Ech muss zouginn, dass ech réischt relativ spéit op de K’naan, e kanadesche Rapper mat somalesche Wuerzelen opmierksam gi sinn. Säi Lidd “Wavin’ Flag” hat ech allerdéngs scho kannt, sou wéi wuel déi meeschte Leit, doduerch, dass ech d’Reklamm vun engem net onbekannte Brausegedrénkshiersteller gesinn hunn, an där d’Lidd spillt.
Lo ass d’Originalversioun vum K’naan awer eppes anescht, wéi d’Coca-Cola Reklamm ee wëll gleewe loossen. An zwar geet et an “Wavin’ Flag” ëm Krich, Gewalt, an d’Iwwerliewen. An dem “Celebration Mix”, wéi déi schéin Versioun fir d’Fussballweltmeeschterschaft heescht, sinn dës Elementer, naja, zimlech komplett verschwonne.
Mir vergläichen also. D’Album-Versioun vum K’naan sengem 2009er Album Troubadour:
An déi Versioun, wéi se Coca-Cola an d’Fifa fir passend fannen:
Hmm… Gesitt der wat ech mengen? Dass d’Fifa sech net géif am offizielle Lidd vun der WM zu der permanenter Kritik un dem Tournoi en vue vun dem Misär, deen um afrikanesche Kontinent herrscht, äussere géif, dierf kaum iwwerraschend sinn. Dass se allerdéngs den onwahrscheinleche Culot hunn e Lidd ze huelen, dat sech mat genee dëser Thematik ausernee setzt, an et sou ze Recht ze béien, dass et eng Feierlaun verbreet, hätt ech mer awer och net denke wëllen. Dass de Kënschtler do matmécht, ass engersäits natierlech suspekt, anerersäits wier e blöd sech dës Chance zu allgemenger Opmierksamkeet entgoen ze loossen.
An dann gëtt et do nach eng drëtt Versioun, an där meng ganz perséinlech Spezien, will.i.am an David Guetta sech zesumme mam K’naan u sengem Lidd vergräifen. Während do den Text rëm méi no un dat erukënnt, wat et um Ufank war, ass et awer eng aner, bësse komesch Versioun.
Mä läuschtert selwer:


Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.