An de Kommentaren zu mengem éischte WM-Tagebuch huet den Joël sech onglécklech doriwwer gewisen. Sou eppes hat ech mer deelweis schon erwaart. An dofir ginn ech da lo och senger Fuerderung no nees iwwer Filmer ze schreiwen an eng Idee ze ginn, wat een dëse Summer a Lëtzebuerg ënnerhuele kann. Eppes wat ech jidderengem recommandéieren ass dat, wat ech e Mëttwoch gemaach hunn, nozemaachen. De Witz ass: déi genial Kombinatioun war net gewollt, mä ass mer spéider réischt bewosst ginn.
Als éischt sinn ech no fënnef Joer nees eng Kéier op Klierf gefuer fir mer dem Edward Steichen seng faszinant Fotosaustellung “Family of Man” ukucken ze goen. Während d’Fotoen natierlech immens sinn (ech sinn keen Expert doran), ass dat wat mech am meeschten dru begeeschtert natierlech d’Kompositioun wéi d’Fotoen nieftenee gesat ginn. Eng Foto ka brillant sinn, all d’Fotoen niefteneen kënnen engem den Otem huelen. Dat ganzt huet ouni Zweiwel eppes Poetesches, an et erënnert mech un eng vu menge léifsten Zeenen aus Das Leben der Anderen an där et ëm d’”Sonate vom guten Menschen” geet. Wien “Family of Man” gesinn huet, a verstan huet, kann eigentlech kee schlechte Mënsch méi sinn. Well en d’Schéinheet an d’Faszinatioun vum Wiese Mënsch op dem Hannergrond vun engem Planéit, dee sech permanent beweegt, erkenne muss.
Dass ech Owes als éischt dem Alfonso Cuarón säin Children of Men an dunn säin Y Tu Mamá Tambien gekuckt hunn, war net geplangt, mä éier spontan. Dass ech mer domat awer e gewësst Leitmotiv fir den Dag ginn hunn, ass mer séier kloer gewiescht. Och beim Cuarón setzen sech Biller zesummen, déi alleng geholl interessant sinn, mä zesummegesat eng Kraaft entwéckelen, déi sensationell ass. Et ass genee sou wichteg ze kucken, wat an der éischter, wéi an der zweeter Rei geschitt – well de Cuarón a senge Filmer ëmmer e gewëssen Humanismus ausdréckt, an deem en Respekt fir de Mënsch huet an de Wäert vun all Persoun wëll eegestänneg behandelen. Et muss net alles awer beim Cuarón a Bild a Wuert ausgedréckt ginn, villes gesäit ee just wann ee genee, oder och zwee Mol hikuckt.
An dach, ass de Message vun enger schéiner Mënschheet, déi et ze erhalen a verbessere gëllt an den dräi Saachen evident egal wéi subtil oder eendäiteg se et heiansdo weisen. Wann der eng Kéier Zäit hutt an net wësst wat ze maachen, setzt iech an den Auto, fuert op Klierf, fuert rëm heem a kuckt déi Filmer. Dir wäert et net bereien.

Ech hat och zoufälleg d’läscht Woch fir d’éischte Kéier den Children of Men gesin a muss soen, dat ass en immense Film. Di ganz Mise en scène ass fantastesch a besonnesch di laang Kamerfahrten ouni Schnatt hu mech beandrockt. Besonnesch di Szene, wou se am Bësch am Auto setzen a vun alle Säiten ugegraff gin, dréit d’Kamera 360° ronderem, wat en immensen Effekt ass. Oder géint der Schluss, wou während enger Zäitchen Bluttsprëtzer op der Lëns hänken. Subtil, mee effektvoll.
D’Family of Man wollt ech mer am Juli oder August nach ukucke goen, éier se am September fir eng Zäitchen zou gemat gëtt.
Hues de de Making-of vun der Zeen am Bësch gesinn? Sensationell.