Eisen regulären Lieser sollt et net entgaangen sinn, dass, säit ech 15 sinn, ech als Projektionist, Caissier a Meedchen fir alles an engem klenge Kino schaffen. An Projektioun ass net nëmmen eppes, wat ee mecht, mä et gëtt eng ganz philosophie dohannert. Projektiounen sinn intensiv Momenter, wou ee vill kann nodenken, an wou et heiansdo komesch ass, duerch eng Glasscheiw getrennt ze sinn, vum Sall. Et kuckt een quasi vu baussen an eng aner Welt ran. De Joël A. huet mir e wonnerbaren Kuerzfilm geschéckt, deen beschreift, wat Projektioun bedeit.
Aus der Kategorie Déi richteg Welt

Ech hunn de Video de Mëtteg gekuckt an net nëmmen dass en flott an interessant gemaach ass, d’Kombinatioun vu Close Ups an och alem Filmmaterial sprécht mech un, mä och weist en Saachen déi ee soss net sou gesäit an och net matkritt, a wuel och zukünfteg net méi sou oft gesi kann.