Alete-Baby-Nahrung. De White an der Stad. Pedro Almodovar Filmer. Lady Gaga. Renaissance-Konscht. Bonsai kitten. Dat si just e puer Saachen aus der Kategorie: Dat kéint mech net manner interesséieren.
Eng aner Saach - an ech weess dass de Chris do mat mir net d’Accord ass – déi mech net interesséiert ass Fussball.
Ech hunn awer grad gesinn, dat St. Pauli quasi opgestiegen ass. An dat huet mech dann awer e bësse frou gemaach, well ech St. Pauli mat Leidenschaft an Männerfréndschaften verbannen, an virun allem mat der Schéinheet, zesummen ze verléieren. An net wéi Bayern-Fans ëmmer nëmmen ze gewannen. An genee dovunner handelt dem Thees Uhlmann säi Lidd “Das hier ist Fußball”. An als klengen Tribut u St. Pauli wëll ech dat mat Iech deelen.

Ha! Bonsai Kitten!
Ass déi ural Këscht och erëm do?
Dat war een vun deenen éischten Hoaxen op den ech bal eragefall war. :-)
‘T war keen Hoax, meng Bonsai-Kitten lieft nach. Hm.