Net vun doheem ze bloggen, an zemools wann ee schon ee bis déi aner 12 Patt eran huet, ass meeschtens zimlech komplizéiert. Ma trotzdem hunn ech mech engem Service u meng Lieser ausgesat, deen ech lo gefällegst och anhale sollt.
An awer muss ech mech kuerz halen, well en Donnerwieder opzitt, an ech als almoudesche Kärel an deem Moment léiwer de PC ausmaachen. Ech tippen op enger Azerty Tastatur, wat et och net wierklech méi einfach mécht. Ma bon, en einfacht Spill haten d’Spuenier och net, wei se verdengtermoossen fir déi éischt Sensatioun vum Tournoi gesuergt hunn a géint d’Schwäiz verluer hunn. D’Spuenier waren zwar de ganze Match aktiv, ma et war kaum zwéngendes an hiren Aktiounen dobäi. Egal wei, dëst Resultat, war genee dat, wat dësen Tournoi nach gebraucht huet.
An den Owend ass dunn dat geschitt, wat dësen Tournoi absolut net gebrauche konnt, an zwar hunn d’Bafana Bafana verluer. Et ass dat geschitt wat oft mat afrikaneschen Ekippen geschitt, wa se e klengt Erfollegserliefnis hunn: se fänken u Quatsch ze spillen. Virun allem natierlech den Siphiwe Tshabalala, deen sech wuel sou iwwert säin Gol gefreet huet, dass en onbedéngt nach ee schéisse wollt an domat d’Spill vun der Ekipp an der éischten Halschent zerrass huet. Et ass just gutt, dass se de leschte Match just nach géint Frankräich spille mussen an net geint eng Ekipp vum Kaliber vu Mexiko oder Japan. Do bleiwen nach all Chance bestoen.
Wat awer wierklech haut festzehale war, war den 1:0 vu Chile an hir Spillweis. Ech hu se virum Tournoi als Kandidat fir d’Halleffinale bezeechent a fille mech lo och bestätegt. Wa se nach e bësse méi effektiv spillen, kennen se wäit kommen.
Eppes wat un dësem Tournoi well endlech och opdaucht ass d’Kritik un den Arbitteren, an während ech net denken, dass bis well katastrophal Entscheedunge getraff gi sinn, well ech eppes bemängelen, wat reng objektiv besser lafe misst. Ech fannen dass insgesamt komesch Decisiounen an der Bewäertung vu giele Kaarte getraff ginn. Dat kann un enger Virgab vun der FIFA leien (bei där et ëmmer gutt ass als éischt mol d’Schold ze sichen), kann awer och just um Feelen vun enger kloerer Linn bei den Offizielle leien.
Held vum Dag: Gelson Fernandes, Schwaiz
Beschte Spiller vum Dag: Diego Forlan, Uruguay
Schlechteste Spiller vum Dag: David Silva, Spuenien

D’Bafana Bafana huet awer leider wierklech grotteschlecht gespillt. Esou gët et awer suguer géint Frankräich wuel näischt …
Also ech hunn den Iniesta nach bessen méi schlecht wéi den David Silva géint d’Schwäizer Alpen fonnt :D
Sorry, dass keng nei Tagebuch-Bäitreeg komm sinn bis ewell. Ech hat dräi Deeg keen Internet, wëll awer lo geschwënn rëm ugräifen. Et gëtt jo vill ze diskutéieren.