Den Harry huet schwaach gegrinst. Jo, den Hittchen opdoe war vill besser wéi en Zaubersproch soe missen, mee hien hätt et léiwer gehat, wa si en hätten opdoe kënnen, ouni dass all Mënsch nogekuckt huet. Den Hittchen huet anscheinend zimlech vill vun engem gefuerdert. Den Harry huet sech an deem Moment weder daper nach besonnesch gescheit oder soss eppes vun all deem gefillt. Wann den Hittchen dach nëmmen en Haus genannt hätt fir Leit, déi sech liicht katzeg gefillt hunn, dat wier genee dat Richtegt gewiescht fir hien.
Säit 2009 verdreiwt d’ASBL KairosEditioun eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum éischten Harry Potter Band, ee vun deenen dräi Harry Potteren déi ech gelies hunn. Fir 30 Euro, wat net geschenkt ass, kann een d’Buch kaafen. Iwwersetzungen sinn emmer en kroplegt Thema, zumols wa Leit mengen, dass een präferenziell ëmmer sollt d’Iwwersetzung liesen. Ech zéihen, wann ech der entspriechender Sproch mächteg sinn, zwar och d’Original viir, fannen awer dass gutt Iwwersetzungen eng aaner Vue op e Wierk (Buch, Film…) kënnen ginn.
Egal wéi, ech sinn e Fan vun der Lëtzebuerger Sproch, a freeën mech, wann soueppes rauskennt. Hei de Link.

Et ged och, waat wéineg bekannt ass, eng lëtzebuergesch Iwersetzung vum Hobbit. Iwregens vun engem gebierten Englänner, waat ech emsou méi erstaunlech fannen. Schued awer, daat denen Iwersetzungen net bessi méi Publicity zougudd kennt.
(Falls ech je Kanner sollt kréien, kréien déi den Hobbit an den Harry Potter op lëtzebuergesch virgelies.)
@ Joël: D’ Hobbit-Iwwersetzung hunn ech heiheem leien. Et ass interessant, fir aal lëtzebuerger Wierder, déi kee Mënsch méi kennt, nei z’ entdecken. Z.B.: Goblins heesche Baudessen, richteg lëtzebuergesch fir dwarfs ass anscheinend Zwaken.
Als Experiment kënne sou Saachen ëmmer ganz interessant sinn, mee ech mengen d’ Original ass einfach ëmmer méi schéin (zumools bei Harry Potter, och wann ech do nëmme vun där däitscher Iwwersetzung schwätze kann). Et däerf ee bei all deenen Iwwersetzungen och net vergiessen, datt mer wat Kannerbicher betrëfft och immens vill gutt Wierker vu lëtzebuerger Auteure virleien hunn, déi vläit nach wéineger Publicity gemaach kréie, wéi sou munch Iwwersetzung. . .
Firwat gët äus dem ‘Sorting Hat’ en ‘Hittchen’ gemaach?
Ech mengen ech kafen mengem Neveu deen.
jo den hittchen steiert mech och enorm ^^ dat ass een fun den probleemer fun iwersetzungen an fierwat ech se net gär hun: all auteur huet sei speziellen vocabulaire deen ganz gezielt agesaat gett an wat et meeschtens onmeiglech mecht dei nemlecht atmosphäre an enger anerer sproch remzekreeieren.
dat ass awer onausweichlech menger meenung no dofier daumen heisch fier letzteboiesch iwersetzungen
Fannen ech gutt, obwuel d’Harry Potter Atmosphäre menger Meenung no net wierklech eraus kennt an deem Passage. Villäicht mëscht grad de Fait, dat HP an enger Friemsprooch ass et méi geheimnisvoll. D’Iwwersetzungen op lëtzebuergesch fannen ech besonnesch bei Kannerbicher sënnvoll, sou dat d’Kanner méi frei mat Bicher a Kontakt sinn (wann och virgelies).
Bof, den Hittchen ass vilaischt net wonnerbar, mä effektiv ass Harry Potter och net graad daat einfachst fir ze iwersetzen, ginn et dach vill Wuertspiller an Undéitungen.
Am Schlëmmste war, wéi den Numm ‘Grubbly-Plank’ am Däitsche mat ‘Raue Pritsche’ iwwersat gouf. Gottseidank hunn ech virun der Iwwersetzung vum 5. Buch Englesch geléiert, a krut déi däitsch Iwwersetzung nëmmen nach duerch déi herrlech Hörbicher vum Rufus Beck mat ;)
@Joel:
Deem stëmmen ech zou.
@Joshi:
Jo, alles wat hëlleft dass Kanner fréi d’Léift zum Buch ze entdecken kann net schlecht sinn!