Iwwer zwee Matcher kann ech bis ewell haut beriichten, an während weder nach grouss Highlights waren, haten se awer allebéid genuch ze bidden fir souwuel mäin taktescht Häerz, wéi och den Deel vu mir, deen déi grouss Emotioune gär huet, z’entzécken.
Neiséiland géint d’Slowakei an Portugal géint d’Côte d’Ivoire waren an deem Sënn gutt, ënnerhalsam Matcher, an och d’Resultater waren zimlech no mengem Goût. Vue dass ech awer an de Preparatiounen fir meng Vakanz sinn (a meng Artikel ëmmer geschedulet sinn), hunn ech net wierklech vill Zäit mer Gedanken iwwer de Fussball u sech ze maachen. Dofir gëtt dat hei och eng kierzer Versioun vum WM-Tagebuch.
Uspriechen wëll ech dofir kuerz d’Nörglerei vu Leit, déi sech net fir Fussball interesséieren. Ech ka mer virstellen, dass et enorm nerveg si kann, wann jiddereen sech mat eppes beschäftegt, wat engem komplett egal ass. Dofir hunn ech kee Verständnis. Ech kann och verstoen, dass munchereen sech un der Weltmeeschterschaft reift, well d’FIFA eng Grupp vun Drecksäck ass, déi Problemer cachéieren an sech permanent wëlle profiléieren.
Wat ech allerdéngs net akzeptabel fannen, si Leit, déi de Sport u sech kritiséieren. Du muss en net interessant fannen, dat seet keen. Mä ech fannen Tennis zum Beispill net interessant, an hunn trotzdem enorme Respekt virun Leit wéi dem Rafael Nadal oder Serena Williams. Well se an eppes gutt sinn, wou grousst Talent an Disziplin gefrot ass. Genee sou steet et mam Fussball. Wat fir eng kierperlech Fitness ee brauch fir en 90minuteg Fussballmatch duerchzestoen, däers schénge sech vill Leit net bewosst ze sinn. Et leeft een 9 bis 12 Kilometer de Match, an dat net duerchgoend, mä mat permanente Rhythmuswiessel. Dann ass et säuschwéier de Ball ze beherrschen, eppes wat sech viller net virstelle kënnen.
Kuckt et emol sou: ech schätze mech selwer als en duerchschnëttlech gudde Fussballer an, hunn an de Jugendekippen ëmmer vun Ufank u gespillt. An d’éischt Ekipp vu mengem Veräin hunn ech et awer net gepackt. E Spiller zu Iechternach spillt an der drëtthéchster lëtzebuergescher Klass, also gëtt et a Lëtzebuerg selwer nach eng Kéier wesentlech besser Spiller. Dës packen et awer net an d’Ausland, sou wéi zum Beispill de Jeff Strasser oder de Mario Mutsch. Déi packen et dofir zum Beispill net fir bei engem gudde Veräin ze spillen. Do gëtt et also nach emol grouss Ënnerscheeder am Niveau. An dann iergendwann kënnt ee bei Leit wéi Xavi, Drogba, Messi, Cristiano Ronaldo, Schweinsteiger, an et freet een sech wéivill Talent déi mussen hunn. Et stécht also enorm vill Aarbecht hannert engem Fussballspiller.
Et also als lächerlech z’empfannen, dass “22 Männer engem Ball nolafen”, sorry, mä déi Astellung kann ech net eescht huelen. Net aus dem éischte Grond, an och net, well souvill Mënschen sech duerch de Sport begeeschtere loossen an doranner Inspiratioun fannen. Den Didier Drogba an d’ivoresch Nationalekipp hunn e grousse Bäitrag zum Armistice an der Côte d’Ivoire 2005 geleescht, an deem se gutt Fussball gespillt hunn. Fussball ass net lächerlech. Et huet eng grouss Bedeitung fir d’Leit. Net fir jiddereen, mä déi wäerten dee Moment jo hoffentlech genuch Interessen hunn, dass se dem Trubel vun der WM aus dem Wee goe kënnen, ouni sech ze langweilen. Dëst net ze kënnen, dat wier, nujo, lächerlech.
Disclaimer: Heimat ass kee perséinlech ugeschwat. Et trëfft op ze vill Leit zou, als dass et sou si kéint.
Held vum Dag: Winston Reid, Neiséiland
Beschte Spiller vum Dag: Cheik Tioté, Côte d’Ivoire
Schlechteste Spiller vum Dag: se waren all okay.
Weblink vum Dag: Das unfassbar kompetenzfreie WM-Tagebuch

Joel:
Nee, dat wier genausou lächerlech.
Kéinten all déi Gender-Läit net eng Kéier e bëssen méi souverän ginn an einfach akzeptéieren, dass zb jidereen en effet jidereen (also m an w) mengt? Oder dass wann een zb Auslänner seet, een domadder net automatesch just déi männlech Auslänner mengt?
Fir déi ‘normal’ Läit ass dat selbstverständlech. Et sinn just sou Gender-Extremisten, déi ëmmer mengen sie missten och iwwerall explizit de féminin drunhänken (an doduerch e Saatz duebel sou laang ze maachen), well anescht kéint een jo och soss niemools am Liewen un de weiblechen Deel vum Grupp geduecht hunn resp. et wollt een domadder d’Fraen dissen ………….. *eyesroll*
Duerfir häss du roueg schräiwen kënnen: ‘Net jidereen deen Auslännerwitzer rappt ass e Rassist’ an 99% vun de Läit hätten net ugeholl, dass du domadder nëmmen d’Tippen gemengt häss.
Just firwëtzeg: fënns de, dass een zb d’Englesch och méi gender-’gerecht’ misst maachen well do hunn jo vill Wieder (déi op Mënschen bezunn sinn) keen weiblechen Pendant: driver, scientist, painter, cook, racist, etc? Ass dat net bëssen traumatesch fir Gender-Fanatiker wéi dech? ;)
Joël:
An d’Franséisch misst jo dann och direkt matreforméiert ginn. Ka jo net sinn, dass duerch d’Präsenz vun engem eenzegen Mann parmis 100 Fraen den ‘elles’ direkt op ‘ils’ wiesselt, oder? ;)
Grommel, verlager deng Schwanzvergläicher zréck dohin, wou ech se net matkréien. Op däi Blog.
Huet näischt mam Thema ze dinn, däerf also geläscht ginn, wann s de dech net packs.