Et ass net, dass ech liddereg gi wier. Ech hu just momentan vill ëm d’Oueren (a fir déi, déi mech kennen, wëssen, dass do rëm vill Plaz ass). Dofir sëtzt de Blog momentan wéi e klengt Weesekëndchen um Internet.
An dofir ass et mir och véier Deeg laang entgaangen, dass et zwee nei Songs vun Arcade Fire um Internet ze lauschteren gëtt, déi sech “The Suburbs” an “Month of May” nennen, an natierlech zockerséiss sinn.
Béid si well als 12″ Duebel-Single verëffentlecht, an stellen déi éischt Auskopplung vun hirem drëtten Album The Suburbs duer. De Sound ass hei anescht wéi op den éischten zwee Albummen. Et mierkt een, dass se eppes neies probéiere wëllen. Hoffe mer, dass sech dës Qualitéit iwwer de ganzen Album zitt, dann dierft eigentlech näischt schif lafen.
A well ech lo och endlech eng Méiglechkeet hunn dat hei ze weisen, wäert ech gekonnt zum Eurovision Song Contest iwwergoen (wou ech effektiv zu Däitschland gehalen hunn, Grommel). Do gëtt et nämlech eng super Versioun vun Arcade Fire vu “Poupée de cire, poupée de son” vum France Gall, wat 1967 mat deem Lidd fir Lëtzebuerg de Grand Prix gewonn huet. Lauschtert eran:

Also ech hun drai Arcade Fire-Alben doheem am Regal, wier dat hei da lo nit dee 4.? Fir de Rescht gefällt mer dat do gutt, klengt aanescht mee schéin.
Nee, deen drëtten. Dat éischt ass keen Album, mä eng EP.
Ok :)
Schéin.