Där wesst jo schon alleguer dass ech d’Romaner vum Jonathan Safran Foer fuerchtbar gear hun, well der dat natiirlech all hei gelies hudd. Lo hun ech virun engem Mount ongefeier gesin dass hei zu Heidelberg sain Everything is Illuminated als Theatersteck op daitsch opgefouert get. An natiirlech hun ech mer dat, obwuel ech et eigentlech nit gear hun en englesche Roman daitsch interpretéiert ze gesin, missen ukucken. Well schließlech soll ee nit souvill Virurteeler hun an et kéint jo sin dass mer dat och op daitsch ganz gudd gefällt.
An sou sollt et dunn och sin. D’Steck get am Zwinger 1 opgefouert, ee relativ klenge Sall deen zimlech improviséiert ausgesait. Fennef breed Reihen mat (ongemittleche) Still an keng richteg Bühn. Op der lenker Sait si blo Maueren mat bloem Buedem opgebaut, an der Mett uewen as eng kleng Leinwand, drenner e Schreiwdesch a rechts eng komesch donkelgro, kescht-ähnlech Konstruktioun.
D’Geschicht handelt vum Jonathan, dem Autor sain Alter Ego, deen an d’Ukraine reest fier dat jüdescht Duerf Trachimbrod ze fannen an di Fra di sai Grousspapp am zweete Weltkrich virun de Nazien gerett huet. Dobai get hee begleet vum Alex, dee vu sengem Papp a senger Firma, Heritage Tours, als Iwwersetzer ugeheiert get. Wei de Numm vun der Agence et scho seet hellefen si Leit hier Wuerzelen an den Heemechtslänner vun hieren Viirfahren ze fannen. Op hierem Trip sin och nach dobai, als Chauffeur, dem Alex sai Grousspapp dee vu sech selwer behaapt blann ze sin an den Sammy Davis jr. jr., dem Grousspapp seng leefeg Mudder dei heen als Blannenhond begleet. Hier Rees as relativ abenteuerlech, besonneg fier den jüdeschen Amerikaner Jonathan, deen Angscht virun Henn huet an dee nit verstaan get vu senge Begleeder, ennert aanerem well e Vegetarier as.
Niewt dem Jonathan senger Rees get op der lenker Sait vun der Bühn d’Geschicht vun der Staat Trachimbrod erzielt, wei se zu hierem Numm koum, an di komesch, schéin, traureg Geschicht vum Brod. De Shtetl Trachimbrod krut sai Numm vum Floss Brod a vum Trachim B., deem sai Won an dese Floss gerannt as an heen a seng Frau embruecht huet. Et get just nie eng Laich vun hinne fonnt mee et taucht ee Pupelchen aus dem Waasser op. D’Brod, dat vun deem aale Jankel opgezu get.
Als drett Handlung as do dann och nach den Alex deen dem Jonathan no hierer Rees Breiwer scheckt. Di zwee sin duerch hier Rees gudd Frenn gin an duerch hier Familljegeschichten, dei sech ähnlech sin, zesumme gewuess.

D’Steck as op seng eegen Aart a Weis a mat groussaartege Schauspiller emgesaat. D’Onstemmegkeeten tescht der onglaicher Reesgrupp brengen een zum Laachen, während den Hannergrond vum zweete Weltkrich natiirlech eescht as an nodenklech mecht, besonneg zum Schluss, der Erleuchtung. D’Sammy Davis jr. jr. get wonnerbar vum Franziska Beyer gespillt an den Alex jongléiert perfekt tescht engem Daitsch mat russeschem Accent an Héichdaitsch. Op der Leinwand get emmer rem ugewisen wann d’Szen vu lenks no riets wiesselt an Detailer vum Brod senger Geschicht gin dem Lieser gezielt. Schlussendlech entdeckt den Zuschauer dann wei di zwou Geschichten verbonn sin, doriwwer hinaus dass den Jonathan no där Staat sicht där hiere Floss dem Brod sai Numm gin huet.
Ech kann dat Steck also nemmen empfehlen, falls e puer Lieser hei zu Heidelberg sin. Et get am Februar nach draimol, den 6. den 9. an den 20. opgefouert, weider Spillpläng si nach nit raus. Fier all di aaner kann ech natiirlech awer och de Roman empfehlen.

Zwee Theaterreviews an de leschten Deeg. Mir schaffen eis rop.
Lo muss der just nach de Public dofir fannen ;)
Deen, wann ee lo mol vun de Comments zu den jeweilegen Artikelen ausgeet, nach éischter kleng ass.
D’Artikelen usech sinn awer net oninteressant a maachen suguer Loscht fir mol rem an den Theater ze goen (supposéiert déi spillen déi).
Géif ech mir gären ukucken.
@Grommel:
Ech denken, deng Ausso ënnerläit dengem generellen Iertum, dass een d’Beléiftheet an d’Valeur vun engem Artikel dorunner moosse kann wéivill Kommentaren e produzéiert. Mir ass e schéinen Artikel wéi dësen vum Lynn oder dee vum Jacques lescht Woch, deen wéineg Kommentaren produzéiert wesentlech léiwer, wéi e sënnlose Lückenfüller mat enger Onzuel un sënnlosem Gebrabbels drënner.
> wéi e sënnlose Lückenfüller mat enger Onzuel un sënnlosem Gebrabbels drënner
dat ass jo och ok. mee wéi wëlls du dann wëssen op sou Artikelen bei dengen Lieser ukommen. falls de dat iwwerhaapt wëssen wéils.
Éischtens hu mir zimlech genee Statistiken. Zweetens hunn ech Vertrauen dran, dass d’Lieserschaft vu Pianocktail e generellen Interessi an sou zimlech alles huet, wat mer schreiwen. Drëttens ass och e gudden Artikel, deen net bei engem Public ukënnt wäertvoll. A véiertens ass de Sënn vun der Übung net fir iwwerhaapt bei iergendengem unzekommen, mä eppes Guddes ze schaffen.
Dat ass dësen Artikel, egal ob vill Leit lo drënner kommentéieren oder net.
Ech hu mer virgeholl, méi iwwer Theater ze schreiwen. An et ass mer egal wéi vill Leit d Artikele liesen. Wann et nëmmen een ass, dee sech denkt ‘Kéint ee mol eigentlech rëm an den Theater goen…’ ass d’ Ziel erreecht!
Dat wat de Chris sot.
Ech wosst jo vun Ufank un dass lo keen op Heidelberg kennt fier dat Steck ze gesin. Mee ech hun et einfach immens fonnt a gin dem Jacques recht; wa sech lo een denkt et kéint ee mol rem an den Theater goen as d’Ziel erreecht.
Dierf ech mech och nach ze Wuert mellen?
Also, de Chris ass en Content Freak! Während ech mat Zuelen em mech geheien wéi d’Sasha Grey mat Schwänz.
An ech ka bestätegen, dass et en Zesummenhang gett tescht Opriff an Kommentarer. Wat en Artikel méi oft opgeruff gett, wat en méi oft kommentéiert gouf. Fakt.
Mä et gett keen Zesummenhang tescht Besicher an Kommentarer. Dat heescht also, wann een dovunner ausgeet dass, bis ob Ausnahmen, en Artikel vun enger Persoun just eng Kéier gelies gett, Theaterartikelen genee esou oft gelies ginn, wéi Filmartikelen.
Dat ass dat wat d’Zuelen soen. An an deem Fall setzen ech Zuelen iwwer Meenungen.
Wat d’Lynn seet ass korrekt. Mä mir hunn nach emmer eng Heidelberger Lieserschaft, niewt enger Berliner an enger Karlsruher Lieserschaft.
Ech liesen (bal) ëmmer hei mat an kommentéiren awer nëmmen all Schaltjoer well ech gehierlos faul sin. Heescht awer nach laang net datt dat wat ech liesen mir net gefällt.
Ech fannen esou Theaterreviews top an ech géing mech och freeën wann ech der öfters hei kéint liesen. An – oh hei – ech hu suguer kommentéiert…
Alleguer:
Ech hu jo net gesot den Artikel wier schlecht.
Ech hu mech just gefrot op Theaterkritiken hei wierklech sou populär sinn wéi zb Filmkritiken. Well Theater, generell, jo manner populär ass wéi Kino. An och eppes vill méi lokales ass.
An d’Statistiken, déi weisen, weivill Läit (meeschtens wuel per Feedreader) de Post ‘gelies’ hunn, weisen net, wéivill de Blogpost am Endeffet och wierklech interesséiert huet. Ech klicken zb all Posts a mengem Feedreader eng Kéier un (fir ze gesinn, wat dran ass), wat awer net heescht, dass den Contenu mech all Kéiers dann och matrappt.
Mäi Punkt woer just, dass et ouni richtegen Feedback schwéier ass dat erauszefannen (wann een dat dann wéilt). Duerch mäin Asaatz wësse mer (déi die et virdrun nach net woussten) jo lo zb dass d’Leti Theaterreviews top fënnt :)
An natierlech kann een schéin a gutt Artikel och just schräiwen well een gären schéin a gutt Artikelen schräiwt. Mee ech huelen un, et ass awer keen Auteur béiss, wann en Feedback kritt a gesäit, dass anerer säin Effort schätzen oder seng Faszinatioun deelen?
Mee ok, dann genéissen mer halt all roueg …
Thorben:
Generell kréien d’Filmposts jo awer méi Kommentarer wéi Theaterposts?
Jeje, wier wierklech méi schein a lieserlech, wann Paragraphen vun ären Kommentarsystem giffen respektéiert ginn … mee bon. Gët jo bekanntlecherweis Schlëmmeres.
Dat wat d’Leti soot.
Déi meescht Lieser ginn net iwwer Feedreader dran, mee iwwer Webbrowser.
Mee ech kann dir awer dofir bei deenen soen, wéi laang se normalerweis op engem Post hänken.
Ass jo gutt, wéi och ëmmer.
Ech versti just net, wéi een keen Feedback bei eppes ginn kann, wat ee gutt fënnt.
Mee Auteuren sech awer normalerweis iwwert Feedback? Oder hunn sie et léiwer, wann d’Läit anonym genéissen an hieren Interessé, Freed oder Inspiratioun net matdeelen?
Korr: Mee Auteuren fréeën sech awer normalerweis iwwert Feedback, oder?
Dat do ass eng sënnlos Diskussioun, déi elo net gefouert gi muss.
Wann ech gelifft, vu lo un just nach Kommentaren zum Contenu vum Bäitrag.
Just wëll s du se als sënnlos deklaréiers, heescht dat net, dass se sënnlos ass.
D’Diskussioun ass awer natierlech off-topic wat den Post usech ugeet, do hues de Recht.
Trotzdem well ech déi Artisten oder déi kreativ Läit gesinn, déi sech NET iwwer Feedback fréeën oder déi eppes just fir sech selwer erschafen! Well wann se et just fir sech selwer erschaf hätten, da bräichten sie et net public ze man …
Et gi secher och Filmposts, déi net oder wéineg kommentéiert goufen. En plus ass een Film eppes, wouriwer vill Leit eppes soe kennen, well vill Leit een Film kucken kennen, mat Theaterstecker ass et awer oft anescht. Waat net heescht, daat et déi Artikelen keen interesséiren. Am Geigendeel, während et zwar am Internet ongeféiher 2,24657*10^15 Artiklen iwer Avatar ginn (graff Schätzung) ass esou een Theaterartikel dach emmer nach eppes vill méi spezielles. Waat jo nach u sech naischt heescht, mech awer doranner bestätegt, daat richtegt Leitmedium gewiehlt ze hunn.
Generell denken ech daat een iwerhaapt keng Ausso unhand vun Zuehlen treffen kann, well et einfach nach ze wéineg Theaterartiklen op Pianocktail ginn. A wanns du irgendwelch Korrelatioune gesais, Grommel, dann hätt ech déi gefällegst gären ausgerechent. Mat “R”.
Ahjo:Lieserzuehlen SINN Feedback. Go figure.
Joël:
> Lieserzuehlen SINN Feedback. Go figure.
Awer keen aktiven. A wéi ech schon gesot hunn: ech klicken och aus Prinzip op all neien Post well ech firwetzeg sinn, wat do steet. Heescht net, dass et mech interesséiert.
Mee Auteuren/Kënschtler sech awer normalerweis iwwert Feedback, oder net? Oder hunn sie et léiwer, wann d’Läit anonym genéissen an hieren Interessé, Freed oder Inspiratioun net matdeelen?
An huet dir, als Lieser, net de Besoins iech matzedeelen, wann der wirklech vun eppes faszinéiert sidd oder gutt fannt?
A wa keen kommentéiert, wéi kënt der dann wëssen op een den Artikel gutt fënnt (falls iech dat interesséiert)? Zougrëffsstatistiken alleng soen jo doriwwer net vill aus.
(an nach eng Kéier: ech gräifen d’Qualitéit vum Artikel a kenger Weis un!)
Wat soll dei Diskussioun iwerhaat? Et ass dach egal. Firwat beharrs du dech do sou dorob? Natiirlech freet een sech doriwer, et ass awer net de Haaptpunkt. Wei schon gesot kann een och schweigend geneissen.
Ech schleissen mech dem Sarah un an soen dozou nach an beschtem Primärschoul-Langage: “Interessé” as keen Dingwort. : )