Am Moment ginn et hei um Blog zimlech vill Lëschten, déi sech mat den Top-10-Iergendeppes vun de Joeren 2000-2009 befaassen. Et gëtt och esou munche Film vill ze vill gelueft, deen et net verdéngt huet. Also kënnt hei meng perséinlech Lëscht vu Filmer, déi menger Meenung no oft vill ze vill fäerdeggemaach ginn. Ech ziele se a kenger bestëmmter Reiefolg op.
Well de Chris sech dozou entscheet huet, säi Stäresystem z erklären, hunn ech mech dozou décidéiert, deen och op déi Filmer unzewenden, iwwert déi ech schreiwen. Hei nach eng Kéier d Erklärung op ongeféier:
Gutt Filmer, respektiv Filmer déi mer nach eng Kéier kucke géifen:
**** Exzellent bis Perfekt (55-60)
***1/2 Héije Bien bis Très bien (46-54)
*** Assez bien biss nidderegen Bien (37-45)
** 1/2 Kleng Datz bis Suffisant (28-36)
Filmer, déi mer net méi wëlle rëmgesinn:
** Eng lecker Dätzelchen (20-27)
* 1/2 Eng säfteg Dätzelchen (11-19)
* Eng rëffeg Datz (0-10)
Ech fänken dann domat un, datt ech mäin alen Artikel mat deem neie System updaten (och wa virdru guer keng Bewertung do war).
Sécherlech net deen originellste Film aller Zäiten, awer et ass menger Meenung no trotzdem eng Grëtz méi dobäi, wéi bei deem typeschen Hugh-Grant-Film. Et ginn onendlech vill Mafia-Filmer parodéiert, an déi Szene wou de Michael (de Protagonist) virtäusche muss datt hien e Mafioso ass sinn einfach genial geschriwwen. Dobäi huet de Film och nach eng herrlech Szen an engem chinesesche Restaurant, bei där ech ëmmer Tréine laache muss. Sécher, en ass net perfekt. Den Hugh Grant ass vläit ze vill eng Schmalzlocke fir dëse Film, an d Jeanne Tripplehorn bréngt och net déi grouss schauspilleresch Leeschtung. Egal, de Film ass besser wéi e gemaach gëtt, an hätt sech wesentlech besser Kritiken agespillt, wann e verschidde Feeltrëtt net erlaabt hätt.
Iwwregens eng Empfehlung un all d Fans vun “The Sopranos”
Bewertung: **1/2
The Curse of the Jade Scorpion
De Regisseur, de Woody Allen, ass der Meenung, dat heite wier wahrscheinlech säi schlechteste Film. Ech sinn anerer Meenung. Och wa verschidde Saachen am Film net klappen (de Woody selwer an der Haaptroll zum Beispill), ass et awer eng extrem witzeg Comédie, mat engem genial gudden Dréibuch. Schwächte vum Film sinn haaptsächlech d Inszenéierung an de Soundtrack (deen ganz gutt, mee immens repetitiv ass). Trotzdem: d Wierk vun engem Amateur ass dëse Film nach laang net!
Bewertung: ***

Dracula: Dead and Loving it
Ok, en ass blöd. Mee wat erwaart ee sech wann de Mel Brooks mam Leslie Nielsen zesummeschaft? Deen neie ‘Citizen Kane’ (Bewertung: (selbstverständlech) ****)? Et stëmmt, e parodéiert net méi sou déi filmesch Mëttele vu klasseschen Horrorfilmer u sech (wat bei ‘Young Frankenstein’ (Bewertung: ***1/2) de Fall war) an et ass allerdämlechste Klamauk. Trotzdem, ween dat gär huet, ween dem Mel Brooks seng Filmer an/oder déi al Bela Lugosi Filmer gutt fënnt, wäert hei nach e puer mol gutt laache kënnen.
Bewertung: **1/2
Topaz
Hei ass effektiv e Film, bei deem ech guer net verstinn, wat d Leit drun auszesetzen hunn. Et ass mat mäi Lieblingsspionagefilm, spannend an immens gutt gefilmt. De Schluss ass e bëssi holpreg, wat doru läit datt de Public bei de Previews esou schlëmm drop reagéiert hat, datt den Hitchcock en hat missen ëmänneren. De Rescht vum Film ass awer immens gutt an huet Kritik an deene Moossen definitiv net verdéngt.
Bewertung: ***1/2
![]()
The Meaning of Life
Ok, et gi vill Leit déi e gär hunn. E gëtt awer oft als dee schlechteste Python duergestallt, dem Terry Gilliam säi Kuerzfilm schéngt verschidde Leit ze stéieren, an, fir mech dat Schlëmmst, d Pythons selwer schwätzen immens schlecht vum Film, wéi wa se et géife bereien e gemaach ze hunn. Ech fannen au contraire, datt et mat dee beschte Python Film ass. En ass besser realiséiert, an och d Sketcher sinn tiptop. En ass vläit nach méi vulgär, wéi wat ee soss vun hinne gewinnt ass, mee wann een e Mo huet, dee staark genuch ass fir engem nozekucken deen d Liewer rausgerappt kritt, oder engem Fettsak, deen amgaang ass e ganze Restaurant vollzekatzen, wäert sech bei dësem Film köstlech ameséieren. Dat war lo déi läscht Comédie. Versprach.
Bewertung: ****
Star Wars: Episode I – The Phantom Menace
Virundeem ech lo vun Hardcore-Star-Wars-Geeks ugegraff ginn: Kloer, en ass net mat deenen ale Filmer ze vergläichen, an den Jar Jar an den Anakin nerve mech och bis zum Geht-nicht-mehr. Et ass awer ee gutt inszenéierten Abenteuer/Science-Fiction-Film. Wee mer net gleeft soll sech eng Kopie vun ‘Episode I – The Phantom Edit’ (Bewertung: ***1/2) besuergen, eng nei Versioun vum Film, déi awer net vum George Lucas, mee vun engem Fan geschnidde gouf, an déi eng gutt Grëtz besser ass wéi d Kinosfassung. Ech bleiwen awer dobäi: Et ass kee schlechte Film.
Bewertung: **1/2

Indiana Jones and the Temple of Doom
Alt rëm e Film, dee vill ze streng vun de Fans behandelt gëtt, besonnesch vun de Fans. Ech muss dobäi soen, datt ech selwer e ganz groussen Indiana Jones Fan sin, ‘Indiana Jones and the Last Crusade’ (Bewertung: ****) ass mäin absolute Lieblingsfilm. Deen heite gëtt oft als schlecht bezeechent, oder als Trashfilm belächelt, woubäi déi parodistësch Elementer meeschtens iwwersi ginn. Ech perséinlech fannen et duerchaus ënnerhalsam, wa Schlaangen, Käfer an d Gehirer vun Afe giess ginn, oder wa Leit, deenen d Häerz erausgerappt gouf der Göttin Kali geopfert ginn. De Film hellt sech selwer net serieux, an d Leit sollen ophalen ‘Indiana Jones’ sou verdammt serieux ze huelen. Ween net der Meenung ass datt ‘Temple of Doom’ en ënnerschate Film ass, kann en duerch ‘Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull’ (Bewertung: ***1/2) op dëser Lëscht ersetzen. Ech ginn zou, de McGuffin war Schäiss bei deem Film -bei Indiana Jones erwaart ee sech eppes méi mysteriéis-reliéises- mee fir de Rescht war et e gudden Abenteuer-Film mat gudder Action a gudder Comedy: puren Indiana Jones.
Bewertung: ***1/2
Hannibal
‘ ‘The Silence of the Lambs’ (Bewertung: ***1/2) war gutt, ‘Hannibal’ war schlecht, ‘Red Dragon’ (Bewertung: **) war rëm gutt’, dat schéngt esou déi allgemeng Meenung zu den Hannibal-Lecter-Filmer ze sinn. Ech fannen awer datt de Ridley Scott bei Hannibal eng wesentlech besser Regie gemaach huet, wéi de Brett Ratner bei ‘Red Dragon’, deen d Qualitéit vun engem ‘Tatort’ hat (nee Chris, domat wëll ech lo net soen, datt ‘Tatort’ schäiss ass, mee ech erwaarde mer méi vun engem Kinosfilm). ‘Red Dragon’ ass fir mech schnell an einfach gemaachent Geld, woubäi ‘Hannibal’ nach e Film ass, bei deem ee mierkt, datt beim Regisseur nach eng gewësse Passioun dobäi ass, an datt hie wollt e gudde Film draus maachen. Woubäi déi 2 Filmer, ‘Red Dragon’ an ‘Hannibal’ mat Stars gefëllt sinn, hänkt den ‘Hannibal’ wahrscheinlech am mannste vun hinnen of. Gudde Film.
Bewertung: ***
Romeo + Juliet
Jo, de Baz Luhrmann ass kitscheg. Allerdengs och kee schlechte Regisseur. ‘Romeo+Juliet’ ass eng gutt Shakespeare-Interpretatioun, déi net nëmme Spaass mécht, mee déi och d Themen äus dem Originalstéck gekonnt moderniséiert. De Leonardo DiCaprio ass vläit net dee grousse Shakespeare-Interpret, dofir ass d Claire Danes awer brillant an dësem Film (et wonnert mech ëmmer rëm, firwat hatt kee risegroussen Hollywood Star ginn ass). De Film ass experimentell, an erënnert heiansdo un en MTV-Clip. Dat ass menger Meenung no kee Sakrileg, mee eng gelongen Ëmsetzung vum elizabethanësche Pop-Entertainment an dee vun haut.
Bewertung: ***
Twin Peaks : Fire Walk With Me
De Prequel zum David Lynch senger Série ‘Twin Peaks’ (deen een iwwregens net däerf kucken, ouni fir d Éischt d Série gesinn ze hunn) ass ee vun deenen ënnerschateste Filmer aller Zäiten. Wourunner louch et wuel, datt dëse Film, dee seng Première zu Cannes hat, en absolute Flop ginn ass. Vläit louch et dorun, datt seng Geschicht gréisstendeels schonn an der Série erzielt gouf, vläit och dorun, datt de Lynch zu där Zäit nach méi oder manner kohärent Filmer gemaach huet, mat verständleche Storylines, an datt dëse Film do net ragepasst huet. Ech sinn der Meenung, datt ‘Fire Walk With Me’ net zum Lynch senge schlechtesten, mee zu senge beschte Filmer gehéiert, an datt en net dierf ignoréiert ginn. All Lynch-Fan ass heimat opgefuerdert d Série wéi och de Film ze kucken.
Bewertung: ****
Ech wëll lo guer net behaapten, datt dëst déi ënnerschateste Filmer aller Zäite sinn, et fale mer nach anerer an, dem Spielberg säin ‘AI’ (Bewertung: ***), oder dem Burton säi ‘Batman Returns’ (Bewertung ***1/2). Et fällt op, datt immens vill vun deene Filmer Deeler vu Sérië sinn, an datt hir Onbeléiftheet wuel dovu kënnt, datt se mat hire Virgänger zevill verglach ginn. Et géif mech freeë, wann der nach e puer ënnerschate Filmer als Commentaire géift dobäiposten. (Jo, Thorben, ech weess wat s du wëlls soen: ‘Troublemaker’ (Bewertung: **1/2), ‘Deep Frozen’(net gesinn), ‘Heim ins Reich’ (Bewertung: **) a ‘Spice World’ (net gesinn) ;)


An “Der Untergang”, déi bescht däitsch Comedy säit Loriot.
Ech ginn der beim Meaning of Life Recht. Soss wees ech et net. Episode 1 waar schon ziemlech schlecht. Aanersaits gesin d’Star Wars-Filmer haut alleguer e bessen trasheg aus, virun allem och wann ee bedenkt daat et deemols jo nach guer keng Backstory gouf. Am Hannibal hunn se d’Buchvirlaag geaffert, fir kennen een méi grousse Schockeffekt anzesetzen. Red Dragon ass dogéint tiptop emgesaat.
Ass Se7en ennerbewärt? Ahjo, a vun The Boat That Rocked huet nie e Mënsch geschwaat, deen ass awer wierklech ziemlech cool. Awer vilaischt och just, wann een bei engem fraie Sender Radio mescht.
Ech kenne soss just vun der Allgemengheet ennerschaaten/net wouergehollen Animeserien.
@ Joël: Se7en gouf vun der Kritik gutt opgeholl an d Fans hun en op IMDB op Plaatz 27 vun deene beschte Filmer aller Zäite gewielt. Dat ass e bessi vill Unerkennung fir als ënnerbewert bezeechent ze ginn. Wat ‘Episode I’ betrëfft, kuck der wéi gesot de Phantom Edit mat wesentlech manner Jar Jar an Anakin un, e bessi Schneide kann heiansdo Wonner wierken. ‘Red Dragon’ ass ok, ech fannen d Inszenéierung awer banal am Verglach zu ‘Silence of the Lambs’, ‘Hannibal’ oder ‘Manhunter’ (rem en immens ennerschatene Film!). Datt se de Schluss am Film emgeännert hu, stéiert mech nët. Ech hunn zwar d Bicher net gelies, et huet mech awer scho bei Lord of the Rings nët gestéiert, datt se d Hobbits op Osgiliath geholl hunn… ‘The Boat That Rocked’ war e gudde Summerfilm, gouf vun der Kritik awer zimlech ignoréiert. Vläit, well de Richard Curtis virdru komödiantesch Meeschterwierker wéi ‘Four Weddings and a Funeral’ geschriwwen haat.
@ Thorben: Merde, ech wousst jo datt ech ee vergiess haat.
Averstan mat Fire walk with me, an Romeo and Juliet. Well mer schon deck laang d’Serie vum eischt-genannten ukucken.
Ech wees elo net ob déi Filmer tatsächlech ënnerschat ginn, well dat schwiereg rauszefannen ass (ech hätt z.B. nie geduecht, dass brillianten den Meaning of Life esou verhasst wier). Trotzdem hei ass emol eng kleng random Lescht, wéi se mir grad an de Kapp komm as:
1. The last Starfighter
2. Code 46
3. Cypher
4. Young Einstein (jo, deen mam Yahoo Serious)
5. Six-String Samurai
@ Sarah, do géings de kee Feeler maachen. D Série ass genial, genial, genial.