Et ass säit der Mëtt vum leschten Joerhonnert oft schlecht ugesinn gewiecht lokal Produiten ze kaafen. Wat duermols “Deutsche kauft bei Deutschen” wor, heescht lo awer rëm “locally sourced” an ass in.
Dat ass a Lëtzebuerg net ëmmer ganz einfach: während een fir Moies den Téi vum Séi kritt, wandert eise owentleche Béier an d’Ausland oof. Schissi. Glécklecherweis hu mir mat Lux’mburger zu Housen d’Lëtzebuerger Äntwert op McDonalds (an BurgerKing. Eng Baach? WTF?). Viva an Beckericher Waasser an e Riesling vun der Musel.
Mee wat deet de Lëtzebuerger vun haut un. Säit e puer Joer get et do fir substanzenkonsuméierend Snowboarderinnen de Label Flufferwear, de Klassiker a Papp vum Che Gue Juncker T-Shirt ass awer bei der Bom em den Eck. An dann ginn et nach e puer méi kleng Boîten.
Eng Boîte déi ech Iech net wollt virenthaalen ass RauschPuppe, eng 2-Mann(-Fra) Coop aus Ettelbréck. Bei hinnen kritt een Prints, T-Shirts, Spiller a Miwwelen. Ob hierer Internetsäit kann een fir 20 Euro (faire Präis, oder?) een vun deenen fantasteschen T-Shirts kaafen. Och derwäert ass den perséinlechen Site vun der Designerin Stephanie Rausch. Ënnen d’Shirts Affär BOMMELeeeeer, Pimp(my)ampel an Schof fir den Owend.




D’Bom em den Eck ass ee Spreadshirt.de Shop, woumatter déi Produiten aus dem Ausland kommen an net “locally sourced” sinn. ;)
RauschPuppe hunn ech emol nach net kannt. Hieren Internetsite ass awer flott gemaach, och wann déi Bestellung per Email net esou professionell ass. Mir gefällt de Renert T-Shirt am Beschten.
Ech denken dass de Fakt, dass d’Shirts a Lëtzebuerg entworf ginn, duergeet fir dat ze rechtfäerdegen. Ech bezweifelen dass Téi vum Séi oder Lëtzebuerger Rendfleesch als ganze Produit aus Letzebuerg kennt.
Naja, et geet bei “locally sourced” virun allem em Nohaltegkeet, net em iergendeng Ideologie oder ee beschränkte Patriotismus. An och wann d’Idee vu Lëtzebuerg kënnt, sou muss trotzdem eng UPS Camionette vu Leipzig (do ass Spreadshirt) duerch ganz Däitschland bis op Lëtzebuerg fueren fir d’T-Shirten dohinner ze kréien. An dat ass weder lokal nach nohalteg. D’Kreider fir den Téi vum Séi beispillsweis gi lokal ugepflanzt an an der lokaler Téimanufaktur verarbëscht. An domatter ass deen nohalteg. Vum Rëndfleesch hunn ech allerdéngs keng Ahnung. Därs kafen ech och ni selwer zu Lëtzebuerg.
“locally sourced” bedeit am iwwerdroen senn “vu lokaler Hierkunft”.
Dat wats du do vun Nohaltegkeet an esou ziels, ass eng Bedeitung, déis du denen zwee Wierder unhänks, mee keng Definitioun. Téibeidelen vum Téi vum Séi sinn éischter net vun hei. Genee sou wéineg wéi den Stoff vu Flufferwear oder RauschPuppe hei aus dem Land kennt.
Ass jo gutt a schéin, dass du eis wells erzielen, wat locally sourced bedeit, mee ech mengen du hues dat e bessen iwwerinterpretéiert.
Ech war scho laang net méi bei d’Bom um Eck kucken. Ech menge mech ze erënneren dass ech viru längerer Zäit via d’Säit vun engem Kichelchersmonster dohi gerode war. Do si jo mëttlerweil typesch Lëtzebuerger Spréch op Stoff ze kréien, dee vläicht aus dem Ausland kënnt, mä nëmme wou Lëtzebuergesch drop steet, ass och Lëtzebuerg dran. Sou wéi op Pianocktail eben. ;) Merci och fir den Tipp mat der RauschPuppe.
Ech muss soen dat ech awer hei dem Thierry senger Interpretatioun mei no stinn. Alles wat mat “lokal” ze dinn huet, huet a mengen Aen definitiv eischter dei vun him ugeschwaten Konnotatiounen. Ob dat lo streng geholl per Definitioun och sou ass, ass eng aner Fro.
Op d’T-Shirten etc ugewand klengt et wierklech iwwerdriwwen – se ginn eben just hei entworf, dat huet fier mech och net vill mat engem “lokalen Produit” ze dinn. Den Tei vum Sei awer schon, och wann vlait de Beidel net a Letzebuerg produzeiert gett, mee do wier ech mer mol guernet sou secher. An egalwei, Tei ass do emmer nach den Haaptproduit.
Do stellt sech dee Moment d’Fro, ob hei net den Design den “Haaptproduit” ass, Fede, wouno et rëm lokal ass.
Dat heiten ass wierklech, wierklech ieselzech.
Ech wëll just mam Fede streiden, méi net.
Dir hudd all Onrecht, daat der et wësst.