Et ass Sonnden nomëtteg an et ass langweileg zu Heidelberg. Kee gutt Wierder fir raus, ze faul fir eppes ze léieren, also maache mer mol Äerdbier-Molbier-Crème an hannerloosse mol rëm eng kéier eppes um Nocki. Eppes vun allem.
Ugefaang gëtt bei engem léiwe Mënsch deen allerlee zum Thema Léift mécht; Streetart, Fotoen a Biller. Iwwert hee selwer ass nit alt zevill rauszefannen well seng Biographie nëmmen vu sengen Erfahrungen an deem Beräich erzielt, mee ech huelen un en ass Spuenier, a seng Saache sinn immens flott (wann och deelweis bëssen cheesy). Hee nennt sech Brusse an hei kennt der iech ukucken wat hee sou zwafft. Dat hei ass iwwregens meng Lieblingsfoto vun him.

Weider geet et mat e bësse Literatur, an zwar mam Jonathan Safran Foer. Wei der schon all wësst hunn ech heen a seng Bicher, wat a wei hee schreift immens gär. An hei krut ech eng Kuerzgeschicht vun 2002 vun him geschéckt déi ech, wéi alles vun him, immens fannen. A PRIMER FOR THE PUNCTUATION OF HEART DISEASE.
Dann well ech iech nach e Video weisen deen ech immens flott fannen, vun der schwedescher Band Little Dragon. Si komme vu Göteborg a maache schéinen Trip-Hop. De Video ass wonnerschéi gemaach vum schwedesche Kënschtler Johannes Nyholm. An d’Lidd, Twice, hun ech mëttlerweil scho sou dacks gelauschtert dass et mer scho bal op d’Nerve geet. Awer nëmme bal.
Zu gudder läscht nervt den Thorben mech scho säit engem Mount ech soll mol hei vum Play-Doh Village erzielen, deem Tumblr dee mer säit bal zwee Méint hunn. Ech war jo scho mi laang fuerwetzeg wat sou cool un dem Konzept wier a wéi ech dunn dës Foto a mengem Reader hat hunn ech mer geduecht ech misst och mol all di Fotoen, Zitater, Videoen a sou weider déi ech sou fannen an dei mer gefalen a sou en Tumblr paken. Den Thorben hunn ech zum Co-Tumblr ernannt. A voilà, dat ass en. A well eis de Konzept vum Tumblr sou gefällt, huet den Thorben dunn virun enger Woch nach een opgemach, fir eppes fir d’Reputatioun vu Bären ze maachen. Hell Yeah, Bears!


Ach Fräulein, was soll man da noch sagen…die Fotos sind lustig, das Lied ist geil und bei Hell Yeah,Bears! musste ich auch grinsen. Toll! Dankeschön