19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.

19:46 Pizza ass fäerdeg. Lo kucken ech mol The Hurt Locker. Bis an zwou Stonnen.

21:49 Dee Film ass sou verdammt gutt. Ech denken, wat vläicht Leit interesséiere kéint, ass wéi ech generell iwwert all d’Oscar-nominéiert Filmer denken. Dofir hei mol eng schéi Lëscht, wéi ech se klasséiere géif.
1. Un prophète
2. A Serious Man
3. Bright Star
4. Fantastic Mr. Fox
5. The Hurt Locker
6. Il Divo
7. Star Trek
8. The Princess and the Frog
9. Coraline
10. A Single Man
11. Up in the Air
12. Harry Potter and the Half-Blood Prince
13. In the Loop
14. The Messenger
15. The Lovely Bones
16. The Cove
17. District 9
18. An Education
19. Food, Inc.
20. Crazy Heart
21. Julie & Julia
22. Coco Avant Chanel
23. Avatar
24. Up
25. Das weiße Band
26. Inglourious Basterds
27. Precious: Based on the Novel Push By Sapphire
28. Sherlock Holmes
De Rescht (The Blind Side, The Last Station, Nine, Invictus, The Imaginarium of Doctor Parnassus, The Young Victoria) hunn ech net gesinn.

22:05 D’Sandra Bullock kann haut en Oscar fir d’bescht Schauspillerin gewannen – gëschter huet et schon e Razzie entgéint geholl fir déi schlechteste Schauspillerin. An dat ass, definitiv zimlech cool vun him gewiescht:
YouTube Preview Image

22:08 Hei fannt der iwwregens eng Lëscht mat Links zu Livestreams fir d’Zeremonie herno.

22:22 Vill diskutéiert gouf jo déi ominéis 10 – d’Erweiderung vum Feld vun de fir de beschte Film nominéierte Filmer. Wat enorm interessant ass, an grad esou frustréierend, ass, dass se och d’Regel wéi d’Stëmmziedelen an der Topkategorie ausgezielt ginn, geännert hunn. Dat heescht et ass net méi de Film, deen no engem Wahlgang vir ass, dee gewënnt, mä et ass e preferential ballot system. D’Stëmmen, déi am éischten Duerchgang un dee Film gaang sinn, deen am mannste Stëmme krut gi verdeelt op dem Ziedel seng Zweetstëmmen. Déi Prozedur gëtt widderholl, bis dass ee Film méi wéi 50% vun de Stëmmen huet. Dat heescht am Endeffekt kann et entscheedend sinn, wéiee Film déi meeschten Zweet- an Drëttstëmme krut, dat heescht dee Film, deen duerch d’Bank am beléiftesten ass, gewënnt.

22:54 Gläich geet d’Red Carpet Show lass. Yay! Schéi Kleeder… Ech tippen, dass d’Carey Mulligan am Beschten ugedoen ass, bei den Hären dierft et wuel den Colin Firth sinn. Obwuel de Christoph Waltz…

23:08 Red Carpet Show… dat do ass nach net déck. Ech wëll Kleeder gesinn.

23:11 “The sense of a woman, it comes from inside of her.” Ech wëll wat d’Patricia Field gedronk/gesoff huet.

23:12 Et reent. D’Avatar Leit hu sech gëschter anscheinend d’Sau gestallt an engem Restaurant erzielt de Stephen Lang grad.

23:20 De Sam Worthington seet “I’m sick of seeing my face”… ech och, Sam, ech och.

23:22 “We’re seeing so much colour on the red carpet. Zoë Saldana… in her beautiful red (?) dress.” Fir ee Moment hat ech geduecht, do hätte mer scho mol e schéint rassistescht Statement gehat.

23:32 Uh, déi Fra, déi vum Sandra Bullock an The Blind Side gespillt gëtt, ass e richtege Redneck. Nice. Vice-presidential campaign 2012?

23:35 Den Jacques Audiard an den Tahar Rahim si sou cool. Ech géif gär sou en toppen Hutt undoe kënne, wéi den Audiard…

23:38 Ech gesinn den Alexandre Desplat am Hannergrond. Iwwerraschenderweis ass den Tom Ford gutt ugedoen.

23:42 “Did you have a little cry before you came her tonight?” – “Not really, no. I had a sandwich!” Den Jeremy Renner ass brillant.

23:47 Ech fannen d’Mo’Nique wierklech onsympathesch. Ech hunn Angscht, dass et den Owend Gott wäert merci soen. Ech haassen et, wann se dat maachen.

23:48 D’Diane Krüger hätt säi Rack sollen umoossen, virun deem et den Owend op de Red Carpet gaang ass. De Ryan Reynolds ass ouni d’Scarlett do, well hatt um Broadway ass.

00:00 Hu grad gemierkt, dass ech keng Kichelcher méi hunn. Panik.

00:04 Den Anthony Mackie huet Avatar gedisst. Wann een de beschte Schauspiller an The Hurt Locker war, däerf een dat.

00:07 De Lee Daniels ass mat senger Duechter do. Deen Typ ass allerdéngs sou camp, dass ech mech froen, wéi déi Fra, déi hien geschwängert huet net mierke konnt, dass e schwul ass. Fuerchtbar sympathesch, mä ech fanne säi Film guer net gutt.

00:14 D’Maggie Gyllenhaal an de Peter Sarsgaard solle vill Kanner maachen… schéi Mënschen.

00:18 De Matt Damon gesäit aus wéi de Michael C. Hall.

00:24 Den Christoph Waltz huet hoffentlech eng gutt Ried virbereed, eng déi méi BAFTA Ried a manner Golden Globe Ried ass. Ech mengen de Jacques huet iwwregens den Tiebreaker fir sech entscheed, mat sengem Tipp, dass d’Meryl Streep am beschten ausgesäit.

00:28 Ech gleewen dem Quentin Tarantino, dass e gëschter gefeiert huet, well seng Stëmm ass komplett fort. Gutt fir hien, dass en haut keng Ried hale muss. *houscht*

00:30 Den Jeff Bridges ass grad ukomm, wéi et ausgesäit. Ech sinn ëmmer rëm faszinéiert, wann ech héieren, dass hien säit 33 Joer mat senger Fra bestued ass. Hollywood ass awer net ëmmer sou e Karussell, wéi d’Leit soen.

00:34 D’Kristen Stewart gesäit rëm sou gelangweilt aus. Gott, laach, Meedchen, laach. Huel de e Beispill um Gabby Sidibe.

00:37 A wou mer grad bei Twilight sinn, den Taylor Lautner ass do an en ass net topless. Ech hat fest domat gerechent, dass en säi Sixpack géif weisen…

00:41 Nach zwanzeg Minutten bis dass et lass geet. Ech mengen de Keanu Reeves huet The Blind Side net gesinn, a war lo um falsche Fouss erwëscht ginn, wéi e gefrot gouf, wat e vum Sandra Bullock senger Performance hale géif.

00:44 Ech mengen ech hunn d’lescht Joer scho mol erwient gehat, dass et onfair ass, dass d’Miley Cyrus däerf do sinn. Grrr…

00:46 Den Gerard Butler ass grad ukomm. Hien huet iwwregen Droit u menger Universitéit studéiert. Säi Wëssen aus deem Studium huet en dunn agesat fir de Perser Gerechtegkeet bäizebréngen. Spartaaaaa!

00:49 Okay, d’Kate Winslet kéint Best Dress gewonn hunn… wow!

00:50 Et ass e bësse schued, dass d’Kate dëst Joer keng Haaptroll a mengem Liveblog spille wäert. Däerf ech sou maache, wéi wann et rëm nominéiert wier? Menger Meenung no, huet hatt all Joer e Präis verdéngt. Bescht Lieblingsschauspillerin vum Chris. Dat wier mol eng Oscarkategorie.

00:59 War op d’Toilett, nei Cola, ready to go…

01:03 Et wäert jo bal ugoen, Sky Movies, djö.

01:10 Kann et sinn, dass et réischt um halwer wierklech lass geet? Ech froe mech grad, firwat ech mer dat ni verhale kann.

01:16 Mäi Stream ass fort. P-A-N-I-K.

01:24 Am Moment leeft et. Hoffe mer, dass et sou bleift. Ech hunn am Moment näischt interessantes ze soen.

01:30 Lo geet et endlech lass. Mä SkyMovies mengen, se missten nach en blöden Clip mat fréiere Gewënner weisen.

01:31 Eng Rei nominéiert Schauspiller stinn op der Bühn. Wat dat sollt, weess ech net.

01:32 Den Neil Patrick Harris sengt an danzt. Hien ass immens, mä d’Nummer ass bei Wäitem net sou gutt, wéi dem Hugh Jackman seng.

01:37 Deen Opening Monologue ass bis well eng Katastroph.

01:40 Et gëtt net besser.

01:43 Ok, de Christoph Waltz Witz war gutt.

01:45 A vue dass d’Penelope Cruz lo de Präis fir Best Supporting Actor iwwerreescht, wäert e gläich eppes ze soen hunn.

01:47 Ech hunn d’Gefill wéi wann dat hei eng ganz laang Nuecht gi wäert, wann ech mer déi ganz Prozedur do ukucken. Mä anscheinend däerfen d’Laureate jo net méi wéi 45 Sekonne schwätzen, souguer d’Schauspiller. Ech wier schockéiert, wann et sou wier.

01:49 “And the winner is…”? Wat ass mat “And the Oscar goes to…” geschitt? Op jidfer Fall, de Christoph Waltz huet deen Oscar verdéngt.

01:51 D’Ried war kuerz… de Ryan Reynolds schwätzt grad iwwer The Blind Side. Dee Film gesäit sou fuerchtbar aus.

01:53 Reklammen. Bis well: Show schwaach. De Waltz e wierdege Gewënner.

01:56 D’Cameron Diaz an de Steve Carell si wesentlech méi witzeg wéi den Steve Martin an den Alec Baldwin. Well d’Show net funktionnéiert. Déi Rieden vun den animéierten Nominéierten si wierklech witzeg. De Fantastic Mr. Fox ass genee sou classy wéi am Film.

01:59 Up gewënnt fir de beschten animéierte Film. Sou eng Schan, well et wierklech e schwächeren Pixar Film ass, an mat Fantastic Mr. Fox, The Princess and the Frog a Coraline wierklech dräi genial Filmer mat nominéiert waren.

02:01 Ech haassen d’Miley Cyrus. Best Original Song. Ech haassen d’Miley Cyrus.

02:02 An et ass eng Frechheet, dass d’Lidder net performt ginn. Wann iech d’Lidder sou egal sinn, sträicht d’Kategorie einfach ganz.

02:05 Yes, “The Weary Kind” gewënnt. Sou e schéint Lidd.

02:06 Dass de Chris Pine District 9 ukënnege muss fannen ech eng zimlech Frechheet, vue dass hien jo a Star Trek, dem grousse “Konkurrent” wat Sci-Fi ugeet ass.

02:07 Rëm Reklammen. Martin a Baldwin funktionnéiert nach ëmmer net. Dass d’Miley Cyrus do ass, huelen ech als Beleidegung op. De Steve Carell an d’Cameron Diaz ware wierklech witzeg. Fir déi, déi et net gesinn hunn. De Steve ass an der leschter Minutt fir den Jude Law agesprong, an d’Produzenten hu vergiess den Teleprompter ze änneren. Dofir huet d’Cameron de Steve dunn Jude genannt. Et war awer dofir immens, dass d’éischt Zeil, déi de Steve sot “When you look as good as Cameron and I…” oder sou war.

02:12 Deen Typ vu SkyMovies sot grad The Hurt Locker wier “funny”. Ech hunn de Film véier Mol gesinn, an ech weess net wat hie mengt.

02:14 Firwat hosten de Robert Downey Jr an d’Tina Fey net? Genial!

02:16 De Mark Boal gewënnt fir d’bescht Dréibuch fir The Hurt Locker. Den éischte vu ville Präisser, wéi ech hoffen. PS: wéini ginn de Mark Boal an d’Kathryn Bigelow zou, dass se zesumme sinn?

02:19 Eng Montage iwwer John Hughes Filmer.

02:22 A lo schwätze Schauspiller aus senge Filmer iwwert hien. Dat do huet näischt bei den Oscars verluer, wa gläichzäiteg d’Präisser fir d’Liewenswierk net méi dierfen an der Show sinn. Déi ganz Show ass bis lo schrecklech. A lo presentéiert de Samuel L. Jackson Up a seet eppes iwwer “not real people at all” – Schauspiller si grad sou wéineg “real people” an hire Rollen wéi animéiert Charakteren. Lo ass iwwregens eng Stonn vergaang a mer si réischt duerch véier Präisser. ‘t ass ganz ustrengend.

02:29 Kuerzfilmer. Hei sinn ech lo richteg gespaant, wéi meng Tipps ofschneiden.

02:32 Mäin éischte falschen Tipp, vue dass Logorama fir animéierte Film gewënnt. Ech sinn iwwerrascht. Gutt Ried!

02:36 A mäin zweete falschen Tipp, vue dass Music for Prudence fir de kuerzen Documentaire gewënnt. Wéi d’Gewënner vun der Bühn gespillt goufen ass stillos. An direkt mäin drëtte falschen Tipp, vue dass och de live action Kuerzfilm net gewonn huet, deen ech getippt hunn. The New Tenants ass de Gewënner.

02:39 De Ben Stiller ass als Na’Vi geschminkt. Ech froe mech ob en den Tutorial op Pianocktail gesinn huet.

02:42 Natierlech ass de Gewënner Star Trek.

02:44 Den Dude presentéiert de beschte Film, deen fir de beschte Film nominéiert ass. A Serious Man. Dat ass wierklech den ee gudde Grond, dass se d’bescht Filmkategorie erweidert hunn. Lo si rëm Reklammen an ech leien an eisem Tippspill vir, hunn all d’Kuerzfilmkategorien falsch getippt an de Rescht richteg gehat.

02:48 Bescht adaptéiert Dréibuch. An de Gewënner ass Precious! Wow, ech hätt wierklech geduecht, dass den Jason Reitman hei gewënnt.

02:52 Ech gesinn, wéi se an der Regie geduecht hunn. E Schwaarzen huet gewonn, séier, weis dem Morgan Freeman seng Reaktioun. A lo ass och nach d’Queen Latifah do, et ass e fiichten Dram fir all Mënsch, deen sech fir Rassegerechtegkeet asetzt.

02:56 Uh, de Robin Williams. Gutt Ried.

03:00 An natierlech gewënnt d’Mo’Nique fir d’bescht Niewenduerstellerin. Dat war jo keng Fro. Sou eppes vu kloer. Perséinlech hätt ech d’Vera Farmiga gewielt, mä et kann ee schlecht mat deem Choix streiden.

03:02 De Colin Firth huet grad An Education presentéiet. Oh Gott, dee Mann ass sou charmant. Meng Frëndin ass verréckt no him, an ech verstinn et.

03:05 Okay, bei Sky wëssen se net wat dem Mo’Nique säi Statement iwwer “performance not politics” sollt. Erklärung: et geet drëms, dass d’Mo”Nique sech geweigert huet eng Campagne fir seng Performance matzemaachen, an dofir vill kritiséiert gouf.

03:07 D’Sigourney Weaver ass an Avatar a soll dofir net de Präiss fir Art Direction iwwerreeschen. Éierlech, wat soll dat? Natierlech huet Avatar verdéngt gewonnen.

03:10 Den Tom Ford an d’SJP iwwerreeschen den Oscar fir… na… wat wuel? Richteg, Kostümdesign. An natierlech gewënnt fir d’véierte Kéier hannereneen Marie Antoinette.

03:12 Gutt Ried vum Sandy Powell, vill besser wéi wou et seng verstuerwen Schneiderin bei de BAFTAs als “replacable” bezeechent huet.

03:16 Et ass wierklech eng Schan dass déi Leit bei SkyMovies keng Anung hunn, wien den Neil Patrick Harris ass. Setzt dach Leit dohin, déi eng Anung hunn.

03:19 D’Twilight Kanner presentéieren eng Montage iwwer Horrorfilmer. Well, dir verstitt, Twilight ass den Horror, den Horror. D’Kristen Stewart gesäit rëm aus, wéi wann et sech näischt méi langweileges virstelle kéint.

03:26 The Hurt Locker gewënnt fir Sound Editing. An domat huet sech d’Fro wien fir de beschte Film gewënnt wuel erleedegt.

03:27 An The Hurt Locker gewënnt och am Sound Mixing. Domat tippen ech, dass et nach laang net riwwer ass fir de Film den Owend.

03:30 Ech hunn zweemol op Avatar getippt gehat an dofir leien ech lo zesumme mam Céline un der Spëtzt vun eisem Oscar Pool. Dat gëtt och nach spannend.

03:35 Cinematography. D’Sandra Bullock ass top. An Avatar gewënnt do… wat leeft? Ech hunn all d’Technicals verkéiert.

03:38 In memoriam.

03:42 Hunn ech lo ee Moment net opgepasst, oder hunn se de Roy Scheider vergiess?

03:44 Déi Show ass wierklech net gutt. Bis well mëssfällt mer sou zimlech all Deel. De Sound ass katastrophal, d’Presenter si schlecht gewielt, et ass net witzeg. Insgesamt extrem, extrem enttäuschend.

03:47 Okay, mir hunn Dänzer, déi zu den nominéierten Original Scores danzen, mä keng Zäit fir d’nominéiert Songs virzedroen. Den The Hurt Locker Score erënnert mech iwwregens ëmmer un d’Musek an Dexter.

03:50 Dat do kann net hiren Eescht sinn.

03:52 Fuerchtbar. Wa lo nach Avatar gewënnt, schloen ech iergendeppes futti. Mä et ka just Up sinn, oder?

03:53 Yes. An ech fannen se solle wierklech nächste Kéier ee fannen, deen Desplat an Giacchino ausschwätze kann. Well, ech rege mech ëmmer rëm doriwwer op.

03:55 Shocker! Avatar gewënnt fir Visual Effects. The little film that could.

03:58 Wéi lächerlech ass et eigentlech, dass d’Leit déi d’Best Picture Nominees virstellen op engem Podest stinn, wat hannert de Leit an de viischte Reien ass. Ech si mer sécher, d’Meryl Streep hätt och gär den Jason Bateman lo just gesinn.

04:00 D’Reiefolleg vun de Filmer wéi se iwwregens presntéiert ginn, gëtt mir d’Gefill, wéi wa se géifen wéi an enger Castingshow rofgezielt ginn. Et feele lo nach Avatar an The Hurt Locker… Zoufall? Dee Film deen als nächst virgestallt gëtt, gewënnt net. Wetten?

04:02 De Matt Damon presentéiert d’Documentairen. Et dierfen also och wierklech Stars Präisser iwwerreeschen.

04:05 An The Cove gewënnt natierlech.

04:07 Ech hu keng Anung wien deen Typ ass.

04:09 The Hurt Locker gewënnt fir de beschte Schnëtt, mä gëtt als nächst virgestallt. Domat ass Avatar wuel de Gewënner fir beschte Film, wa meng Logik vu virdrun richteg ass. Hoffentlech ass se et net.

04:13 Den Typ bei SkyMovies huet Un prophète net gesinn, well den Tahar doranner eng Gillette an de Mond hëlt. Idioten, w.e.g. haalt op.

04:16 Ee vun de gréisste Regisseuren aller Zäiten dierf haut de Präis fir de beschten auslännesche Film iwwerreeschen. De Quentin Tarantino ass och do.

04:17 An den Oscar geet un Argentinien! El Secreto de Sus Ojos gewënnt. An domat katapultéieren ech mech un d’Spëtzt an eisem Oscar Pool.

04:23 Lo nach déi grouss Véier. Ech hunn Angscht ëm The Hurt Locker gehat. Mä mir fällt an, se hun déi Show jo konzipéiert virun deem se d’Gewënner woussten, dofir berouen ech mech rëm.

04:26 Michelle Pfeiffer, Vera Farmiga, Julianne Moore, Colin Farrell, an Tim Robbins heeschen d’Presentatoren fir de beschte Schauspiller.

04:41 Okay, dat hei war lo natierlech de richtege Moment fir mäi Firefox fir den Hick ze kréien. Den Jeff Bridges huet fir Crazy Heart gewonn, an ech hätt wierklech gär d’Ried héieren. Mä bon, et hätt net solle sinn.

04:45 Stream ass fort.

04:49 A just mat Zäit ass mäi Stream zréck, fir dass ech gesi kann, dass d’Sandra Bullock gewonn huet. “Carey, your beauty and your talent makes me sick!” D’Sandra Bullock ass sou immens. Och wann ech him nimools en Oscar ginn hätt.

04:53 Ech ginn all Kéier s rosen, wann se soen, dass Avatar den erfollegräichste Film aller Zäiten ass. Inflatioun, Kanner, Inflatioun.

04:55 Yeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeesssssssssssssssssssssssssssssssssssssssssssssssss. Wéi d’Barbra kuerz gepaust huet, hunn ech wierklech geduecht de Cameron hätt gewonn.

04:56 D’Kathryn Bigelow ass eng foxy bal 60jähreg Fra. Ech kann et ni gleewen, wann ech hatt gesinn.

04:58 Moment of truth. Den Tom Hanks verkënnegt, dass The Hurt Locker gewonn huet.

05:03 Et ass riwwer an um Schluss ass alles extrem séier gaang. An dat huet am Fong d’Kiischt op en insgesamt zimlech ongelongenen Owend gesat. Während ech mech freeën, dass mat The Hurt Locker e wierdege Film gewonn huet, war d’Show desastréis an ech hoffen d’Ratings waren net gutt, fir dass den Adam Shankman a Bill Mechanic net nach emol dierfen sech u mengem léifsten Owend vum Joer vergräifen. Ech gi lo schlofen, a stinn an net emol véier Stonne rëm op vir an eng Virliesung iwwer Literatur an Ecologie ze goen. Ech hoffen et huet iech gefall. Nächst Joer maachen ech et nees. Bis dann.