Där wesst jo schon alleguer dass ech d’Romaner vum Jonathan Safran Foer fuerchtbar gear hun, well der dat natiirlech all hei gelies hudd. Lo hun ech virun engem Mount ongefeier gesin dass hei zu Heidelberg sain Everything is Illuminated als Theatersteck op daitsch opgefouert get. An natiirlech hun ech mer dat, obwuel ech et eigentlech nit gear hun en englesche Roman daitsch interpretéiert ze gesin, missen ukucken. Well schließlech soll ee nit souvill Virurteeler hun an et kéint jo sin dass mer dat och op daitsch ganz gudd gefällt.
An sou sollt et dunn och sin. D’Steck get am Zwinger 1 opgefouert, ee relativ klenge Sall deen zimlech improviséiert ausgesait. Fennef breed Reihen mat (ongemittleche) Still an keng richteg Bühn. Op der lenker Sait si blo Maueren mat bloem Buedem opgebaut, an der Mett uewen as eng kleng Leinwand, drenner e Schreiwdesch a rechts eng komesch donkelgro, kescht-ähnlech Konstruktioun.
D’Geschicht handelt vum Jonathan, dem Autor sain Alter Ego, deen an d’Ukraine reest fier dat jüdescht Duerf Trachimbrod ze fannen an di Fra di sai Grousspapp am zweete Weltkrich virun de Nazien gerett huet. Dobai get hee begleet vum Alex, dee vu sengem Papp a senger Firma, Heritage Tours, als Iwwersetzer ugeheiert get. Wei de Numm vun der Agence et scho seet hellefen si Leit hier Wuerzelen an den Heemechtslänner vun hieren Viirfahren ze fannen. Op hierem Trip sin och nach dobai, als Chauffeur, dem Alex sai Grousspapp dee vu sech selwer behaapt blann ze sin an den Sammy Davis jr. jr., dem Grousspapp seng leefeg Mudder dei heen als Blannenhond begleet. Hier Rees as relativ abenteuerlech, besonneg fier den jüdeschen Amerikaner Jonathan, deen Angscht virun Henn huet an dee nit verstaan get vu senge Begleeder, ennert aanerem well e Vegetarier as.
Niewt dem Jonathan senger Rees get op der lenker Sait vun der Bühn d’Geschicht vun der Staat Trachimbrod erzielt, wei se zu hierem Numm koum, an di komesch, schéin, traureg Geschicht vum Brod. De Shtetl Trachimbrod krut sai Numm vum Floss Brod a vum Trachim B., deem sai Won an dese Floss gerannt as an heen a seng Frau embruecht huet. Et get just nie eng Laich vun hinne fonnt mee et taucht ee Pupelchen aus dem Waasser op. D’Brod, dat vun deem aale Jankel opgezu get.
Als drett Handlung as do dann och nach den Alex deen dem Jonathan no hierer Rees Breiwer scheckt. Di zwee sin duerch hier Rees gudd Frenn gin an duerch hier Familljegeschichten, dei sech ähnlech sin, zesumme gewuess.

D’Steck as op seng eegen Aart a Weis a mat groussaartege Schauspiller emgesaat. D’Onstemmegkeeten tescht der onglaicher Reesgrupp brengen een zum Laachen, während den Hannergrond vum zweete Weltkrich natiirlech eescht as an nodenklech mecht, besonneg zum Schluss, der Erleuchtung. D’Sammy Davis jr. jr. get wonnerbar vum Franziska Beyer gespillt an den Alex jongléiert perfekt tescht engem Daitsch mat russeschem Accent an Héichdaitsch. Op der Leinwand get emmer rem ugewisen wann d’Szen vu lenks no riets wiesselt an Detailer vum Brod senger Geschicht gin dem Lieser gezielt. Schlussendlech entdeckt den Zuschauer dann wei di zwou Geschichten verbonn sin, doriwwer hinaus dass den Jonathan no där Staat sicht där hiere Floss dem Brod sai Numm gin huet.
Ech kann dat Steck also nemmen empfehlen, falls e puer Lieser hei zu Heidelberg sin. Et get am Februar nach draimol, den 6. den 9. an den 20. opgefouert, weider Spillpläng si nach nit raus. Fier all di aaner kann ech natiirlech awer och de Roman empfehlen.

Huch Céline, am Daitschen ass Intresse schon een Substantiv. Och déi drai lëtzebuergesch Wierderbicher, déi ech lo online gescheckt hunn, kennen Interesi als Substantiv.
Kommentaren sinn net emmer positiv. An jo, et ass een “Problem”, daat net oft kommentéiert ged. Heinsdo geht et awer och duer, eppes ze schreiwen, ouni Feedback ze kréien. Ech ka mir gudd virstellen, daat daat fir e Mënsch, deen öfters a sengen eegenen Kommentarer em wéider Kommentarer bied an alles mescht, fir Feedback ze kréien, ziemlech onvirstellbar klengt, mä et ass awer esou.
Sarah:
> Natiirlech freet een sech doriwer, et ass awer net de Haaptpunkt.
Hunn ech jo och net behaapt. Et erschaaft een jo eppes well et engem selwer Freed mecht oder een den Drang dozou huet. Feedback ass, fir die meescht, wuel wéi Schlagsahn uewen drop.
> Wei schon gesot kann een och schweigend geneissen.
Natierlech. Just wees den Createur dann net, dass een säi Wierk genéisst (ugehol den Createur wier dorunner interesséiert).
Interessi as net glaich Interessé as net glaich Interesse. : )
Ech haalen elo op mat Ierbessenzielen.
Joel:
> Ech ka mir gudd virstellen, daat daat fir e Mënsch, deen öfters a sengen eegenen Kommentarer em wéider Kommentarer bied an alles mescht, fir Feedback ze kréien, ziemlech onvirstellbar klengt, mä et ass awer esou.
Ech man net alles fir Feedback ze kréien. Ech fannen et just oft méi interessant fir mat Lieser ze interagéieren. Soss kéint eech jo och einfach en perséinlecht a privat Tagebuch schräiwen.
An ech si just einfach firwetzeg op verschidden Saachen iwwerhaapt een interesséiert (wa net, dann ass dat och ok). Zum Beispill posten ech heiandsdo Fotoen, déi ech gemaach hunn (bëssen sou wéi den Charel dat och mëcht). Doropper kommen seelen Reaktioun. Dat ass och ok well mir perséinlech gefalen se jo an dat ass sou gesinn d’Haaptsaach. Trotzdem giff et mech interesséieren op et ass well se kengem gefalen oder well een, obwuel een se flott fënnt, näischt ze soen huet. An et MUSS jo och net all Foto kommentéiert.
Aner Themen déi ech uschneiden si ganz bewosst sou gehal, dass eng Diskussioun soll entstoen. Einfach well ech gären diskutéieren a gesinn well, wéi verschidden Läit gewëss Froen giffen beäntwerten oder verschidden Point de Vuen giffen verteidegen. E Blog kann jo och deelweis en Diskussiounsforum sinn.
Mee sorry, dat hei gët lo wierklech ëmmer méi off-topic. Ech probéieren mech dann lo zeréckzehalen.
Lynn, ech hu mer wierklech geduet dass een deemnächst mol rem kéint an den Theater goen. Dat hat ech iwwregens scho bei deem éischten Theater-Post vum Jacques.
Wann ee lo nëmme vun de Kommentarer ausgeet, huet d Lynn jo dofir gesuergt fir Theater zum beléiftesten Thema hei um Blog ze maachen. Gefällt mer. ; )
Theaterinteresséiert Leit solle séch iwweregens de Programm vun de Ruhrfestspiele dest Joer ukucken. Schéngt spektakulär ze ginn, zumools fir Frënn vum Sam Mendez a vum John Malkovich.