Zum Oofschloss vun deser 8-Deeleger-Serie dann dat, wat ech doraus geléiert hunn, wat et gouf, an wat et net gëtt.

8 Deeg Island ginn net spuerlous un engem laascht. D’Sarah an ech sinn 2200km am Auto gefuer an hunn dobäi ongeféier 200 Liter Bensinverbraucht. Tragescherweis hu mir dobäi och 475kg CO2 fräigesat, oder 240m^3 CO2. Wann dir iech nach un de Waasserfall Dettifoss erënnert, dat ass esou vill CO2, wéi do Waasser all Sekonn roofleeft. Mir hun een Vugel doutgefuer an véier Mais. Mir respektéieren d’Emwelt, mä wann dir eis virun den Auto laaft, ass dat net eis Schold. 200km onbefestegt Strossen (gefillten 10′000km) woren et. Mir hunn 100 Euro fir Iessen ausginn fir 2 Leit während enger Woch an 100 Euro an enger Nuecht fir Drenken. Pro Kapp (d’Sarah ass méi bëlleg wechkomm).

Ween an Island ënnerwee ass, stellt fest dass Sigur Rós kléngen wéi se kléngen well se aus Island kommen. Wann een an Island wor, versteet een dat plötzlech. Erkläre kann een et awer net. Meng Lieblingsasiicht dass, dat et deck duergeet, deen zweet oder drëttbeschten ze sinn, zumols wann een doduerch en méi rouegt Liewen huet. Wat d’Islänner vergiess haten wor awer kritesch ze hannerfroen, wat lasswier, wéi abeemol jhiddereen fuerchtbar räich gouf. Mee och ouni Suen sinn si nach ëmmer glécklech. Rätsel geléist: Hannert dem Waasserfall ass e Schatz. Dee Schatz huet zwar kee Geldwäert, awer en moraleschen: Wann een sech de Wee duerch de Waasserfall gekämpft huet, an näischt fënnt, kënnt ee vläit zur Asiicht, dat just, well een eppes kann man, een et net muss man. Eppes aneres wat mir kloer ginn ass, ass dat Kapitulatioun näischt mat opginn oder verléieren ze dinn huet, mä mat Asiicht. Wann een d’Natur net bekämpfen kann, dann huet een besser dat anzegesinn. Zum Beispill einfach méi bëlleg Brecken bauen, déi eben net fir d’Éiwegkeet sinn, an d’Natur a Rouh loossen. An d’Sarah huet mir bäibruecht, dass een heinasdo muss man, wat ee maachen muss. John Wayne Style. Offensichtlech wor, dass all Lëtzebuerger en Islänner kennt, mee och all Islänner ee Lëtzebuerger. Fir all déi, déi op Party’en wëllen cool sinn, an déi Story erzielen, sorry: Den islänneschen Ministerium fir Elfen ass eng Urban Legend. Dat se un Elfen gleewen ass awer wouer – naja, si nennen se verstoppten Leit.

Iwwregens, ween de Budget interesséiert fir 8 Deeg Island: 300 Euro Fluch, 150 Euro Auto, 150 Euro Sprit an 50 Euro Iessen – 550 Euro. Net an dem Präis mat dran sinn eng iwwerdriwwen deier Jacket, en iwwerdriwwen deieren Protokoll an iwwerdriwwen deieren Alkohol. 8 Deeg sinn ze kuerz fir den Tour ze man. 10-14 Deeg sinn way to go. An dat geet suguer ouni erhiewlech méi Suen auszeginn. Den Auto ass dat eenzegt wat méi deier gëtt, d’Kilometere bleiwen déi selwecht, an d’Iessen ass wierklech marginal. Fir an Island recommandéiert Pianocktail GermanWings ab Köln/Bonn – 23kg Gepäck ftw.

Ob ech zrèck ginn? ASAFP!

Allt rem eng Idée déi moies em 2 Auer um Trottoir virum Flying entstan ass.