Jo. Do steet en Schreiffeeler. An awer net.

Ech verbannen Australien ëmmer mat den Beach Boys, obwuel ech natierlech weess dass déi aus den USA kommen. Mee egal, Australien, dat Land voller ehemoleger Verbriecher, gouf vu mir bis elo eigentlech ignoréiert.

An Horse ass eng Band aus Brisbane, Australien. Mee si kléngen net wéi Plage, Sonnenschäin an Känguruh’en, mee wéi Pop. Awer sou richteg schéinen Indypop. D’Kate Cooper an den Damon Cox spillen Gitaar an Melodica an goufen fir t’éischte Kéier um SXSW bekannt, e Festival dien sech momentan zu engem vun deene beschten op der Welt mausert. Säit kuerzem ass An Horse, déi bis elo ouni Label ënnerwee woren, gesigned beim Grand Hotel Van Cleef. Geschitt wor et em mech, bei der Zeil “I’ve had little to much too think, I’ve had little to much too think.”. Ech weess net wéi et Iech geet, mä wann ech Musék lauschtren, tendéiert mäi Gehier dozou, Songzeilen am Viraus fäerdeg ze man. An et wor fir mech offensichtlech, dass deen zweeten Deel “I’ve had a little too much to drink” wier, well et reimt,an well et passt. Mä An Horse faalen net oof an déi falsch Romantik vun Alkohol.

Lauschtert mol ran. Si kënnen och méi rockeg, wéi an deem Lidd wat ech Iech hei weisen. An ech muss mech mol rem bei dem Typ mellen, dien mir eng Stage-Plaz um SXSW ugebueden huet. Hier EP gett et op iTunes, Album am Mäerz.

Hier Internetsäit.
Hieren MySpace.