D’Geschicht, wéi ech op d’Scott Pilgrim Bicher gestouss sinn, ass séier gezielt. Als Fan vum Edgar Wright senge Filmer (Shaun of the Dead, Hot Fuzz) halen ech mech natierlech gär um Lafenden, wat hien als nächst geplangt huet. Dat war lo schon zënter längerem gewosst, dass et e Film mam Numm Scott Pilgrim vs. the World ass, an dass dësen op enger Serie vu graphic novels baséiere wäert.

Well ech ëmmer méi interesséiert un der Geschicht vun de Bicher gi sinn, well déi puer preview screenings vum Film enorm erfollegräich verlaf waren, hunn ech mer se da mol besuergt. An net méi aus der Hand geluecht. D’Bicher sinn extrem liicht ze liesen, mä awer voller Referenzen fir déi, déi duerno sichen. Als graphic novel modelléiert sech d’Serie als Action-Manga, hëlt dëse Genre awer grad sou op d’Schëpp wéi Videospiller, Popmusek a soss Popkultur. Kuerz gesot, d’Lecture war wéi e fiichten Dram fir mech – sou vill schéi Saachen, iwwert déi ee blogge kéint an deene puer Säiten.
De Scott Pilgrim verléift sech an d’Ramona J. Flowers, d’wuertwiertlecht Meedchen vu sengen Dreem. Fir mat him zesummen ze kommen, muss en sech awer als éischt beweisen an zwar an deem s en dem Ramona seng “seven evil ex-boyfriends” bekämpft an zerstéiert. Dat Ganzt gëtt mat sou vill Humor an Kreativitéit behandelt, dass et engem ni langweileg gëtt, och wann den Scott schon erëm muss an e Kampf goen, deen en natierlech gewënnt. Mä vue dass de Scott selwer och genuch Ballast mat sech ze schleefen huet, eng Exfrëndin, déi verréckt no him ass, eng Exfrëndin, déi säi Bandmember ass, an eng Exfrëndin, déi säin Häerz gebrach huet, ass d’Geschicht onendlech méi komplizéiert, wéi een et lo unhuele géif. An dach awer iergendwéi net.
Mam sechste Volume kënnt an dësem Summer de leschte Band raus, an deem all déi, momentan extrem vill, Froen geléist ginn – kuerz drop kënnt dem Ed Wright säi Film. Bis dohin leeën ech jidderengem un d’Häerz sech d’Bicher eng Kéier unzekucken. Et ass derwäert, well ech nämlech sou verréckt dono sinn, dass ech well e Scott Pilgrim Desktop-Hannergrond hunn. (Hey, keen huet gesot, Pianocktail wier keng Usammlung vu bematleedenswäerte Loser! An dem Lynn.)

Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.