Pianocktail huet sech jo nawell en Numm als Watchblog gemaach, dien an villen Posts dem Groupe De Presse Nicolas jo och gehollef huet, hier journalistesch Qualitéit ze steigeren. Mir hunn trotzdem Woch em Woch d’Lëtzebuerg Privat beobacht, gekuckt an noogefuerscht. An Leit déi desen Post net wëllen liesen: D’Lëtzebuerg Privat ass vunn engem räissereschen Sensatiounsblaad zu enger zänn- an bësslouser Pobeierfatz ginn. Mä kucken mer eis d’Saach méi detailléiert un, wat gëtt et neies an der Steeseler Strooss zu Hoen?

D’Lëtzebuerg Privat huet en neien Site kritt, an si post elo all Dag Neiegkeeten. Dat ass reng strategesch gesinn en cleveren Move. Client-Bindung, héich Hitzuelen an e ganze Koup vun neies un Méiglechkeeten fir Suen ze verdéngen (déi mer natierlech hei net nennen) stinn der Lëtzebuerg Privat op. De Site benotzt den Content Management System EZpublish. EZpublish ass en oppenen CMS. Obwuel en wierklech net schéin ausgesäit, kann een mat EZpublish flott Saachen man. Allerdéngs huet d’Lëtzebuerg-Privat-Grafik-Spillschoul et net gepackt, en Site ze man, dee professionell ausgesäit. Et gesäit aus, wéi wann en 10-jähregt Kand et gemaach huet. Mä sou gesäit jo hier ganz Zeitung aus. An deem Sënn sinn se konsequent.

Well d’Lëtzebuerg Privat nach emmer net gepackt huet, propperen Contenue ze liwweren, hu se ugefang, Zeitungsartikel ze kopéieren. Wann Zeitungsartikelen aus dem Ausland en Bezuch op Lëtzebuerg hunn, ginn se kopéiert, wéi zum Beispill hei. Als Redaktionellen Bäitrag gëtt dann nach eng Fro gestallt, an schon hu mir en fäerdegen Artikel. Ëmmerhin endlech mol richtegen Contenu. Och wann vu baussen geholl. Trotzdem komplett belanglous. Fairerweis nennen si hier Quellen, an tendéieren dann dozou, wéi kleng Kanner déi eppes fonnt hunn, dobäi ze schreiwen dass si déi éischt woren, déi desen Text kopéiert hunn.

Well anscheinend bei der Lëtzebuerg Privat kee capabel ass, propper ze recherchéieren oder well hinnen keng richteg Storys afaalen, hunn se ugefaang Geriichtsreportagen ze bréngen. Dat ass soss näischt aneres, wéi dat e Schreiwerling vun der Lëtzebuerg Privat an ëffentlechen Geriichtsverhandlungen sëtzt, an doriwwer beriicht. Dat ass säi Recht. Trotzdem komplett belanglous. Dovunner oofgesinn ass de Schreifstil wierklech indikativ fir hiert Personal. Et ass net einfacht Däitsch, mee et ass falscht an schlecht Däitsch, do ass en Ënnerscheed.

Biller klauen mécht d’Lëtzebuerg Privat nach emmer, sou schégt es. Mir hunn eis seelen nach d’Zäit geholl, dat ze analyséieren. Trotzdem fënnt een an den Ausgaben Fotoen déi si selwer gemaach hunn, an professionell Fotoen. Den Ënnerscheed ass däitlech. Well och wann den Heinz Kerp, sengersäits Häuptling, laut sengem Profil an enger Fotocommunity gären Fotoen mecht, kënnt dobäi kaum eppes brauchbares raus. Trotzdem komplett belanglous.

Mëssbrauchsskandal monopoliséieren ass dann den neisten Hit. D’Lëtzebuerg Privat probéiert Mëssbrauchsaffer ze fannen déi sech mellen. Ob do philantropesch Oofsiichten dohannert stinn ass ze bezweifelen. Egal wéi, wann si dozou bäidroen dass déi Leit, déi an deser Affär Schold droen, ob legalem Wee bestoft ginn, dann ass dat okay.

D’Wäschfra ass hiert neitst Satirblad. Nodeems hiert Quizheft wuel e Feelschlag wor, an ouni grouss Obmaaches verschwonnen gedoen gouf, hunn se en Satirblaad gestart. Wat en vun klassescher Satir gewinnt ass, wéi geeschträich, intelligent an clever awer witzeg Bäiträg, feelt hei. Penibelt Kannergekritzels. Wat een dat ganzt awer méi verfollegt, wat een méi den Androck kritt, dass de Jean Nicolas just perséinlech mam Jacques Drescher well oofrechnen. Aus iergendengem Grond ass hier Internetsäit ouni Emlaut.

Ajo, an elo hunn se och nach de Manuel beklaut.