YouTube Preview Image

Fir d’Éischt emol muss ech mech beim Thorben bedanke, well ouni hien hätt ech dat heite wahrscheinlech verpasst. Hien haat nämlech an engem Kommentar iwwert den Oscar Liveblog geschriwwen, datt et sech nët géif lounen, eng Kino-Flatrate fir Cineworld ze kaafen. Aus rengem Interessi hunn ech dun nogekuckt wat fir Filmer am Moment am Cineworld laafen, an du sinn ech op dat heite gestouss: ‘Not The Messiah (He’s a Very Naughty Boy)’ en Oratorium vum Eric Idle, deen um Monty-Python-Klassiker ‘Life of Brian’ baséiert, leeft de 25. Mäerz (a just deen Dag) an de Cineworld-Kinoën. An net just Cineworld, mee iwwerall an Europa gët eng Opzeechnung vun dësem Oratorium äus der Royal Albert Hall mam BBC Symphony Orchestra a mat engem Chouer vun 140 Sänger an de Kinoë gewisen. A Lëtzebuerg gët dës Show (bei där den Terry Jones, de Michael Palin an och den Terry Gilliam wäerte matwierken) am Utopia an am CineBelval gewisen. Ech wollt just kuerz Reklamm dofir maachen, fir datt eis Lieser (bei deene secher eng Rei Python-Fans dobäi sinn) dësen Event op kee Fall verpasse wäerten.

(P.S.: Fir de Schülertheater am Iechternacher Lycée den 13. an de 14. Mäerz, bei deem ech dëst Joer d’Éier hunn als Co-Metteur en scène matzewierken, sinn och nach immens vill Gratis-Ticketen ze kréien. D’Stéck ass dëst Joër e franséische Mélange vum Shakespeare sengem ‘Much Ado about Nothing’ an dem ‘Midsummer Night’s Dream’. Méi Informatioune, fir déi, déi sech eventuell dofir interesséieren, gët et op der Homepage vum Trifolion zu Iechternach.)