Wéi ech et gëscht fir t’éischt gesinn hat, wollt ech et posten. An dunn hunn ech mir geduecht, dat passt dach guernet hei hinner, an ass nemmen Schadenfreude. Lo ass dat awer schon 24h hier – wat et rechtfäerdegt, awer doriwwer ze schwätzen.

Wann ee momentan op Cactus.lu geet, gesäit een dat. Mir hunn keng Informatiounen iwwert d’Zort vum Hack. Trotzdem ginn et am Internet Spueren, dass dee Mensch, dien sech elemento_pcx nennt, einfach just schlecht gemaachtenen an schlecht ënnerhaalen Internetsäiten raussicht, an iwwer Feeler an der Programméierung sougenannten Rootkits, fir iwwert de Server zum Beispill Spam ze versenden.

Et ass penibel dass no 24 Stonnen dee Feeler nach net behuewen ass, well een, wann ee Facebook kuckt, hallef Lëtzebuerg well weess, dat Cactus.lu net geet. Wann en Mataarbechter bei Cactus de Site mecht, da sollt en e Méinden am beschten mat enger Kartonskëscht kommen, da kann en nodeems en de Site gefléckt huet och gläich seng Saache paaken. Wann se eng extern Firma hunn, dierft do de Kontrakt och riwwer sinn.

Wat awer nach méi schlemm wier, wier wann d’Cactus Kaart an hier Datenbanken ob der selwechter Maschinn leien oder verbonnen sinn. Och wann een an desem Fall kann hoffen, dass den Hacker net realiséiert, wat Cactus.lu ass, well et him guernet dorems geet (soss knackt en Universitéiten, Homepagen vu Gemengen oder sou). Normalerweis ass et esou, dass Kaartensystemer wéi d’Cactus-Kaart vu spezialiséierten Firmen gemaach ginn, an dedizéiert Serveren d’Aarbecht iwwerhuelen, déi normalerweis just ob Querys äntweren, awer keng Daten richteg austauschen. Sou weess ech zum Beispill aus Kinoen, dass den Ticketing, den e-Ticketing an den Internetsite dräi onoofhängeg Systemer sinn, déi just um Niveau vum Informatiounsaustausch verbonnen sinn, awer net um Niveau vun den Datenbanken. Am schlëmmsten Fall awer géingen d’Donnéen vun Cactus.lu an der selwechter Datenbank leien, a mam selwechten User zougänglech sinn vum Internetserver vun Cactus.lu. An dësem Fall géingen däer Persoun, déi den Cactus-Server ënner Kontroll huet, d’perséinlech Donnéen an Kaafgewunnechten vun dausenden Lëtzebuergern obstoen.

Loosst eis net den Däiwel un d’Wand molen, an hoffen dass Cactus hier Cactus-Kaart professionellen Informatiker unvertraut huet, an just de Site den Stümpern iwwerlooss huet. En PR Desaster fir de Cactus sollt et allemols sinn. Och wann dat doten näischt ass, wat eng Firma kann zerstéieren. Net de Cactus.

C3L huet nach net réagéiert. Wourob waard dir, Jongen?

Update: D’Piratepartei huet en Commuiqué geschriwwen. Den Essentiel huet en Artikel doriwwer. Deen eenzegen dien bis elo net (8:22GMT, 9:22CET) fir néideg hällt sech ze äusseren ass….de Cactus. Dofir awer Scheckremisen an Auszeechnungen fir hier Léierbouwen a Meedercher. Op d’Piratepartei de Cactus wuel nach zu engem Statement fuerdert, oder ob de Cactus dat wäert ënnert den Teppech kieren, sou wéi…ach, nee, e Vergläich wier hei net ubruecht.

Update 2: Cactus huet mir grad de Communique gescheckt. Anscheinend konnten keng Userdonneen opgegraff ginn.