Et ass e komescht Verhältnis wat ech zu där Band hat. Ech hunn décidéiert Fan vun hinnen ze ginn, éier ech jemols just ee Stéck vun hinnen gelauschtert hunn. Eng Band mat deem Numm, We Were Promised Jetpacks, kann nemme gutt sinn. Sou, an net anecht, hunn ech mir dat viirgestallt.
Jetpacks gehéieren dach, bis se vum Scarlett Johansson an Anna Kournikova oofgeléist ginn, zur Essenz vun all perfektem Jongendraam. An heiansdo suguer dono nach. An hei sinn se elo, kruten Jetpacks versprach, an alles wat se kruten wor d’Realitéit, e Liewen a Schottland an Muséksinstrumenter. Schlechten Tosch. Bestallt an net oofgeholl. Dee Bandnumm, dien esou vun Naivitéit, Hoffnung an Enttäuschung strotzt, muss enger gudder Band gehéieren.
Also hunn ech mir op YouTube e puer Lidder vum SXSW ugelauschtert, an dat huet gutt geklongen. Wou ech gesinn hunn, dass se géingen elo zu Heidelberg spillen, hunn ech mir meng Schlofplaz hei gebucht an sinn se dunn kucke gaang, an ech hunn och weiderhin drop verzicht hier Musek am Virfeld ze lauschteren.
De klub_k ass eng kleng Oofsteig, déi den Androck mecht, wéi wann se an de Raimlechkeeten vun engem ale Restaurant wier, dien an den Wirtschaftwunder-Deutschland-60er-Joeren gebaut gi wier, mat grousse Fensteren an vue op de Floss – “Panorama-Gasthaus Neckarblick” oder sou. Gefillten 3000 Leit op gefilltenen 10 Quadratmeter bei gefilltenen 75 Grad Celsius. Iergendwann drängelt vun hannen een sech duerch noo viir “Excuse me”. Nerveg ass dat op Concerten schon, witzeg ass et awer, wann dat d’Band ass, déi net noo viir duerchkennt.
Op Concerten ginn et 2 Taktiken, fir den Owend hannert sech ze bréngen. Entweder, et kacht een de Publikum lues erop, bis se dann hoffentlech ekstatesch emfaalen, oder et gett een direkt Gas. An leschterem Fall muss de Concert awer vun der éischter Sekonn u stemmen, well een et soss an 60 Minutten net packt ranzekommen. WWPJ setzen awer dorop an rappen direkt un, mat Erfolleg.
Hier melodesch Musék mat Shout an Scream hellt een mat, an ech hu mech e bessen un There Will Be Fireworks erennert gefillt, deenen hier Plakk et wahrscheinlech zu menger Lieblingsplakk vun 2009 gepackt huet. Wat mech immens freet, ass dass a schotteschem Englesch gesonge gett. Déi grouss schottesch Bands wéi Mogwai, Belle & Sebastian an Simple Minds (ech hunn déi lo grad net all an engem Satz genannt, have I?) hunn alleguerten op Héichenglesch gesongen, an ausser Arab Strap wor schottesch Mondart emmer seelen. Mä wéi bei den Fireworks huet een hei den doucen schotteschen Accent. En “einprägsamer Glasgow-Akzent” wéi d’Homepage vum Veranstalter gesot huet, halen ech bei enger Band aus Edinburgh awer fir zweifelhaft. Egal – ech si mir heinasdo net secher, ob Zeilen wéi “The chances of being born are so slim / so keep warm, keep warm” elo einfach just blöd sinn, oder ob ech hei grad déi ganz grouss Zeilen verpassen. Textlech gesinn sinn WWJP, awer iergendwéi genee richteg fir Twentysomethings. Wat den Ennerscheed zu den Fireworks ass, ass dass We Were Promised Jetpacks danzbar sinn, an duerchaus zum onkkordinéierten mat-Gliedmoßen-ëm-sech-schmäissen alueden. Stierm vu Gitaaren, Wänn vu Sound virun denen ee steet, an e piepsen am Ouer wat nach 12 Stonnen sollt unhalen. Wohoo.
Ech kann net am Berliner-Spex-Stil, no 2 Albumen aus Schottland mat ähnlechen Usätz, behapten, dass sech hei lo eng nei schottesch Vague vu Musék opdeet, mä wann esou dat “neit Schottland” kléngt, kënnen England a Schweden an Zukunft hier Indie-Rock-Arméi apaken.
We Were Promised Jetpacks sinn direkt duerch een duerch gaangen an hunn ëmgerappt – hieren Album “These Four Walls” hunn ech de moien schon dräi mol gelauschtert an e gëtt emmer besser. An iergendwéi hunn ech d’Gefill, déi Gutt hätten zur Oofwiesselung mol rem gewonn.

En effet pas mal! Zäit fir den Youtube onsécher ze man.
Den Ufank vum Oppener, It’s Thunder and It’s Lightening, ass esou matrappend wéi déi ganz Band.
Se spillen een Sonnden (also MUER!) am Chelsea. Daat ass baal vru menger Hausdier. Ech si gespannt.