Während ech nach an engem regelrechten Delirium wéinst all deenen neien Arcade Fire Lidder sinn, déi am Internet rëm schwirren, an der leschter Episod vu ‘Breaking Bad’ (wéini ass Mäerz 2011?) servéiert d’Internet mir dat nächst un deem ech mech net sat kucke kann.
An dem Sofia Coppola senger Carrière, déi bis well 3 Filmer ëmspaant, ass bis well villes richteg gelaf. Mat The Virgin Suicides huet et en wonnerbar onscheinbart Debut gefeiert, duerno huet Lost in Translation et zum Star an Oscar-Gewënner gemaach. Marie Antoinette ass vu ville Kritiker zerrass ginn, mä eigentlech fannen ech dee Film och sauméisseg interessant, wat d’Konzeptioun an d’Kompositioun betrëfft. Matrappend ass en definitiv net, mä dofir gëtt en engem eng Zort Gefill, déi eigentlech just Sofia Coppola Filmer verspriechen.
Um Venedeger Filmfestival 2010 wäert dem Coppola säin neie Film, Somewhere, seng Première feieren. Hei ass den Trailer dozou:

Ech liesen iwwerall, dass die 3. Season vun Breaking Bad sou gutt ass … ech hat an der Mëtt vun der zweeter opgehal. Schéngt, wéi wann ech der Serie dann nach eng Chance misst ginn. Wahrscheinlech awer réischt am Hierscht ;)
Ech hu gëschter nach op IMDB nom Film gekuckt, Jesus Maria wat ech mëch free’en!