Just eng Klengegkeet, déi ech grad gesinn hunn. Beim vum Jean Nicolas diktéierten Artikel (mir erënneren eis) an der Wikipedia iwwert den … Jean Nicolas … steet folgendes:
…Nodeems en als jonke Journalist deemools nach beim Républicain Lorrain an duerno als Chefredakter beim Lëtzebuerger Journal geschafft huet…
Um Wikipedia-Artikel iwwert de Lëtzebuerger Journal sinn folgend Leit als Chefredakter obgelëscht:
-
- Albert Hoefler, 1948-1950
- Camille Linden, 1956-1962
- Jos Anen, 1964-1985
- Rob Roemen, 1986-2005
- Claude Karger, 2005-
Ech wëll jo lo net pingeleg sinn, mee do feelt en Numm, oder? Et ass spéid, mir hunn awer bei der Wikipedia an beim Journal Ufroën gestallt. Mol kucken wat kënnt.
Update: Wei de Claude Karger, aktuellen Chefredakter vum Journal mir grad bestätegt huet, ass déi Informatioun korrekt, den Artikel an der Wikipedia domat mangelhaft. Hie konnt allerdéngs net confirméieren, wéini dat wor.

Exzellent! Thumbs up :)
Gudde Moien,
Ech hunn dat Ganzt mol op der Wikipedia nogekuckt. Do goufen och schonns Commentairen iwwer dem Thorben seng Interventioun gemaach. Op jiddwerfall kann een do erausfannen, datt eng Quell wat de Chefredakter betrëfft schonns beim éischten Edit vum Artikel zitéiert gouf, an zwar de Luxemburger Lexikon, wou et op Säit 318 ze fannen ass. De Romain Hilgert an ”Zeitungen in Luxemburg 1704-2004 gëtt iwwregens déiselwecht Datummen un. Iergenwéi schéngt bei dem ville Verbesseren an deem Artikel awer den Datum verluer gaang sinn.
Et gouf anscheinend och mol e Mataarbechter Thorben op der lëtzebuergescher Wikipedia, deen tëscht 2004 an 2008 aktiv war.
Wann all déi lëtzebuergesch Wikipedianer souvill opweises hätte wéi deen, da wieren nach keng 50 ordentlech Artikelen do. Jiddwereen dee wellt kann dat selwer op der Wipidedia nokucken.
D’Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch kann och nëmme besser ginn, wa Leit aktiv matschaffen, amplaz destruktiv Gespréicher ze féieren.
Et sief drun erënnert datt all déi Leit déi do matschaffen, dat fräiwelleg maachen, a probéieren hir Assoen sou gutt wéi méiglech mat Quellen ze beleeën, wat am Artikel Jean Nicolas, vum Mataarbechter Zinneke, wéi en den Artkel ugeluecht huet respektéiert gouf. Hien huet am Commentaire beim Uleeë vum Artikel d’Quellen zitéiert. Et brauch een dofir nëmmen an de Versiounshistorik kucken ze goen.
Datt am Artikel vun der Lëtzebuerger Zeitung, de Jean-Nicolas net opgezielt gouf, ka ganz gutt dru leien datt deen Artikel virun deem vum Jean Nicolas gemaach gouf, an deemols déi Informatioun, net do war. Ech uelen un dat E puer Wikipedialeit dëse Blog am A hunn, an dat nach nohuelen.
Et feele jo och nach aner Redakteren op där Säit. Fir wat huet den Thorben déi net anengems nogefrot, a se dann an der Wikipedia bäigesat. Et ass wierklech méi einfach ze meckeren, wéi et besser ze maachen.
Wat d’Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch ugeet, kann ech just nëmme soen, datt bei deem Grappvoll Leit déi do matschaffen, se vis a vis vun anere Sproochen, déi vu Millioune Leit geschwat ginn, relativ vill opweises huet. Si steet net ëmsoss an der Wikipedia-Statistik vun den Artikelen par rapport zu Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen op éischter Plaz.
P.S, Ech liesen elo grad datt hei uewendriwwer folgendes steet:
Wei de Claude Karger, aktuellen Chefredakter vum Journal mir grad bestätegt huet, ass déi Informatioun korrekt, den Artikel an der Wikipedia domat mangelhaft. Hie konnt allerdéngs net confirméieren, wéini dat wor.
Ech froe mech wéi den Artikel an der Wikipedia, da mangelhaft ka sinn, wann mol bei der Zeitung selwer keng Méiglechkeet besteet fir erauszefanne wéini dat war.
Ech mengen der trëppelt Iech selwer hei an d’Féiss, an Dier gesitt dann och vläicht datt et guer net esou einfach ass Recherchen ze maachen, an u valabel Informatiounen ze kommen.
Wa jidderee viru senger Dier kiert, ass Paräis an 10 Minutte propper.
Eieiei. Also eent nom aneren.
-
Mäi Verständnis vun der Wikipedia ass dass Fakten mat Referenzen an de Foussnouten beluecht ginn. Wanns du dir dei daitsch Kolleegen ukucks (Beispill: http://de.wikipedia.org/wiki/Die_Zeit) dann gesäis de, dass do an de Foussnouten d’Referenzen ugi sinn, fir dat se liicht ze fannen sinn, an net dotëscht verluer ginn. Fir dass Leit kënnen d’Informatiounen einfach preifen.
-
Dat ech tëscht 2004 an 2008 aktiv wor as net wierklech wouer, ech wor 2004 ganz kuerz aktiv bis ech den Interessi verluer hat. Mee och dono hunn ech nach Minor Edits gemaa.
-
Dat d’Informatioun ob der Wikipedia mangelhaft ass ass keng Beleidegung, mä e Fakt, an domat soll sech keen ugegraff fillen.
Wei den Artikel ka mangelhaft sinn ass einfach erklärt: Mangelhaft bedeit eppes wat Mängel huet. E Mangel ass definieiert als “Nichtvorhandensein einer Sache”.
Et feelen Chefredakteren, dat ass e Mangel, also ass den Artikel mangelhaft.
-
Dass beim Journal keng Informatiounen ze kreien sinn, ass net ganz extra, mee mecht den Artikel awer net besser. D’Fro ass gewiecht: Firwat kennt dei Inkonsistenz. Äntwert: Well de Journal Artikel net komplett ass. Fro beäntwert. Dass sech lo Leit getrëppelt fillen ass net gewollt an onneideg.
-
Firwat ech d’Informatiounen net an d’Wikipedia setzen? Well meng Recherche mangelhaft ass, an ech net well mangelhaft Informatiounen an d’Wikipedia setzen. Den Interessi hei wor net d’Chefredakteren vum LJ ze fannne, mee de Fakt ze Iwwerpreifen ob de JN Chefredakter bei selwechtem wor. Dat ass eis gelongen.
Besser Informatiounen hu mir net, an mir behapten nit dass mir se hätten.
Moien,
Soulaang wéi et keng zouverlässeg Quell gëtt, datt den Nicolas Chefredakter war, wäert am Artikel vum Lëtzebuerger Journal wuel kaum eppes verbessert ginn, well do ass den Anen zur selwechter Zäit opgefouert. Déi zwéi kënnen et kaum zur selwechter Zäit gewiescht sinn.
Datt de Karger net weess wéini datt et war, schéngt mer och eng ganz komesch Saach ze sinn. Déi hate jo keng 5.000 Chefredakteren, a fir sou ee Mann, misst dat eng einfach Saach sinn, fir dat nozevollzéien. Dat ass eng zweet Ursaach firwat datt um Chefredakter ka gezweifelt ginn. Am Artikel iwwer de Jean Nicolas stinn déi Foussnoten. Den Hilger deen eng Eminenz op deem Gebitt ass schreift nämlech ni vu Chefredakter.
Mä zréck zum Artikel iwwer de Lëtzebuerger Journal.
Do steet an der Vedette dat heiten:
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen.
Dat heescht datt sech d’Mataarbechter vun der Wikipedia wuel bewosst sinn datt den Artikel net komplett ass.
Dat geet villen Artikelen op de Wikipedien an all Sprooch esou.
Op der Wikipedia schreift jidderee no sengem beschte Wëssen, an soulaang wéi dat net falsch ass, ass et an der Rei. Datt an Artikele Saache feelen, an där ginn et der méi wéi genuch, ass och bekannt. Mä vu datt d’Wikipedia eng lieweg Enzyklopedie ass kommen all Dag Informatiounen derbäi.
Et gëtt esou vill Schreiffeeler datt et bal onméiglech ass, se all ze verbesseren. Mä ass et der Wikipedia hir Schold wa Lëtzebuerger hir Sprooch net kënne richteg schreiwen? Ech mengen net.
Op der anerer Säit ass et esou datt wa jiddwereen, deen net richteg schreiwe kann, ni eppes geschriwwen hätt, a wann all Artikel vun Ufank u misst 100% komplett sinn, da stéingen der nach net vill do.
Do hat emol een en Artikel mat dem Lemma ‘’Binz ‘’ ugeluecht, an zwar mat dem heite Saz :
Binz ass eng daitsch Firma, déi ganz normal Autoen zu Arméiautoen, Doudelueden, Stetchlimosinen, Policeautoen an Ambulanzen embaut.
An deem Aarmut vun Artikel stoungen aleng 5 Feeler dran. Dat sinn iwwer 29 %.
No en etlech Edite goufen do e puer Feeler verbessert. Lëschteg ass allerdéngs datt déi Autoen zu Doudelueden ëmbauen.
Et ass och ni eppes an deem extrem mangelhaften Artikel derbäikomm.
Wien e geschriwwen huet brauch ech sécher net nach ze soen.
Wéi gesot fir d’éischt viru senger eegener Dier kieren, an net eng Kommunautéit vu Fräiwëllegen mat Virwërf vu Mangelhaftegkeeten diskriminéieren, wann een et selwer mol net fir fënnef Sou besser kann.
Fir op engem Blog dann ze behaapten et wier engem eppes gelongen, wat nach guer net sou honnertprozenteg ass, dofir muss ee schonn ee ganze Pak Eegenzefriddenheet hannert den Oueren hunn.
@Den Tedektiv:
Zu alleréischt mol eppes: ech denken et dierft kloer sinn, dass mir hei bei Pianocktail d’Wikipedia gär an oft benotzen an se eigentlech wonnerbar fannen.
Wat hei geschitt ass, ass, dass den Thorben menger Meenung no déi falsch Iwwerschrëft gewielt huet, vue dass se e bësse räisseresch kléngt, wann herno just een Beispill dofir do ass.
D’Fro, déi sech wuel gestalt gouf, wéi ech unhuelen ass déi, déi mir eis schon am ugangs verlinktenen Artikel gefrot hunn, an zwar: a wéi wäit huet d’Wikipedia sech vum Här Nicolas beaflosse gelooss, an ass eventuell vun him net richteg informéiert ginn. Den Artikel iwwert de Lëtzebuerger Journal hätt dee Moment nogeluecht, dass dëst an deem Fall sécher geschitt wier.
Dass dëst net de Fall war, hu mer jo du selwer rausfonnt, an deem s mer beim Journal nogefrot hunn. An natierlech hätt een dat vläicht solle maachen, virun deem den Artikel publizéiert gëtt, an dee Moment einfach op der Wikipedia déi Informatiounen weiderginn.
Den Thorben huet et gutt gemengt, mä ass iwwer d’Zil eraus geschoss. Trotzdem wëll ech nach emol widderhuelen, dass eng gewësse Skepsis un dem Artikel iwwert den Jean Nicolas a seng Entstehungsgeschicht ubruecht si sollt.
Fazit: Wikipedia-Artikel iwwert de Journal ass mangelhaft. A genee sou ass den Pianocktail-Artikel iwwert de mangelhaften Wikipedia-Artikel iwwert de Journal mangelhaft.
René, ech weess net genee wat do bei dir lass ass.
Dat ech duermols ob der lëtzebuerger Wikipedia am Ufank iwweräifreg wor an dono net méi vill gerappt hunn ass e Fakt, deen ech nie bestreiden. An ech weess net, wat de Punkt ass, diens du domat wëlls man. Wann et ass, dass ech d’Wikipedia réicht kritiséieren dierf, wann ech do e fläissegen Auteur sinn, dann kann ech domat net averstan sinn. Oder bass du op engem Feldzuch? Ëmmerhinn dréis de net zur Diskussioun bäi. Oder wanns du dat als Wikipedianer besser versteess: Entsprécht dat den Relevanzkriterien? Wahrscheinlech grad sou wéineg wéi enger däitscher Firma, déi Doudelueden baut.
-
Wann d’Matarbechter vun der Wikipedia sech bewosst sinn, dass den Artikel net komplett ass, dann froen ech mech emsou méi, firwats du dech um Wuert “mangelhaft” stéiers. Well Skizz ass an deem Sënn jo just en aaneren Ausdrock fir “mangelhaften Artikel”.
-
Ech behapten, dass ech fir mech dee Fakt dass de JN Chefredakter bestätegt hunn. Aus 2 onofhängegen Quellen. An dann brauch ech keng Egenzefriddenheet, mee e bëssen Verstand, well wann 2 Quellen dat selwecht behapten, dann kann een dat mengen ech sou gleewen.
-
Wanns de wëlls, dass mer den Titel änneren vum Artikel, schreif eis eng Propos an mir kënnen dat man. Du miss jo awer aal genuch sinn, fir ze ënnerscheeden obs du ugegraff gëss oder ob Kritik un der Wiki ausgeübt gëtt. Net méi spéid wéi haut wor am Spiegel en Artikel doriwwer, dass ganz vill Wikipedianer genee dat net differenziéieren kënnen, an dofir dat ganzt sech an Metadiskussiounen verleeft. Fernsehturm. An dofir nach eng Kéier: Kënnen mir eis w.e.g. ob d’Diskussioun konzentréieren, amplaz hei Ressentimenter auszetauschen?
@ Chris,
Gudde Moien,
Et ass schéi vun Iech datt der wëllt, déi zwou Positioune géinteneen opweien an Är Meenung ass och an deem Sënn ganz korrekt.
Ech menge mer hu just zwou verschidden Usiichte vu mangelhaft an enger Enzyklopedie.
Wann an engem Enzyklopedeschen Artikel, déi relevant Tatsaache stëmmen, kann en net méi als mangelhaft duergestallt ginn. Wat doriwwer erausgeet sinn nach just gratis supplementaire Informatiounen, déi et just an enger lieweger online-Enzyklopdie wéi der Wikipedia gëtt. Wann een z.B. Biographien a Wikipediasartikelen mat deemselwechte Lemma an aneren Bicher-Enzyklopedie vergläicht gewënnt d’Wikpedia an 99,9 % vun de Fäll haushéich. Et géif dofir awer kengem Wikipedianer afalen, déi aner Enzyklopedien als mangelhaft duerzestellen.
An dësem Fall vum Lëtzebuerger Journal brauch een z.B. deen Artikel nëmme mat der Informatioun ze vergläichen déi am Luxemburger Lexikon steet. Do steet an der lëtzebuergescher Wikipedia op d’mannst fënnefmol souvill. (318 Wierder géint 60 beim Luxlex). Et géif awer duerfir keen dem Hausemer schreiwen, seng Informatioune wiere mangelhaft.
Et gëtt där Beispiller nach e sëllechen a ville Wikien an a ville Sproochen. Sinn dofir déi aner Enzyklopedië mangelhaft. Dat misst een dann emol dem Larousse, dem Robert an der Britannica soen.
Wat mech perséinlech awer am meeschte gefoxt huet, dat ass datt den Thorben, dee selwer mol op der Wikipedia aktiv war, an deen den äusserst mangelhaften Artikel ”Binz” fabrizéiert hat, de Culot huet der Wikipedia Mangelhaftegkeet virzewerfen. Wa jiddwreen op der Wikipedia esou Krëppelartikele géif schreiwen, da kéint ee wierklech vu mangelhaft schwätzen. Der kënnt iech deen Aarmut roueg ukucke goen, an Iech Är eege Meenung doriwwer maachen. Vläicht huet den Thorben och e souvill Courage fir deen Artikel selwer an eng enzyklopesch Form ze setzen, an e bësselchen opzefëllen, well dee Grappvoll Mataarbechter deen et op de lëtzebuergescher Wikipedia gëtt, kann net alles maachen.
Fazit vun dëser ganzer Diskussioun ass fir mech, datt wann dee Quantum vu Wierder déi hei geschriwwe goufen, an der Wikipedia an iergendwellechen Artikele derbäi komm wieren, den Notze méi grouss gewiescht wier, a vläicht e puer sougenannte Mangelhaftegkeete manner do wieren.
Mat frëndlechem Grouss.
Den Tedektiv.
René:
Ass well ech en Krëppelartikel dien ech mat 17 fabizéiert hunn meng Mündegkeet verluer? Dat huet näischt mat Culot ze dinn, wann een Mëscht gebaut huet, haut bei der selwechter Institutioun mangelhaft Fakten festzestellen. Dat ass, wéi wanns du de Lëtzebuerger Schoulsystem net dierfs kritiséieren, just wells de ob 5e duerchgefall bass (jo, net alles wat hinkt ass e Verglach)
-
Jo, och aner Enzyklopedie si mangelhaft. An ech denken, dass een sech och net misst a villem vidrun hidden dat dem Robert, der Britanica an dem Larousse ze soen. Recht hues du.
-
Wats du an denger Wikipedia kéins dobäi setzen ass en Artikel deen dat Wuert Courage erklärt. An dann erklärs du mir nach eng Kéier, wat et domat ze dinn huet, en Artikel ze komplettéieren. Fir mech ass dat manner eng Saach vu Courage, méi eng Saach vun sech d’Zäit huelen. Mee ech léieren gäre bäi.
@ Thorben,
Moien, ech gesinn du schéngs zwee Wieder ze verwiesselen. Wann eppes net komplett ass, da wëllt dat nach laang net heeschen datt et mangelhafteg ass. An esou enger Enzyklopdie wéi der Wikipedia kann ëmmer eppes derbäigefléckt ginn, soulaang wéi et stëmmt kann et och stoe bleiwen. Elo sinn am Artikel vum Lëtzebuerger Journal e puer Chefredakteren dragesat ginn. Wann déi elo guer net do géife stoen, wier dann den Artikel mangelhafteg. Ech mengen net. Den Avantage wier héchstens gewiescht datt kee sech hätt kënne beschwéieren datt se net all do stinn.
Vu datts de awer selwer, sou e mangelhaftegen Artikel wéi de ”Binz” fabrizéiert has, beweist am beschte wou déi Mangelhaftegkeet hierkënnt. Ween ass un esou Artikele Schold. Déi anonym Wikipedia déi selwer näischt schreift, oder déi aner Mataarbechter op der Wiki, déi esou Saachen nach net verbessert an opgefëllt hunn.
Datt réng objektiv gesinn, nach vill ze verbesseren, an opzefëllen ass, ass gewosst. Wéi gesot, all Dag kommen Informatioune bäi, an all Dag ginn honnerte vu Feeler verbessert, a Linke gesat fir d’Wikipedia sou benotzerfrëndlech wéi méiglech ze maachen. All Dag sinn en etlech Vandalen um Wierk, déi d’Aarbecht vun anere Leit sabotéiere wëllen, wann et och meeschtens nëmmen e puer Lauie sinn, déi kleng Topereie schreiwen, awer alles dat kascht Aarbecht. Wa mer eng Kéier handfest wësse wat mat dem Nicolas senger Plaz am Lëzebuerger Land lass war, da kënnt dat och an den Artikel stoen. Dem LuxLex seng Informatioun ass net als honnertprozenteg unzegesinn, well an deem Lexikon schonns en etlech falsch Informatioune fonnt goufen, an och well den Hilger en ni als Chefredakter ernimmt. Dat ass fir d’Wikipedia Ursaach genuch, fir déi Informatioun net dran ze setzen. Mä dat Kand wäerte mer och nach aus dem Pëtz erauskréien, den Deckel ass jo nach net drop.
Op jiddwer Fall huet dat alles mat sech bruecht, datt am Artikel Jean Nicolas, mol déi verschidde Quellen opgezielt goufen, wat an deem Sënn e Plus ass.
An deem Sënn Merci fir den Ustouss.