kéier manner verwirrt, wéi datt e mëch dozou ugereegt huet duerch an duerch konzentréiert ze bleiwen. Filmer déi probéieren hir Qualitéit ze erhéijen, doduerch datt së d’Leit irritéieren sinn och nët meng Saach. Mä ech mengen datt daat éischter op déi Beispiller zoutrëfft, déi ech am Post scho genannt hunn. Ech ka lo och en neit Beispill nenne, vun deem ech wierklech genervt war: Shutter Island (bei deem déi grandios Régie allerdéngs villes erëm gutt gemaach huet). Bei Inception ass d’Geschicht nët méi komplizéiert wéi déi vun Ocean’s Eleven, just d’Ëmsetzung, a vun där kann ee Frënd sinn oder nët.
-
Ech haat wéineg Erwaardunge wat dëse Film betrëfft. Ech hu mech natierlech op de Film gefreet, mä ech war vum Trailer a vum Hype laang nët esou matgerass wéi deemols bei The Dark Knight, wou ech schonn am Kino bal applaudéiert haat wéi den Trailer gewise gouf. Bei mir war wuel d’ Gefor enttäuscht ze gi manner grouss. Mäi Lieblings-Nolan wäert fir de Moment souwisou The Prestige bleiwen, mä dëse Film kënnt vläit op Plaatz zwee, well e mech ähnlech zur glaicher Zäit ënnerhalen, bewegt an eräusgefuerdert huet. Wann et een Nolan-Film gëtt, bei deem ech no där x-ter Kéier nach ëmmer d’Gefill hunn, ech hätt eppes nët verstan, ass et Memento.
-
Wat d’ Action betrëfft, sou ass dat wuel éischter eng Fro, ob een dee Genre Filmer gär huet oder nët. Ech hunn op dem Film seng psychologësch/philosophësch Gedanken higewisen, a streiden him déi elo och nët of, an trotzdem ass et ënnert dem Strëch en Spionage-Film, en Action-Film (wéi Matrix och). Daat kann ee vläit perséinlech nët gär hunn, dem Film awer och nët zum Virworf maachen, et gi méi wéi genuch Cinéphilen, déi och dee Genre immens gär hunn.
-
Dem Hitchcock säin North by Northwest ass wahrscheinlech deen actiongeluedensten, komplexesten Hitchcock-Film de je gedréint gouf, an en huet nët hallef sou vill Déifgang wéi Psycho oder Vertigo. . . An trotzdem gëlt en haut als ee vu sénge gréisste Meeschterwierker. Ob dem Nolan séng Ambitioune wat Déifgang betrëfft méi grouss ware wéi d’Resultat wat dobäi räuskomm ass weess ech nët, an et ass mer och egal. Mech huet de Film (zweemol) perfekt ënnerhalen an och zum Nodenke bruecht. An iwwert de Film ze diskutéiere mecht mer nach wie vor immens vill Spaass ; )
Joel:
D’Visuals am The Matrix woeren deemools revolutionär (an dat sinn dem ‘Inception’ seng net) a sie hunn d’Geschicht gutt ennerstëtzt. Och wa mir perséinlech, fir éierlech ze sinn, déi Action-Szenen ausserhalb vun der Matrix, also déi Kämpf géint die Alienschëffer etc, net gefall resp. mech gelangweilt hunn. Wat mecht faszinéiert hat woer d’Welt an der Matrix, an natierlech déi philosophesch Froen, déi ugeschnidden gouffen (och wann déi natierlech net nei woeren).
Ech sinn och villäicht einfach mat falschen Erwaardungen an den ‘Inception’ gaang. Et ass jo manner eng Reflektioun iwwert d’Dreemen wéi en klasseschen Thriller (d’Manipulatioun vun enger Persoun X duerch en Moyen Y). An dësem Fall nach relativ originell well de Moyen Y d’Manipulatioun vum Subconscient via d’Dreem ass, mee iwwert 2,5 Stonnen awer bëssen zéi an ustrengend …
Mee wéi ëmmer, affaire de goût! ;)
Jacques:
> Bei Inception ass d’Geschicht nët méi komplizéiert wéi déi vun Ocean’s Eleven, just d’Ëmsetzung, a vun där kann ee Frënd sinn oder nët
.
Ech woer och nie e Frënd vun der Ocean-Serie (oder Spionage-Filmer), villäicht erkläert dat, dass de Film mech net matgerappt huet ;)
.
Kloer, mee den philosopheschen Aspekt vum Film huet dat fir mech ‘
.
> Wann et een Nolan-Film gëtt, bei deem ech no där x-ter Kéier nach ëmmer d’Gefill hunn, ech hätt eppes nët verstan, ass et Memento.
.
Dat ass allerdëngs mäin Lieblings-Nolan. Kéint deen ëmmer rem kucken.
Lieblings-Nolan? Batman Begins.
Ech hu Memento och gär. Allerdéngs mengen ech, datt grad dee Film bei engem interene Logik-Check géif scheiteren.
Lo war ech en och endlech kucken an hun duerfir éischt elo hei gelies. De Film ass ganz grousse Kino an ech fannen et kee Nodeel, dat d’Draamwelten net “phantastesch” sin. Net all Draam spillt an enger M.C. Escher-Welt oder an engem Zockerwattland mat rosa Ponien (net, datt ech sou eppes jee gedreemt hätt). D’Architekten vun den Inception-Dreem designen des jo och an der Realitéit, also orientéieren se sëch un eppes, wat se kennen. Do eng Phantasiewelt z’erschaafen, wir zevill riskant, wéll ee jo net weess, wéi d’Ënnerbewosstsin vum Affer des ging mat Protagonisten opfëllen. Et ass also eng logesch Konsequenz, datt Dreem “realistesch” ausgesin. An iwwerhaapt soll d’Affer jo net wëssen, datt et dreemt. Wann d’Welt ze komesch ausgesäit, kann een ufänken, sech Froen ze stellen. Sou geet ët opmannst mir mol a méngen Dreem; ech fannen spéitestens an der Halschent vum Dram eraus, datt ech dreemen.
Et ass och e Film, wou ee nach eng Zäitchen duerno nei Aspekter eraus fënnt. Wéi ech aus dem Kino koum, hat ech de Schluss komplett falsch verstaanen; éischt haut de Moien ass mer bewosst gin, wéi de Film opgehaalen huet.
ROT13: Rpu qhrpug, qr tnamr Svyz jve whfg ra Qenz ihz Pboo trjvrefpug, zrr mhz Fpuyhff nff uvra whfg anpu nz Yvzob trsnnatra; nyyrf, jng ab féatrz Rejäpura nz Syvwure trfpuvqq, nff anpu ëzzre nz Yvzob.
Zu deem wat s de a ROT13 geschriwwen hues: béid Méiglechkeete sinn okay, denken ech. Ech si méi fir déi, déi s du verworf hues.