Ha! Ech muss et fäerdeg man!

Wecker. 9 Auer moies. Ech leien am Doppeldeckerbett uewen. Klammen raus. Rutschen ob der Leeder aus. An faalen roof, klatsch ob de Buedem, dee voll mat Camping-Krom loung. Dat huet d’Sarah net interesséiert. Hat schléift virun. De Schmäerz vum Opprall steet a kengem Verhältnis zum Schmäerz vu mengem Kapp. Schäiss. Hangover. Déi Fläsch Vodka, déi den Alex aus dem Karamba rausgeschmuggelt huet, den islänneschen Béier an de Wäin an de Rescht woren wuel éischter bëlleg – an dat obwuel ech an enger Nuecht 100 Euro ausginn hunn, wat eng “Night Out” an Island kascht, woumat een hei mat 4 Leit kéint rausgoen.

Ech hu mech dann opgerappt an sinn a Stremp, T-Shirt an Boxershort an d’Buedzemmer um Enn vum Gang geschlappt, et wor mir wierklech egal wéi ech géing ausgesinn. Ech wor frou, dass do weder en Tiger nach e Puppelchen woren. Zänn gewäsch. Deen Typ vis-a-vis vu mir am Spiggel haat och net besser ausgesinn. D’Sarah aus dem Bett geheit, d’Saache gepaakt an alles an den Auto geheit. Géint 11 si mir dann mam Carlos an den Stadzentrum gefuer, a sinn Pancakes iesse gaangen an ganz vill Waasser drenken gaangen. Ech bezweifelen elo nach, dass fueren wierklech ubruecht wor.

Mir sinn dann engkéier den Laugavegur, d’Haaptshoppingstrooss (déi iwwregens wierklech eng Buedemheizung huet) rop a roof gaangen. An et ass esou beandrockend, wéi vill Designer-Buttekter an Boutiquen do woren. Um Enn si mir am Konschtmusée geland, wou en Islänneschen Kënschtler Riesenbiller inspiréiert un Lars Von Trier Filmer ausgestallt huet. Go figure. Soss wor dee Konschtmusée awer immens, an et wor, eng Kéier méi, verblüffend wéivill Kultur an engem 200′000-Awunner-Land herrscht.

Ma et huet alles näischt gehollef, em 3 ass et nit méi gaangen an mir hunn eis fir t’éischt mol rem fir eng Stonn missen an e Café setzen. Mëttegiessen. Dono weider mam shopping. Dank menger neier Jacket gouf ech elo iwwerall t’éischt mol op Islännesch ugeschwat, wat mäin Ego geboost huet. D’Sarah huet dann och d’Visa kraachen gelooss, woubäi et zu folgendem, denkwürdegem, Moment koum: Mir woren an engem Buttek wou d’Sarah sech en, net ganz gënschtegen, Mantel wollt kaafen. D’Besëtzerin vum Buttek huet eis da gefrot vu wou mir wären, wéi een dat eben mecht. “Aus Lëtzebuerg” – “Ajo, meng Niess liewt do, hat schafft bei der Telé, d’Thorunn…”. Sou ass dat.

Reykjavik huet einfach d’Laat fir mech immens héich geluecht an puncto Leit, an Puncto Stil, an Puncto Iessen, an Puncto Rausgoen, an Puncto Kultur an esou villem, wat ech an Stied wéi Paräis, Wien, München, Berlin, Hamburg oder Kopenhagen nie an dem Emfag gesinn hunn. Et ass natierlech wouer; -15°C, 4 Stonnen Daagesliicht, wat soll een soss och man ausser Drenken oder eng Band grénnen, mä et fällt schon op a mecht Freed.

Dann nach séier an engem Plakkebutték den Heima kaaft an eng LP vu múm, an dann wor et och schon Zäit fir eist Owesiessen, wat mir an engem traditionellen Islänneschen Restaurant zu eis geholl hunn. Fësch, wéi sech dat gehéiert.

Schwéiren Häerzens hu mir dann de Carlos a Richtung Kevlavik befördert, wou mer en oofginn hun. Ran an de Fliiger a schloofen, muer den Owend steet Fly um Programm.

Nächst Woch kennt dann dee leschten Post.