De Joël huet mech gefrot gehat fir eng Oscar Pool opzestellen fir eis Lieser vu Pianocktail, an domat huet en eigentlech fir déi Nofro gesuergt op déi ech säit Joeren scho waarden fir endlech sou eppes ze bréngen. Wéi dir wësst sinn haut d’Nominéierunge bekannt ginn, an domat ass lo och d’Course op fir bei Pianocktail beim Tippspill mat ze maachen.
Gitt op AwardsPicks, registréiert iech, an sicht no der “Pianocktail.lu Oscar Pool” , trëtt hir bäi a gitt är Pronosticen of, déi der natierlech all Moment bis zum Dag vun den Oscars verännere kënnt.
A fir et alles e bëssen ze wierzen, gewënnt deen deen déi meeschte Punkten erreecht eng DVD vun engem fir de beschte Film nominéierte Film, déi en sech selwer raussichen dierf. Dir musst just eben matmaachen. Fir e méigleche Gläichstand ze léisen, gitt schéckt mer eng E-Mail op chris ät pianocktail punkt lu mat ärem Tipp fir d’Persoun déi am schéinste wäert ugedoen sinn um Owend vun den Oscars. Do bestëmmen ech natierlech dee Moment wiem déi Éier zou ze spriechen ass. Bonne chance.

De Link fir déi faul:
http://www.awardspicks.com/group/pianocktail-lu-oscar-pool/show
Génial, ech muss mer zwar nach iwwerleeë wat ech tippen, mee do man ech mat!!!
Ajo, ech hu lo endlech e Blue-Ray-Player doheem… Wann ee gewënnt, kritt een de Film op Ufro och op Blue-Ray? ; )
Nëmme wann de Präis machbar ass.
Mä als Auteur vu Pianocktail bass du souwisou vum Gewënn ausgeschloss.