Muer ass et souwäit, den Dag op deen all Oscar-Enthusiast méi waart, wéi op den Dag vun den Oscars selwer. D’Nominéirungen gi muer de Moien um 5.30 lokaler Zäit zu Los Angeles vum AMPAS President Tom Sherak an dem Anne Hathaway annoncéiert. A well ech d’lescht Joer net wollt beim Prognostizéierspill matmaachen, muss ech mech dëst Joer wuel oder iwwel zréck kafen. An dofir hei meng onqualifizéiert Tipps, wou garantéiert all eenzelne Wackelkandidat falsch ass.
Best Picture
Avatar
Crazy Heart
District 9
An Education
The Hurt Locker
Inglourious Basterds
Precious
A Serious Man
Up
Up in the Air
Aacht Stéck schénge sécher. D’Wackelkandidaten hei si wuel Crazy Heart an A Serious Man, bei Up sinn ech mer well awer zimlech sécher, dass en et packt. Ech weess ech si mëll, dass ech Invictus net dra setzen, mä se sinn wierklech net sou verréckt nom Clint Eastwood wéi ech ëmmer behaapten. Okay, dach, sinn se. Mä loosst mer et. Eigentlech denken ech jo och, dass Star Trek eng gutt Chance huet, mä dräi Science Fiction Filmer schénge mer awer ze vill. Een ass meeschtens schon ze vill. (500) Days of Summer ass wuel wierklech just eng Illusioun, déi ech mer selwer maachen, während Julie & Julia sécher och eng Méiglechkeet si kéint. Et war méi einfach mat 5. An et sinn awer net méi wéi 4 Filmer, déi herno iwwerhaapt nach d’Chance hunn ze gewannen.
Best Director
James Cameron, Avatar
Neill Blomkamp, District 9
Kathryn Bigelow, The Hurt Locker
Quentin Tarantino, Inglourious Basterds
Jason Reitman, Up in the Air
Véier Stéck sinn sécher, den Neill Blomkamp ass mäi Versuch et e bëssen opzepeppelen. All Logik géif soen Lee Daniels fir Precious, mä ech sti bekanntlech net op Logik. A sou hunn ech wéinstens och alle fënnef Filmer gesinn a ka soen, wien et am meeschte verdéngt huet ze gewannen. An Alternativ gesinn ech d’Chance fir e Schocker duerch de Michael Haneke.
Best Actor
Jeff Bridges, Crazy Heart
George Clooney, Up in the Air
Colin Firth, A Single Man
Morgan Freeman, Invictus
Jeremy Renner, The Hurt Locker
Munchereen wëll mech gleewen doen, dass den Jeremy Renner e Wackelkandidat ass, mä ech gleewen et net. Déi fënnef schénge mer zimlech zolitt. Iwwerraschunge kéinten den Tobey Maguire a Brothers sinn wéi bei de Golden Globes, oder och den Viggo Mortensen fir The Road. Un den Daniel Day-Lewis oder Sharlto Copley gleewen ech eigentlech net.
Best Actress
Emily Blunt, The Young Victoria
Sandra Bullock, The Blind Side
Carey Mulligan, An Education
Gabourey Sidibe, Precious
Meryl Streep, Julie & Julia
Ech weess net ob wierklech iergendeen The Last Station gesinn huet. An dofir soen ech, dass d’Emily Blunt nominéiert gëtt an net d’Helen Mirren. Dat wonnerbart Abbie Cornish wäert leider net nominéiert ginn.
Best Supporting Actor
Woody Harrelson, The Messenger
Anthony Mackie, The Hurt Locker
Alfred Molina, An Education
Stanley Tucci, Julie & Julia
Christoph Waltz, Inglourious Basterds
Den Harrelson a Waltz si sécher. Genee sou wéi och wuel den Tucci, vun deem ech allerdéngs net mengen, dass e seng Nominéirung fir The Lovely Bones kritt. Dann tippen ech, dass d’Briten den Alfred Molina wiele wäerten an him soumat eng Nominéirung sécheren. De Matt Damon, Christian McKay a Christopher Plummer ginn op ville Plazen zwar bevirzugt, mä ech mengen bei den Oscars kritt den Anthony Mackie déi Nominéirung, déi e sou krass verdéngt.
Best Supporting Actress
Vera Farmiga, Up in the Air
Anna Kendrick, Up in the Air
Mélanie Laurent, Inglourious Basterds
Mo’Nique, Precious
Julianne Moore, A Single Man
Dräi Stéck si sécher. D’Julianne Moore schéngt zimlech sécher. An d’Mélanie Laurent kritt déi lescht Nominéirung. Firwat? Well et säugutt war, an d’Konkurrenz (Gyllenhaal, Morton) scho fir besser Leeschtungen net nominéiert gouf a se bei Fraen méi streng sinn wéi bei Männer.
Best Adapted Screenplay
Crazy Heart
District 9
An Education
Precious
Up in the Air
Alternativ wier natierlech Fantastic Mr Fox, mä ech denken, dass Crazy Heart déi Nominéirung hei kritt, nieft senger Nominéirung fir de beschte Film. Allerdéngs ass et e Mënzworf tëscht deenen zwee.
Best Original Screenplay
(500) Days of Summer
The Hurt Locker
Inglourious Basterds
A Serious Man
Up
Avatar ass kee Film, deen d’Auteuren präméieren. Allerdéngs weess een ni wéi grouss d’Léift fir e Film si kann. Als schwächste Glied gesinn ech A Serious Man, mä och Up an (500) Days of Summer kéinten dem Cameron sengem Film zum Opfer falen.
Best Art Direction
Avatar
Harry Potter and the Half-Blood Prince
Inglourious Basterds
A Serious Man
Sherlock Holmes
A Serious Man ass sécherlech keen einfache Choix. Mä et passt iergendwéi. Déi aner véier schénge mer zimlech zolitt ze sinn, och wa mech hei aner Filmer sécher net iwwerrasche géifen, falls se optauchen. Nine, District 9, Julie & Julia an vläicht souguer Fantastic Mr Fox.
Best Cinematography
Avatar
The Hurt Locker
Inglourious Basterds
Nine
Das weiße Band
Ech weess net, wien soss a Fro komme sollt. Vläicht District 9 oder den Harry Potter. Ech hoffen Antichrist schockt hei.
Best Costume Design
Bright Star
Coco Avant Chanel
Inglourious Basterds
Sherlock Holmes
The Young Victoria
Et gëtt sou vill Méiglechkeeten hei, an ech denken se kéinten alleguer déi Nominéirung verpassen. Am wahrscheinlechsten allerdéngs Bright Star a Basterds, déi eventuell duerch Julie & Julia oder The Imaginarium of Doctor Parnassus ersat gi kéinten.
Best Film Editing
Avatar
District 9
The Hurt Locker
Inglourious Basterds
Up in the Air
Dir mierkt, dat hei sinn déi nämlecht Filmer, wéi déi op déi ech fir d’Regie tippen. An jo, ech mengen et wäert sou lafen. Alternativen: Star Trek a Precious.
Best Makeup
District 9
The Imaginarium of Doctor Parnassus
Star Trek
Dat schéngt mer zimlech sécher ze sinn. Obwuel ech net wëll ausschléissen, dass Il Divo hei rakomme kann. Vergiesst ni: Click mam Adam Sandler ass en Oscar nominéierte Film, dank dëser Kategorie, dofir sinn Iwwerraschungen gutt méiglech.
Best Music – Original Score
Avatar
Fantastic Mr. Fox
The Informant!
Star Trek
Up
Dës Kategorie ass eng schwéier. Avatar an Up si sécher. Den Hans Zimmer ass net wierklech beléift, wéinst senge Methoden, an dofir denken ech, dass Sherlock Holmes et hei net packt, och wann d’Musek exzellent ass. Iergendeen Wierk vum Alexandre Desplat muss ran, dofir tippen ech op de Fuuss, mä ech wier net geschockt, wann d’Twilight Filmer ab muer eng Oscar Nominéirung hir nennen dierften.
Best Music – Original Song
“The Weary Kind”, aus Crazy Heart
“Cinema Paradiso”, aus Nine
“Take It All”, aus Nine
“Down in New Orleans”, aus The Princess and the Frog
Dës Kategorie ass onméiglech viraus ze soen. Éierlech. D’Nominéirungen kënnen entweder 0, 2, 3, 4 oder 5 sinn. Et ass komesch. Dofir tippen ech lo mol op 4. Mer wäerte muer gesinn ob ech Recht hat.
Best Sound Editing
Avatar
District 9
The Hurt Locker
Star Trek
2012
Best Sound Mixing
Avatar
District 9
The Hurt Locker
Star Trek
Up
Wiem maachen ech eppes vir? Ech hu keng Anung a schreiwen dat hei blann vun anere Leit of.
Best Visual Effects
Avatar
District 9
Star Trek
100% sécher.
Best Animated Feature
Coraline
Fantastic Mr. Fox
Ponyo
The Princess and the Frog
Up
De Wackelkandidat ass wuel Ponyo. Cloudy with a Chance of Meatballs schéngt méi wahrscheinlech souguer, mä se hunn de Miyazaki gär.
Best Foreign Language Film
Ajami (Israel)
Un prophète (Frankräich)
The World is Big and Salvation Lurks Around the Corner (Bulgarien)
The Secret in Their Eyes (Argentinien)
Das weiße Band (Däitschland)
Ech fille mech onwuel fir souwuel Un prohète, wéi och Das weiße Band viraus ze soen. Mä bon. Lescht Kéier hat ech véier vu fënnef falsch, wat de Maximum war, dee méiglech wier, well et jo eng Virauswahl vun neng Titel gëtt. Hoffe mer, dass mer dat dës kéier net geschitt.
Best Documentary Feature
The Beaches of Agnès
The Cove
Food, Inc.
Mugabe and the White African
Valentino: The Last Emperor
Rëm eng Kéier: ech hu keng Anung. Déi Documentairen, déi ech dëst Joer gesinn hunn stinn alleguer net op der Virauswahl, also tippen ech op déi bekanntesten Titel.

während ech lo net kann behaapten dass ech en groussen filmspezialist sin sou hun ech dach dei meescht fun den filmer dei’s du hei opziels gesin, an ech sin eigentlech nemmen fun eppes schockeiert: wat der deiwel mecht district 9 iwerall stoen ? ass dat een aneren film wei den district 9 deen ech gesin hun ? (fill handheld camera szenen en haaptprotagonist mat engem extrem nervegen akzent an eng geschicht dei mei wei vorhersehbar ass ?) hun ech bei deem film eppes grondfundamentales verpasst ?
di aner hetten all hier nomineierungen wous de se dra geseis verdingt, wanngleich ech erstaunt sin dass den scherlock holmes net öfter optrett.
District 9 ass e gudde Science-Fiction Film, an dofir gouf en och 4 mol nominéiert. Ech mengen net, datt Handkameraen, en Afrikaans-Accent oder eng vorhersehbar Geschicht Grond si fir e Film schlecht ze maachen.
Ech fannen et guer net domm, wéi se d’ Apartheid a Südafrika metaphorësch behandelt hunn an dësem Film. De Plot, ginn ech gär zou, war och nët wierklech menges, mee dofir hunn ech et relativ gutt gemaach fonnt, wéi se den Dokumentarstil mat agebaut hunn. De Film hat definitiv séng Momenter an et wonnert mech guer net, datt en e puermol nominéiert ginn ass.
et mach kee Grond sin fier den Film schlecht ze maachen mee wat ass dann een Grond fier en sou gudd ze machen dass en Oscaren verdengt hett ?
weis du et sees ass alles am film “ok” ouni dass et besonneg rausraagt: dokumentarstil huet een schons esou emgesaat öfter gesin, den plot sees de selwer ass net immens innovativ, d’êffekter sin erwaardungsgemeiss fier en film aus desem jorhonnert ganz ansehnlech mais wei gesot fier mech geheiert daat zu “erwaardungsgemeiss”, eng metapher iwert d’apartheid mag jo gutt an löblech sin mee ech perseinlech geing bei engem dann dach politeschen message net reischt en emwee iwer sci-fi huelen wat sou en beigeschmach huet fun: jo ech wollt jo eppes iwert d’apartheid maan mee hun mech net richteg getraut an et sollt och w.e.g. secher geld abrengen dofier hun ech aliens agebaut.
ajo an d’charakterentwecklung fum haaptpersonnage bei dann dach engem, huelen ech mol un, gewollt deifgrennegen film war mier fill ze oberflächlech fier dass ech perseinlech mech lo ugesprach gefillt hett. aus ähnlechem grond nervt mech och deen akzent, ech si kee rassist oder sou eppes mee an mengem ouer huet et forceiert geklongen an dann ass et bei mier riwer, sou wei den akzent am pink panther 2 do kruet ech och kreinaan.
pardon dass ech hei den post hijacken wollt mech nemmen eng keier mei en detail erklären net dass dei falsch usiicht opkennt ech hett daat mat der apartheid net gemierkt oder geing et net wichteg fannen oä
Serge, bei den Oscars geet et dach net ëm Qualitéit! Ech verbidde mer sou Ënnerstellungen.
asou pardon :D menger naiviteit sinn natierlech keng grenzen gesaat, loos mech roden et geet dorem dei filmer dei geld machen nach mei ze verkaafen fier dass se nach mei geld machen ?
Nee, wourëms et wierklech geet kann ech net soen. Mä ëm Qualitéit geet et definitiv net. Wann et ëm Geld goe géif, wier allerdéngs net “The Hurt Locker” de meescht nominéierte Film.
“eng metapher iwert d’apartheid mag jo gutt an löblech sin mee ech perseinlech geing bei engem dann dach politeschen message net reischt en emwee iwer sci-fi huelen wat sou en beigeschmach huet fun: jo ech wollt jo eppes iwert d’apartheid maan mee hun mech net richteg getraut an et sollt och w.e.g. secher geld abrengen dofier hun ech aliens agebaut.”
Wann daat deng Usiichte sinn, roden ech der de Genre Science-Fiction demnächst ze emgoen. Do gëtt dat relativ oft gemaach.
@jacques mier ass bewosst dass dei gutt sci-fi filmer duerchaus keng popcorn unterhaltung kennen sin siehe bspw Moon wou mer ons bestemmt beid drop eenegen kennen dass et en super film ass mat engem message dran. just ass dat och wierklech en sci-fi film an net en kostümfilm.
mais jo mier werten ons wuel do net eens gin ^^ neischt fier ongutt