Wann et eppes gëtt, woufir ech mengen Eltren dankbar sinn, dann ass et ënner anerem dofir, dass ech e Grond-Set vu Manéieren hunn. Ma dat bedeit net dass se perfekt sinn, ech halen awer nach Messer a Forschett de falschen Wee, vergiessen Nimm vu Leit déi ech kennen léieren oder iwwerginn mech virun Disco’en. Trotzdem uechten ech Saachen wéi en festen Hänndrock, Aenkontakt oder héiflech sinn. Ausser an de Kommentarer.
Ma d’däitsch Telekom huet e Site namens eEtiquette gestart wou si sou Saachen kloerstellen fir den Internet. Behuelreegelen fir den Internet, wéi zB dass Interpunktioun an Grouss- a Klengschreiwung wichteg sinn, dass een am Restaurant dierf SMSen schecken, awer dat soll um Desch man, an sou weider. Kuckt mol eran an huelt Iech e Beispill!

Wat een der Telekom misst soen: setz Text ni als Bild an oder mat enger total onlieserlecher Schrëft (a scho guer net béides). Nondikass.
Sin dat lo Lifestyle Tipps oder Benimmreegelen oder wat ass et?
Ech muss soen wann een am Restaurant un sengem Handy fummelt ass et mer relatif egal ob een dofier sou lang brauch wei fier op de WC oder mei lang(oder iwer oder ennert dem Desch), et ass onheiflech sech net mat sengem Gascht ze befaassen, Punkt. (op jiddefall an engem Bereich wou en Knigge eppes ze soen huet sprech wann een sech net gutt kennt, professionell ennerwee ass, sech fier d’eischt trefft etc; fier all aner Situatioun brauch een souwisou keng Reegelen well een se selwer opstellt)
Desweideren hun Sachen wei “wanns de telefoneiers kanns de der langen emailverkeier spueren” jo mol guer neischt mat Knigge oder Heiflechkeet ze din.
Ech well hei iwregens net schlecht rieden dass een am Internet och soll sech behuelen, ech fannen just dei Seit do iergendwei enorm witzeg/lächerlech.
Wann een well am 2.0 heiflech sin brauch een just d’Reegelen unzewenden dei firdrun och gegolt hun.
Dofier brauch ech keng Interpretatioun fum R2D2 sengem Liebesleben.
Mais Thorben du hues ganz Recht et soll een sech um Rimm rappen. Ech probeieren och sou gutt et geet der Interpunktioun an der Grammatik nozekommen. (am letzeboieschen fier mech enorm schweier well ech d’Grammatik nie geleiert hun, mee ons Proff ons leiwer op deitsch letzeboiesch Geschicht auswenneg leieren geloos huet)
Just firwëtzeg: firwat ass et ok fir an Kommentarer (ech huelen un du spills op deen aneren Thread un) onhéiflech ze sinn?
Ech spillen ob näischt un.
Ok, dann reformuléieren ech meng Fro:
Ffirwat ass et ok fir an Kommentarer onhéiflech ze sinn?
Dat war e Witz vum Thorben, deen am Schrëftlechen vläicht verluer gaang ass.