Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.

Coraline (Henry Selick)
Stop-Motion ass eppes, dat souguer wann et net ganz perfekt gemaach ass, awer souvill Respekt verdéngt huet, wéi soss kaum eppes an der Filmwelt. Wann et allerdéngs perfekt ass, dann nennt sech dat Coraline an ass wonnerschéin unzekucken – an eng wierklech clever Geschicht.

Duplicity (Tony Gilroy)
Et ass interessant ze gesinn, dass den Tony Gilroy fir säin éischte Film Michael Clayton fir den Oscar nominéiert gouf, an dass säin zweete Film Duplicity zimlech ënnergaangen ass, wat d’Ëffentlechkeet betrëfft. An dobäi ass Duplicity a villerlee Hisiicht de bessere Film: ëmmer spannend, novollzéibar a voller Humor.

Harry Potter and the Half-Blood Prince (David Yates)
Den éischte gudde Film aus der Harry Potter Serie zënter dass den Alfonso Cuarón sech un d’Aarbecht gemaach hat, gehéiert gewierdegt. An och wann et am Endeffekt Popcorn-Kino ass, d’Richtung déi d’Serie ageschloen huet, stëmmt.

In the Loop (Armando Iannucci)
De witzegste Film vum Joer, deen äiskal eng Analys dovunner gëtt, wéi d’Politik wierklech ofleeft – Politik ass weder cool nach glamouréis. An och wa sou munch Korruptioun mat am Spill ass, et geet virun allem drëm, dass déi Leit an enger schnelllieweger Situatioun schlicht an einfach net eens ginn.

The Lovely Bones (Peter Jackson)
Dem Peter Jackson säin – däerf ech et soen? – Mäerchen iwwert e mësshandelt Meedchen ass voller Schéinheet, déi a mengen Aen ze Onrecht als Kitsch ofgedoen ginn ass. Ech hoffen, dass dëse Film mat der Zäit dee Status erreecht, deen him wierdeg ass.

The Messenger (Oran Moverman)
En am Krich verletztenen Zaldot kritt déi ondankbar Aarbecht d’Famille vu gefallenen Zaldoten iwwert den Dout vun hirem Kand/Mann/Papp ze informéieren. Eng bewegend Geschicht iwwer Mënschen, déi probéieren hiren eegene Fridden ze fannen, an dem Krich net entkomme kënnen.

A Single Man (Tom Ford)
De Colin Firth dreift dësen visuell fantastesche Film zu deem wat en ass, engem Konschtwierk wat sech dem Liewe verschriwwen huet – dem Liewen als Usammlung vu Léift, Frëndschaft, Péng an virun allem vill Onverständnis.

Up in the Air (Jason Reitman)
En ergräifende Film iwwer Entscheedungen – d’Entscheedung alleng ze sinn oder net, sech weider ze entwéckelen oder net, an doriwwer z’Entscheedung ze treffen wien ee selwer ass a wat ee wëll.

Zombieland (Reuben Fleischer)
Clevere Popcornkino mat de fënnef wahrscheinlech beschte Minuten vum Kinojoer 2009 – dem Cameo vum Bill Murray. De Film ass witzeg, kuerzweileg, an kloer strukturéiert: eng vun de beschte Comédien a Persiflagen säit laanger Zäit.