Fir all Fan vun Arcade Fire dierft et kee Geheimnis sinn, dass e Méindeg de laang erwaartenen drëtten Album The Suburbs e Méindeg eraus kënnt – yay. Wat dat ganzt nach besser mécht, ass, dass Arcade Fire decidéiert hunn hire Concert, den 5. August zu New York am Madison Square Garden fir jiddereen zougänglech ze maachen.
A mat zougänglech maachen, mengen ech lo net, dass der iech an e Fliger sëtze sollt fir op New York an do de Concert ze genéissen. Nee, de Concert kënnt an är Stuff/Schlofzëmmer, well e live op Youtube iwwerdroe gëtt: http://www.youtube.com/arcadefirevevo.
A well dat hei natierlech nach net genuch Leckerli ass fir all eis Lieser ze begeeschteren (obwuel eise Jacques sech bommen um Arcade Fire Concert ameséiert hat), kann ech dann nach als zousätzlech Info matdeelen, dass keen aneren wéi den Terry Gilliam (Time Bandits, Brazil, Twelve Monkeys) d’Regie vun der Iwwerdroung iwwerhëlt.
[via]

Wow.
Effing Vevo!
“This video contains content from Vevo, who has blocked it in your country on copyright grounds.”
Ass mer desläscht schon x-mol passéiert …
Heescht dat elo, mir mussen eis trotzdem an de Fliger sëtze fir op New York?