Wéi de Jacques mer sot, ass e wichtege Grond firwat hien sech iwwert “Avatar” hei um Blog geiergert huet meng a sengen Aen ze héich Bewertung vum Film mat dräi Stären. Mir ass opgefall, dass dat net déi éischte Kéier war, dass mäi Stäresystem d’Leit gestéiert huet, an dofir wëll ech dann hei lo no 3 Joer wou ech e scho benotzen vläicht och mol eng Erklärung dofir ofginn. (Dorun hätt ech och éischter denke kënnen, ech ginn et zou.)

Véier Stären ass de Maximum, deen ee kréie kann. Dat ass fir munchereen, dee weess wéi besiess ech mat ronnen Zuele sinn vläicht iwweraschend, mä vu dass ech bei engem Stär an net bei null Stären ufänken, gëtt dat mir siwe Valeuren, déi ech Filmer gi kann. An ech denken, dat ass och genug. D’Feinofstëmmung bannent all méiglecher Note gëtt an eventuelle Fäll duerch explizit Kritike gemaach an anere Fäll eben net.

Wann ech mer d’2009er Filmer ukucken, déi ech bis well gesinn hunn ukucken, sou fällt mer op, dass ech effektiv all Note op mannst eng Kéier verginn hunn. Dir kënnt och hei noliesen, wéi eng Bewertungen ech all Film ginn hunn. Beispiller sinn, an ech wiele Filmer wou ech denken, dass vill Leit se gesinn hunn:

**** The Princess and the Frog
***1/2 Zombieland
*** Public Enemies
**1/2 Where the Wild Things Are
** Away We Go
*1/2 X-Men Origins: Wolverine
* The International

Wéi der gesitt ass domat Where the Wild Things Are de Film, deen souzesoen eng Grenz Bild. An och wa fir de Roger Ebert zwee an en halwe Stär thumbs down bedeit, sou ass dat fir mech déi Kategorie an déi d’Filmer falen, déi ech respektéieren, mä net wierklech gutt fannen. Et ass souzesoen d’Kategorie an déi déi Filmer falen vun deenen ech mer wënschen, dass ech se besser fanne géif. Ab dräi Stären sinn also d’Filmer déi mer gefalen, un deenen ech definitiv Saachen auszesetzen hunn, mä déi mech awer insgesamt iergendwéi iwwerzeegen. Op lëtzebuergesch Schoulnoten ëmgerechent kéint een dat Ganzt also sou kucken, dass dräi Stären assez bien bis nidderege bien ass, während zwee an en halwen Stär suffisant bis eng kleng Datz duerstellt. Alles ënner zwee an en halwe Stär wëll ech dogéint net méi rëmgesinn. Dat sinn déi richteg Datzen, wou gréisser Makel dra sinn, déi heinsdo duerch kleng Elementer ugehuewe ginn, mä leider ganz oft och net.

Déi wierklech gutt Filmer kréien dräi an en halwe Stär, wann et soe mer wierklech just eppes bedeitendes gëtt, wat mech un hinne stéiert, an véier Stären, wann kleng Feeler net wierklech an d’Gewiicht falen. Sou ass et kloer, dass ech dëst Joer aacht Filmer eng Wäertung vu véier Stäre ginn hunn, mä dat awer net bedeit, dass ech all déi Filmer um Niveau vun de beschte Filmer vun allen Zäite gesinn. Fir et ganz däitlech ze soen: (500) Days of Summer ass keen 8 1/2 oder 12 Angry Men, mä awer e Film deen op ganzer Linn iwwerzeegt, an deen dofir och d’Beschtwäertung verdéngt.

A fir all déi, déi et interesséiert: (500) Days of Summer, Antichrist, Bright Star, Coraline, Duplicity, Fantastic Mr Fox, The Hurt Locker, Harry Potter and the Half-Blood Prince, The Informant!, In the Loop, Moon, The Princess and the Frog, Un prophète, A Serious Man, Star Trek an Zombieland sinn déi siechzéng Filmer vun den 53 déi ech vun 2009 bis well gesinn hunn, déi nach an der Course sinn fir eng Plaz op menger Top 10 vum Joer. Mä dozou méi an e puer Wochen, wann ech mat The Lovely Bones de leschte wichtege Release vun 2009 gesi wäert hunn.