The Lovely Bones (Jackson, ***1/2)
The Lovely Bones, d’Geschicht vun engem 14jährege Meedchen, dat vergewaltegt an ëmbruecht gëtt a senger Famill vum Himmel aus nokuckt, wéi se versicht mat der Situatioun ëm ze goen. Wann een dem Peter Jackson eppes loosse muss, dann ass et, dass en a senger Regie kompromisslos ass: de Film, dee mir gesinn, ass seng Visioun, déi duerch näischt gedréift gëtt. A sou gëtt aus dem Alice Sebold sengem vill méi däitlechen Roman eng extrem bildlech Erfuerung – den Jackson gëtt eis just sou wéineg u Material, de Rescht musse mer eis selwer denken. Emotional matrappend ass de Film, mat un der Spëtzt perfekte Performancen vum Saoirse Ronan, Rachel Wiesz, Susan Sarandon, Mark Wahlberg an Stanley Tucci an hannendrun enger visueller Experienz, déi senges gläiche sicht.
The Wolfman (Johnston, *)
LOL. (Jo, dat ass meng Kritik.)

Heescht dat elo, de Film hällt sech un d’Buch, oder ass dat esoueppes ewéi de Schluss vum Jackson sengem LOTR?
De Film hält sech iwwerhaapt net un d’Buch an ännert e groussen Deel dovun fir et an eng zwou Stonnen Narrativ ze paken. Ech halen et fir gelongen.
Lo freen ech mech nach mei op “The Lovely Bones”.
Ass zwar schon e puer Joer hier datt ech et gelies hunn, mä ech hat “The Lovely Bones” als Buch net gär. Wollt mech awer un de Film woen. An nodeems ech dat hei lo gelies hunn, mengen ech datt ech dat och wierklech maachen.
Op deng 3 an hallef Stären hinner hat ech mech decidéiert de Film awer ze kucken. Ech sinn awer lo e bëssen erstaunt, dass du de Film sou gutt fënns … ech halen et eischter mam Roger Ebert (http://bit.ly/8dbll3) sengem Review.
Mee bon, wäert alt nees affaire de goût sinn. Genau wéi am Fall vun der ‘visueller Experienz’ vum Film, déi dir schéngt ze gefalen, während deem ech se kitscheg fannen.
Ech hunn dem Ebert seng Review scho gelies gehat, an ech sinn net senger Meenung. Ech weess vill Kritiker hunn de Film zerrappt, an dat ass menger Meenung no onfair.
Ech verstinn, dass ee menge kann, dass et “kitscheg” ass, mä an deene “Dramsequenzen” stécht souvill Häerz, dass ech et einfach perfekt duergestallt fonnt hunn. Däerf ech froen, wou s de de Film gesinn hues? E leeft jo awer anscheinend net a Lëtzebuerg am Kino am Moment, wann ech dat richteg gesinn hunn.
Ech hunn “The Lovely Bones” elo och gesinn, géif ëm wahrscheinlech och *** – ***1/2 ginn, muss allerdengs virun iwwerdriwwe vill Pathos a Kitsch warnen (Peter Jackson, eben)… Ech perséinlech stéiere mech net drun, ech hunn dem Peter Jackson säi Stil immens gär.
Verschidden Zeenen, ënner anerem d’ Zeene vun der Vergewaltegung an dem Iwwergang an d’ Tëschewelt, si sou gutt opgebaut, a menger Meenung no e Beweis dofir, wat fir e Genie vu Regisseur de Peter Jackson ass.
Doriwwer eraus sinn nach e puer exzellent geschriwwen Dialoger dran, an (an ech huelen un, dat war express) extrem vill Parallele mat engem vu menge Lieblingsfilmer, nämlech ‘Psycho’ vum Alfred Hitchcock.
Chris:
Wéi gesot, wäert vill affaire de goût dobäi sinn, suwuel wat d’Story a wat d’Visuals ugeet.
Ech hunn de Film als Download gesinn (vue dass en hei jo nach net leeft). Mee ech mengen net, dass et meng Meenung vill geännert hätt, wann ech d’Biller méi grouss gesinn hätt. Och hunn se mech un ‘What dreams may come’ erënnert, wat och net onbedengt gehollef huet … Ok, e puer Biller sinn schéin a poetesch, mee et gët séier zevill an ze kitscheg (dat kënnen aner Läit awer natierlech anescht gesinn).
PS. Ech hunn och endlech den ‘Man on wire’ gesinn an deen fannen ech och super! Wat e mëllen, mee faszinanten, Mënsch, dee Petit.
An iwwer “The Wolfman” huet keen eppes ze soen? (Hihi.)
Wat dee Film betrëfft hunn ech, villäicht net zu Recht, komplett Vertrauen an dech, an hunn net wëlles, mer dee Schwachsinn unzedoen.
@Grommel: Ech ginn der Recht, mech huet de Film och extrem u “What Dreams May Come” erënnert, (ech si mer bewosst, datt bei deem, wat ech lo wäert schreiwe, vill Leit mäi Filmgout a Fro stelle wäerten) mee och dee Film hunn ech guer net esou schlecht fonnt, wéi en oft gemaach gëtt.
Ech si jo dofir, daats de deng Tweets iwert den Film e bessen ausbaus. Et klengt nämlech witzeg.
Ech sin dogeint dat de Chris och nemmen en milliounstel mei Energie un Twitter verschwend.
Soll en jo net. En soll seng tweets iwert de Film héihinner kopéiren an e bessen ausbauen. Daat ass Energie an de Blog gestach, net an twitter.