Ech sinn e grousse Fan vum Schwed, dien an 8 Minutten 32 Popsongs an eng Medley krut. Dofir huet mir natierlech och dee folgenden Video gefall, dien Pianocktails hiert Lynn mir gewissen huet. Véier Gesellen hu sech hei d’Freed gemaach, ze probéieren, an zwou Minutten 35 Referenzen ob 35 Filmer visuell duerzestellen. E puer dovunner sinn offensichtlech, e puer méi kniffleg. Meng Lieblingsreferenz ass Psycho. Wat ass äer? A packen mir et, all d’Filmer an den Comments zesummen ze kréien?
Aus der Kategorie Film, Webkonfusiounen

Fir unzefänken:
Schneewittchen.
A Clockwork Orange.
Blues Brothers.
Die Blechtrommel.
A vlaicht Rear Window?
Singing in the rain.
Titanic
Jaws
Born on the 4th of July?
Psycho
Pretty Woman
Taxi Driver
Terminator
Star Wars
Monsters Inc
Lost Highway
Charlie Chaplin Film & The Great Dictator?
Ech hat dee Video virun ëm puer Deeg gesinn, an net fäerdeg gekuckt, well e mech genervt huet.
Mä hunn et lo mol probéiert an nieft deenen, déi dier erwient hutt, entdeckt: The Red Shoes, Wizard of Oz, One flew over the cuckoo’s nest, The Exorcist, Toy Story, Fight Club, Nosferatu, Battleship Potemkin, Easy Rider, Mary Poppins (?) an Apollo 13. Géif ech mol soen. Den Chaplin Film ass The Gold Rush.
“Battleship Potemkin” kéint och eng Duebelreferenz op den “Untouchables” sinn.
Chaplin-Referenze sinn der méi dran, mee den Danz mat de Schong ass doutsecher aus dem “Goldrush”.
Wéi ee Woody Allen Film gemengt ass liicht mer lo nët an.
Ech hunn der eng ganz Rei remkannt, mä dir hutt scho vill ze gutt Aarbecht geleescht. Ech mengen allerdéngs nach een entdeckt ze hunn: “North by Northwest”. Deen aneren Hitchcock ausser “Psycho” ass ganz secher “Rear Window”.
Vanishing Point?