#10 THE INFORMANT!
(Steven Soderbergh)

Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.

#9 THE PRINCESS AND THE FROG
(Ron Clements, Jon Musker)

Pixar, Pixar. Pixar. Pixar? Pixar!? Disney! Jo, e Film no der gudder aler Disney Formel ass a mengen Aen ee vun de beschte Filmer vum Joer. Aus dem Fräschkinnek maachen Disney eng nei, opgepeppelt Geschicht, déi heinsdo vläicht e bëssen ze vill cool wierkt, mä een awer dat grousst Häerz vun der aler Animéierkonscht rëmerkenne léisst. Mat dem wuel emotionalste Moment vum ganze Filmjoer an deem e klenge Gléiwiermchen zu senger grousser Léift kënnt. Zauberhaft.

#8 STAR TREK
(J.J. Abrams)

Ech ginn zou virun an no dësem Film keen eenzege Star Trek Film gesinn ze hunn, a vläicht ass et och dowéinst, dass dem J.J. Abrams säi Reboot vun der Serie mech esou matgerappt huet. Packend Action, e cleveren Twist, deen de ganze Star Trek Universum op d’Kopp ze setze schéngt an eng gutt Pris Humor maachen dëst sécherlech zu engem vun de gréisste Kinoserliefniesser vum Joer.

#7 THE HURT LOCKER
(Kathryn Bigelow)

Ech weess net, wéini ech fir d’lescht e Krichsdrama gesinn hunn, dat mech esou matgerappt huet wéi The Hurt Locker – wahrscheinlech war et Band of Brothers op der Telé. D’Kathryn Bigelow huet e Film gemaach, an deem ee wierklech spiert, wéi d’Schauspiller op der Leinwand ënnert der Hëtzt leiden, den emotionalen Drock steet gräifbar am Raum, wann se Minuten ze laang mussen bei enger Bomm verharren fir se ze entschäerfen. Et gëtt ni langweileg, wéi mer ëmmer an ëmmer weider Bommen entschäerfen an doraus eng Narrativ kreéiert gëtt. Eng wahnsinneg gutt.

#6 FANTASTIC MR FOX
(Wes Anderson)

Dass de Wes Anderson och Filmer adaptéiere kann huet e mat desem wonnerbaren Stop-Motion Wierk bewisen an deem e säin verspilltent Universum mat der eenzegaarteger Geschicht vum Roald Dahl verschmëlze léisst. Och wann en sech dobäi net streng un dem grousse briteschen Auteur seng Virlag hält, sou spriechen dach Humor, Spannung an Originalitéit fir e Film, deen den Dahl sécher sou gär gesinn hätt.

#5 MOON
(Duncan Jones)

Et schéngt an de Genen ze leien, dat kreativt Talent. Well hannert dem Numm Duncan Jones verstoppt sech keen aneren wéi dem David Bowie säi Jong. An engem minimalistesche Film, dee vill méi vast wierkt, wéi en ass, dreift den Jones de Sam Rockwell zu der Performance vu sengem Liewen. Am Dialog mat sech selwer an der Roboterstëmm vum Kevin Spacey deckt en op, wéi a ville, ville Joeren e falscht Spill mat him um Mound gedriwwe gouf. Alt rëm eng originell a matrappend Geschicht.

#4 (500) DAYS OF SUMMER
(Marc Webb)

Boy meets girl. Boy falls in love. Girl doesn’t. Sou seet d’Premiss vun (500) Days of Summer a genee sou entwéckelt de Film sech och: fréi kréie mer mat wéi d’Verhältnisser sinn, an de Marc Webb léisst eis seng Geschicht éischter verstoen wéi en et senge Personnagen erlaabt. 500 Deeg hin an hir, mat Léift, Laachen, Danzen, Schmäerz a virun allem enger gudder Portioun Humor decken d’Krux vum männleche Verléiftsinn schamlos op a ginn eis eng flang an d’Gesiicht dofir, dass mer Dreemer sinn. Just fir eis duerno dofir en décke Kuss ze ginn. Genial.

#3 BRIGHT STAR
(Jane Campion)

Biopics sinn e schwieregt Genre an der Filmwelt, well se all ze oft extrem generesch riwwer kommen. Wéi gutt also, dass d’Jane Campion sech eng Geschicht hëllt iwwert déi net vill gewosst ass – dëse Spillraum erlaabt him nämlech e verzaubernde Film iwwer d’tragesch Geschicht vum John Keats a sengem Fanny Brawne ze erzielen. Et ass genee sou eng Geschicht iwwer d’Léift, wéi och iwwer Frëndschaft, Erwuesse ginn, an d’Problematik vu Klassegesellschaften an deenen d’Gléck fir déi beschte Mënschen oft einfach ze wäit weg ass.

#2 A SERIOUS MAN
(Joel, Ethan Coen)

D’Coen-Bridder haassen hir Personnagen. Déi Impressioun kritt een op mannst, wann een e Groussdeel vun hirem Oeuvre ukuckt. An A Serious Man gëtt dat Spill op d’Spëtzt gedriwwen, well de Larry Gopnik net nëmmen eng aarme Sau ass, mä u sengem Ongléck och komplett onschëlleg ass. Eng wahnsinneg clever Geschicht entsteet doraus wéi de Larry probéiert iergendwéi alles rëm sou hin ze kréien, wéi et fréier war – a scheitert. Wéi den Hiob an der Bibel ass e mat Glawenszweifel konfrontéiert – a weder hien nach iergendeen aneren gëtt verschount, wann et dorëms geet opzeweisen, dass all Guddes a Schlechtes all Moment jidderengem widderfuere kann, ouni dass et eng Premeditatioun misst ginn.

#1 UN PROPHÈTE
(Jacques Audiard)

Dass de Jacques Audiard et fäerdeg bréngt sech mat all Film ze steigeren ass opgrond vu sengen exzellente Wierker ëmmer rëm erstaunlech. Mä de Fortschrëtt vun De battre mon coeur s’est arrêté zu dëser sensationeller Geschicht an där e klengen Analphabet sech duerch seng Cleverness zum grousse Gangster entwéckelt, a lues awer sécher seng Onschold ofleet, ass phänomenal – an deet ee wierklech wonneren wéi den Audiard dat hei nach emol toppe wëll. Den Tahar Rahim an den Niels Arestrup sinn kongenial an hire Rollen als Lehrling a Mentor an no zwou an enger halwer Stonn intensem Filmkucken wëll een awer nëmme méi, méi, méi.