Heiansdo fannen ech jo Lëschten ganz interessant, wéi der vläicht wësst. An Ranker.com hunn eng wonnerschéin Lëscht vun de beschte bitch slaps an Filmer gemaach. An tjo, do sinn ëm puer wierklech legendär Szenen dran. Den immensen In the Heat of the Night ass d’Nummer 1 op der Lëscht. An Gott, There Will Be Blood ass e gudde Film. An do fällt mer rëm an: gläich kënnt eise Réckbléck op déi beschte Filmer vum Joerzéngt. Gläich, gläich.
[via AwardsDaily]

Eng fuerchtbar Szene aus dem There Will Be Blood, déi die ganz Absurditéit vun religéisen Fanatismus kloer mécht. Wann een eng ferme op der Bak verdéngt hätt fir nees kloer ze denken, da wier et de Béiwchen gewiescht.
Och fannen ech et net sou immens witzeg, wann e Mann enger Fra der an d’Schnëss gët, mee bon, affaire de goût …
Sou, an lo däerft der nees all ‘Grommel!’ jäitzen :)
Also, ech hunn de Film jo nëmmen eng Kéier gesinn, mee souwait ech mech erënnere kann, kritt de Béiwchen der zum Schluss nach e puer fermer an d’ Suckel ; )
Déi Zeen am Chinatown soll jo och guer nët witzeg sinn (de Film Noir ass am grousse ganzen en extrem sexistesche Genre), mee am ‘In Bruges’ ass eng Zeen dra wou de Colin Farrell eng Fra schléit, an am Kino haat jidfereen, männlech a weiblech, gelaacht.
Ieren ech mech elo, oder ass am ‘Marnie’ och nach en zimlech heftege Slap dran?
Grommel!
Et sot jo keen, dass et an der Lëscht ëm déi witzegste Zeene géif goen.
Fir genee ze sinn, kritt den “Béiwchen” zweemol eng ferme op de Bak an “There Will Be Blood” an déi do Zeen ass seng Revanche fir eng vun deene Kéieren.