Et ass well eng Woch hir, dass ech Up in the Air gesinn hunn, an de Film, dee mech zwar deels wierklech matgerappt hat, mä mech um Schluss awer relativ kal gelooss huet, ass a mengem Kapp gewuess. Et wier en Understatement, wann ech soe géif de Screening wier ee vun de schlëmmste gewiescht, déi ech bis well erlieft hunn. D’Heizung war bis hannen opgedréit an huet mat hirem Dauersurren extrem gestéiert. Duerch déi Freckenhëtzt war et wierklech schwéier sech ze konzentréieren an um Ball ze bleiwen. Net wierklech hëllefräich war do och den eeleren Här hannert mer, deen permanent gehouscht huet a mat engem finalen Hüsteln iwwert de leschte Saz vum Film (deen ech doduerch net héieren hunn) d’Trauerspill komplett gemaach huet.  D’Bedingungen fir dëse Film, deen extrem intim Momenter huet, ze gesinn waren fein ausgedréckt suboptimal.

Sou dierft et och net verwonneren, dass ech sou laang gebraucht hunn fir e wierklech ze veraarbechten an zu menger Meenung iwwert en ze kommen. Dës kann näischt anescht sinn wéi d’Feststellung, dass den Jason Reitman och beim drëtte Versuch eng Landung op Mooss gelongen ass. No Thank You for Smoking an Juno, ass Up in the Air sécher säin usprochvollsten an ambitiéiste Wierk – an e gëtt sengem Material méi wéi gerecht.

De Ryan Bingham ass, vue dass mer keng besser Metapher afällt, eng Insel fir sech. Hien ass iwwer 300 Deeg am Joer ënnerwee am Fliger, huet sou scho bal 10 Millioune Bonusmeile gesammelt, an mécht sech net villes aus enke Bezéiungen. Et brauch een kaum ze erwienen, dass seng Schwëster an e puer Woche bestued gëtt an hien nach net emol säin zukünftege Schwoer kenne geléiert huet. Seng Aarbecht besteed doraus, dass en vu Firmen engagéiert gëtt fir stellvertriedend fir si hir Employéen ze entloossen. An do entsteet den éischte Paradox vu villen mat deenen de Reitman eis an sengem Film konfrontéiert.

De Ryan Bingham nämlech, zur Perfektioun duergestallt vum George Clooney, muech eng Insel sinn, an wéineg Wäert op Bezéiungen leeën, mä trotzdem ass hien de Personnage am Film mat dem kloerste Gewëssen. Hien ass grotlineg, éierlech an direkt. Dofir ass et och méiglech, dass säi Liewen sech abrupt verännert, wéi seng Firma decidéiert sengem Job eng nei, onerwaarte Richtung ze ginn – hien gëtt a senge Grondmuster gestéiert.

Duerch de Film duerch sinn et virun allem zwee Leit, déi dem Bingham méi no kommen. Gespillt vum Anna Kendrick, wier dat als éischt emol d’Natalie, eng jonk Fra, déi dem Ryan säi Liewen wierklech op d’Kopp stellt. D’Kendrick ass souzesoen zoustänneg fir béid déi emotionalsten a witzegste Momenter, well seng Onsécherheet ëmmer rëm ergräifend ass – säi jugendlechen Elan awer fir genee sou vill Laacher suerge kann. Seng Performance ass absolut perfekt, mä fällt e bësse flaach, wann een d’Chemie tëscht dem George Clooney an dem Vera Farmiga gesäit, déi mir wierklech virun d’Ae gefouert huet, wat dat Wuert “Chemie” tëscht Schauspiller eigentlech bedeite kann. Als dem Ryan säi love interest hëlt d’Farmiga eng eminent wichteg Roll an, an léisst sou ëm puer absolut wonnerbar Momenter an dësem Film entstoen.

Déi Momenter zesumme geholl, erzielen e Film, dee wierklech perfekt an eis Zäit passt. De Film schwätzt vun onsécherer Zukunft, vun der Wichtegkeet vu Bezéiungen a virun allem verschléisst e seng Aen net vrun der Kris, déi sou vill Leit hautesdaags beaflosst. En intime Film iwwer d’Fanne vun Intimitéit, an iwwer d’Bedeitung vu Gléck am Liewen.

Bewertung: ***1/2 /****