Okay, sorry, ech wäert net wierklech iwwer Sense & Sensibility schreiwen, och wann dem Ang Lee seng Verfilmung vum Jane Austen sengem Roman natierlech e Genoss ass. (Dat wier mol eng Idee, en Artikel iwwer Austen Verfilmungen. Any takers?) Wat hei geschitt ass, ass, dass ech mer en Titel gesicht hunn, deen iergendwéi op eng spilleresch Aart a Weis Inception an Toy Story 3 ëmschreift, déi zwee wuel am meeschten erwaarte Filmer vum Summer 2010. An ech soen iech dann och mol am Viraus, dass der vum drëtt- respektiv aachtbeschte Film aller Zäiten net wäert enttäuscht sinn. (*houscht*)

Inception (Christopher Nolan, ***)

Ech wäert net grouss an d’Detail goen, well ech ka mech gutt un de Stress erënneren, deen ech mer siche war wéi ech mech getraut hunn Slumdog Millionaire, The Dark Knight, Inglourious Basterds an Das weiße Band ze kritiséieren. Fakt ass, dass ech kee vun deene Filmer immens fannen, an dass ech Inception och net als d’Neientdeckung vun der Kreativitéit an Hollywood halen. Allerdéngs kann ech mech virun dem ambitiéise Wierk, wat den Nolan hei op d’Leinwand zaubert, trotz all senger Schwächten, nëmme verneigen. (SPOILERS) Et ass natierlech clever vun him, dass en doduerch, dass alles just en Dram ass, seng plot holes iwwerdeckt kritt an d’minimal Charakteriséierung vun all de Personnagen ofgesi vum Leonardo DiCaprio sengem Cobb kee Problem duerstellen. An awer bitt de Film genuch spannend Momenter a genuch Ideen fir engem en Owend am Kino ze verséissen, ouni, dass een sech iwwerhaapt muss Gedanken iwwer all déi kleng Schwieregkeete maachen. Wéi si am Endeffekt duerch d’Dramwelte vum Robert Fischer reesen ass bombastesch, wann och extrem duerchgeschriwwen. D’Geschicht huet extrem vill Adrenalin a sech, an dat dreift d’Saach virun. Trotzdem wënschen ech mer e bësse méi an engem Film. Donieft stellen sech déi üblech Problemer, déi ech beim Nolan hunn: seng weiblech Personnagen sinn net méi wéi lästeg Unhängsel, seng Action-Zeenen schwaach choreographéiert a geschnidden. Wat mech allerdéngs am meeschte gestéiert huet, war, dass ech zu dem enge Personnage, deen echt ass, den Dom Cobb einfach keen Drot fonnt hunn. Seng Problemer, säi Personnage, ware fir mech als Literaturstudent a fervente Lieser vu Fiktioun einfach nëmmen onnovollzéibar an net engagéierend. (/SPOILERS) An do kënnt mäi gréisste Problem mat Inception hir: während ech mech bannent den, dach iwwerlaangen, zwou an enger halwer Stonn ëmmer ënnerhale gefillt hunn, war ech ni wierklech emotional an d’Geschicht agebonnen. Am beschten trëfft et dat, wat ech mengem Matbewunner nom Kino sot: “it was entertaining, but not captivating”. Als Popcornkino ass et, dat, no Toy Story 3, zweetbescht vum Joer bis elo, als arthouse Film ass et mëttelméisseg. Freud a Jung hätten sech trotzdem fuerchtbar ameséiert, denken ech. (Wien eng méi déif Diskussioun agoe wëll, däerf sech roueg bei mir via E-Mail mellen.)

Toy Story 3 (Lee Unkrich, ****)

Ech wollt scho vill éischter meng Meenung zu Toy Story 3 lass ginn. Mä dunn hunn ech de Film gesinn, an et war mer net méi méiglech, well ech Angscht hat, net méi opzehale mat schreiwen. De Film huet mech op sou vill Aart a Weisen emotional wéi och intellektuell beweegt, dass ech op kee Fall wollt vergiessen iergendeppes z’erwienen, wat de Film esou gutt gemaach huet. Wéi den Andy op d’Uni geet, heescht et fir hien sech vu senge Spillsaachen ze trennen an dee Moment geet fir eis Helden e Kampf ëm d’Iwwerliewen un, an deem sech Froe vu Mortalitéit, Zesummenhalt an Konsum stellen, déi gepaart si mat dem übleche Witz vu Pixar. Iergendwann huet sech jidderee misse vu senge Spillsaachen trennen, denken ech, an dee Moment gëtt hei perfekt  agefaang, an domat gëtt eng Ufuerderung u Kannerfilmer respektéiert, déi ech ëmmer scho grouss geschriwwen hunn: se sollen d’Kanner net fir domm verkafen. Dat ass eppes, wat an Toy Story 3 net geschitt, d’Kanner ginn als denkend an emotional méi wéi capabel Mënschen, net nëmmen respektéiert, mä souguer am Fong geprisen. De Schluss vum Film, wou d’Imaginatioun vum Kand sou wonnerschéin duergestallt gëtt, ass ee vun deene beschten, déi ech säit ganz laangem gesinn hunn. An de Moment wou et fir den Andy heescht senge Spillsaachen, senge Frënn aus der Kandheet Äddi ze soen, ass och e Moment wou ech, deen den éischte Film deemols am Kino an zënter hir ëmmer rëm gesinn hunn, de Helde vu menger Kandheet Äddi soe kann. E Meeschterwierk.