Ech haassen Posts wou een muss laang ufänken ze zielen bis een op de Punkt kënnt, mä hei gett et keen anere Wee. Dofir hunn ech awer de Post mam beschten Titel op Pianocktail geschriwwen. Außerdeem leen ech mech och nach mat Musek- an Filmfans un, dat schlëmmsten Pak säit Apple-Fans.
Gi mir zrèck an d’Joër 1985 op Manchester. Den Ian Curtis ass säit 5 Joër dout, dem Tony Wilson säi legendären Club The Haçienda wor schon dräi Joër op, Punk wor an enger Post-Ära, a suguer Post-Punk wor Post. Post-Post-Punk souzesoë. D’Band The Smiths em hiere Sänger Morrissey huet duermols déi ikonesch Single How Soon Is Now? rausbruecht. Fir déi, déi et net kennen: hei
Den Morrissey, asexuell wéi en ass, ass ee vun deenen groussen Romantiker aus der méi rezenter britescher Musék, an sou ass How Soon Is Now en musikaleschen Ausdrock vun Alleng-Gelooss-Sinn, Hoffnung an Verzeiflung. D’Zeil “I am human and I need to be loved / Just like everybody else does” gëllt als Bild vum Verluersinn, als Metapher fir Klengsinn an als Rechtfäerdegung fir Mannerwäertegkeetsgefiller.
Kuriéiserweis gëtt et en Cover vun How Soon Is Now vum russeschen Duo t.A.T.u.
t.A.T.u. hunn als Markenzeechen dass si mat hierer angeblecher Homosexulitéit kokettéieren, zur Freed vun eeleren Männer an jonken testosteroniwwerluedenen Borschten. Dovunner oofgesinn spille si ganz bewosst mat hieren lolitahaften Behuelen, hierem schoulmeederchershaften Ausgesinn an allem wat Männer jo anscheinend gutt fannen. t.A.T.u. sinn e Männerprodukt.
Dass si d’Smiths coveren ass net Subjekt vun dem Post hei. Ech fannen d’Coverversioun selwer net iwwel, mä dat Lidd gehéiert vläit besser einfach ongecovert, ech géing d’Original an dem Fall emmer viirzéihen.
Souvill zu How Soon Is Now. Elo zum Closer, dem Mike Nichols senger 2003er Verfilmung vum gläichnamegen Stéck. De Plot wëll ech net erklären, mee et kennt zu der Szene wou den Clive Owen an engem Stripclub dem Alice/Jane begéint (gespillt vum Natalie, hach), enger aler Femme Fatale vun him. Hei den Auszuch fir ze verstoën wat da geschitt
De Clip kann an zwee Deeler ënnerdeelt ginn. En Obstieg an e Fall. Den Obstieg gëtt doduercher définiéiert, dass den Owen als bezuelenden Client d’Portman dominéiert, kommandéiert an kontrolléiert. An der Halschent fänkt den Owen un hat ze agresséieren, mee hat bleift standhaft. Hien kann d’Agressiounen weiderhinn obrecht erhaalen, mee hat sëtzt méi stramm dogéint. Wat hien schléisslech zum aknécken zwéngt, hie kann net anecht a fänkt u mat kräischen.
Dat ganzt gëtt musikalesch parallel illustréiert: Um Ufank leeft Smack My Bitch Up vun The Prodigy. Dee Moment wou hien brécht leeft How Soon Is Now vun de Smiths. D’Metapher brauch ee jo kengem ze erklären.
An lo zu mengem Punkt: Ech behapten, d’Cover vun t.A.T.u. hätt dem Film ob där Plaz zu enger weiderer Déift verhollef. Natierlech ass et legitim, The Smiths ze spillen, aus e puer Grënn: The Smiths sinn d’Generatioun vum Clive Owen, an verkierperen dohier seng Generatioun am Strip Club. Dovuner oofgesinn wor de Club, laut Owen, éier dass et en Stripclub ginn ass e Punkclub. Dat ass als Parallel ze gesinn ob d’Zäit an däer d’Smiths grouss gi sinn, wou Punk riwwer wor.
Mee: t.A.T.u wier dee besseren Choix gewiecht. De Song bleift a senger Bedeitung dee selwechten an funktionnéiert weiderhinn als Metapher fir dem Clive Owen säi Verloscht, seng Einsamkeet an seng Ängscht. Mee nach méi: Den Album wou d’Cover drop wor heescht 200km/h in the wrong lane. Hei ass e weideren Hiweis, dass dee Schrëtt falsch ass, wat sech am Film och sou rausstellt, den Owen gëtt obsédéiert. Dovunn oofgesinn spillt d’Portman mat sengem Ausgesinn, senger Onschold an ass trotzdem einfach eng domm Sau. Genee dat gëtt och an der Musék vun t.A.T.u verkierpert, genau dat ass dat woufir si stinn, an et hätt am Film als Projektor fir dem Portman seng Roll funktionnéiert.
Dofir fuerderen ech en Neischnëtt vum Film, wou d’t.A.T.u.-Cover d’Smiths Original ersetzt.

Natalie Portman ass wierklech e schéint, hues e gudden Goût Thorben. ;-)
Ok, daat steet lo 4 Deeg hei an et huet nach keen et gesoot.
“Firwat et ee Fall gëtt, an deem russesch Halleflesben besser sinn wéi d’Smiths aus Manchester” ?
Ech kann der do 20 Fäll nennen, ouni laang mussen ze iwwerleen.
De Witz ass net gudd, mais en misst gemaach gin. Dir wesst ech. Ech wees et. Bedanken kennt der iech mei speit.
*Dir wesst et.
Et mierkt een, dass deng Examen och well endlech riwwer sinn.
Jop. Ausserdem war deen Kommentar ze schreiwen daat éicht waat ech nom Opstoen gemaach hun. Muhahaha
Ech ka mer dann och denken wat dat zweet wor, wat’s du nom Opstoen gemaach hues.