Et ass 2010, an dofir gett et dann mol rem deck Zäit, eng Revolutioun auszeléisen. Mat Formspring.me koum dann d’Diskussioun op, wat een kéint un der letzebuerger Blogosphär veränneren an wat de Leit net passt. De Joel an de Chris hunn do jo ganz inspiréierend Posts ugeluecht, déi de Problem resuméieren:

Mir wenschen eis méi Blogs aus eisem Land, an dat an alle Sproochen, zu allen Themen, vun allen Leit. Mir hunn net terribel vill, wat hei leeft: Pianocktail ass natierlech eisen Lieblingsblog allersäits, de Joel eist Alphadéier, de Manuel Huss warnt virun der Inquisitioun (wéi soot eng – atheistesch – Persoun, déi ech hei net well ernimmen “Ech wenschen mir awer, ech kéim an den Himmel, just fir dem Manuel Huss säin dommt Gesiicht ze gesinn, wann e mierkt dass et Gott awer gett.”) an d’Luxbiergerin virun Iwwerfremdung. An Zwangsbeschneidung. De Max brengt jhidderengem Freed, Jagaland schreift katastrophal Filmreviews an katastrophalem Englesch (et ass wierklech okay, wann Leit Antichrist schäiss fannen, mä dat doten wor net auzehaalen), de Georges dokumentéiert sengem Mupp säin Duerchfall, de Belsen weist eis seng Sammlung un Fliigertickets an den Thierry sicht eng Frendin. Mä dat sinn emmer déi selwecht Leit. An dat mierkt een och.

Wéi stoppt een deen Inzest? Wéi verbreed een Netzkultur? Wéi kritt een méi Leit dohannert?

Déi Froen kléngen noo engem Opbroch an dat neit Joerzéngt, volle Energie auf die Reflektorschilde. Mä dat ass just déi hallef Wouerecht. Souzesoen eng Liggen: Mir mussen eis fir t’éischt e puer Froen stellen!

Ass bloggen en vogue, oder si mir e Koup vun Nostalgikern, déi net matkritt hunn, dass d’Welt weider gedréint huet?

Bloggen ass en aalt Phänomen, an wa mir eppes vum Web 2.0 geléiert sollten hunn, dann ass et, dass vill Produiten en ultra kuerzen Lifecycle hunn, an dat suguer bei Produiten déi quasi als sécher schengen: Um groussen Marché läit MySpace am Stiewen, Twitter an Facebook wuessel iwwerproportional ob der aanerer Säit. Wou leien Blogs do? Ass Bloggen nach cool, geet den Trend zu Tumblelogs an Twitter, wat geschitt? 2010 wäert en grousst Joer fir Real-Time ginn, dat heescht Servicer déi net op Mobilgeräter laafen wäerten dat mierken. A Letzebuerg vläit manner wéi anecht wou, mä et wäert kommen, den méi séieren Internet wäert kommen, an Smartphones wäerten weider wuessen. Dat ass schlecht fir MySpace, mettelméisseg optimal fir Facebook an gutt fir Twitter. An Blogs? Blogs kennen alles dat,  Blogs sinn mobil, Blogs sinn séier an Blogs sin flexibel am Content dien se liwweren. Also jo: Blogs sinn nach emmer top. De Problem ass also net, op Blogs nach emmer d’Pointe vum Web 2.0 sinn – déi Fro ass irrelevant. De Problem ass: Wéi mecht een de Leit kloer, das Blogs esou polymorph sinn, dass jhiddereen domat ka genee dat man, wat hien well, an wéi kritt een de Leit bäibruecht, dass Blogs eng besser Plaz sinn wéi Facebook?

Ass Letzebuerg grouss genuch fir eng “Szene”?

A Letzebuerg hu mir déi Ausried jo nawell gär, eist Land wier ze kleng fir all Kommoditéiten. Fir 24-h-Supermarchéeen, McDonalds moies em 5, eng Rockhal, en Mudam an esou weider. Saitdiems ech aus Island remkomm sinn, gleewen ech déi Geschichten net méi. Island ass eng Natioun vun 200’000 Awunner mat enger floréierender Kulturszene, scho säit Joerzengten. Kuckt mol, wéivill Islännesch Bands iech afaalen, an rechent dat op Letzebuerg rop. Natierlech kann een eis Länner net vergläichen, mä den Awunnerargument ass dout. An Island kann een mat 5 Stonnen Daagesluut net vill méi man wéi saufen, Drogen huelen oder Kanner man, mä mol éierlech: vill méi opreegend ass Letzebuerg och net. Et ass éischter eng Fro vun der Kulturverdrossenheet, wéi vun den Awunner. Mä dat ass en aneren Discours.

Huet Letzebuerg net vläit eng Szene, un däer mir laaschtgeliewt hunn?

Soot mir et. Ech weess et net. Wou wunnen déi cool Leit, an firwat sinn se um Internet net siichtbar?

http://www.youtube.com/watch?v=_Y5KAZgMUac

Desen Video huet keen Zesummenhang mam Post, mä soll dee villen Text oplockeren.

Gett et iwwerhaapt e Marché, oder interesséiert et d’Leit guernet?

Dat ass eng Froo, déi mat der Froo vun der Kulturverdrossenheet zesummenhänkt: Wann et sou eng Szene a Letzebuerg net gett, dann ass dat, well se net gewuess ass. A wann se net organesch gewuess ass, mecht et dann Senn ze probéieren, se grouss ze zéihen? Et muss een sech d’Fro nom “firwat?” stellen, an zwar op zwee Punkten: Firwat Bloggen ech, firwat Bloggen anerer net? Firwat ech bloggen huet en einfachen Grond: ech hunn e Bedürfnis eppes matzedeelen, an bloggen ass e Kanal wou ech dat kann, an awer et kengem opzwéngen. Hunn aner Leit dat Bedürfnis net? Ech bezweifelen dat. Wéi deelen si sech mat, wat mache si? Facebook? SMS? Oder schwätzen d’Leit nach mateneen an treffen sech hei méi an de Caféen? Kennen mir zu deenen Froen Fakten fannen, oder just Meenungen, an wou fannen mir dat?

Déi Froen gestallt, ass déi nächst Fro: Wann een et well pushen, wéi kurbelt een dat ganz un?

Do ginn et e puer Approchen déi mir afaalen. Déi éischt ass ganz klassesch an banal: Lobbying. Flyeren, Posteren, Pressearbecht, mat de richtegen Leit an d’Bett fir massiv bei de groussen Medien op Echo ze pochen, fir dat ganzt ze pushen. An d’Schoulen goen, an den kreativen Ecker Leit uschwätzen an Leit aféieren. Vill Aarbecht. Vill Nerven. Suen.

Déi aaner Méiglechkeet heescht “Enabling people”. Firwat bilden mir net eng Inkubatorunitéit? Eng Plaz wou d’Leit, déi Interessi hunn, gratis Hosting kréien, eng gratis Aféierung an WordPress, wou mir hinnen d’Ressourcen bidden, hinnen techneschen Support ginn, hinnen evtl héllefen eng Userbase ze ginn (op der Startsäit kéint eng Wochenschau gemaach ginn, wéieng Blogs hunn eppes interessantes geschriwwen?) an fir si Lobbyismus ze bedreiwen. Natierlech dierf et net zu enger renger Hosting-Situatioun kommen, mä mir mussen wierklech dee Support bidden. Anerersäits dieft dat ganzt wéineg Richtung kréien an vill Fräiraum. Fir 2 gutt Blogs muss een akzeptéieren 10 mol Schäiss ze kréien, an vläit och Wirrkäpp à la Luxbierger do ze zervéieren. Mä Diversitéit wier d’Ziel.

Et wieren awer emmer Projet’en, déi  sech finanziell nie géingen rentéieren.

An dann ass d’Fro: Wien mecht dat?

Natierlech bidden séch Internet-Noo Organisatiounen un, den Hackerspace oder d’Piratepartei wieren eng Consideratioun. Anerersäits géifen sou Organisatiounen, suguer wann se et net wéilten, hieren Stempel opdrécken, bei den Hacker wier dat déi negativ behaaften, geeky Connotatioun, bei den Piraten, nach méi schlemm, wier et carrément eng politesch Notioun.

Also sollt et en neit Kollektiv sinn, wat wa méiglech Nimm am Hannergrond hällt, wat als Grupp mat engem neien Gesiicht dosteet, ouni en Gesiicht aus villen Gesiichter ze hunn, esou dass déi Grupp kann esou neutral wéi méiglech agéieren.

Mä ech hunn d’Polver net erfonnt: Brauche mir dat, an wann jo, wéi maache mir dat?

(D’Bild gouf hei geschuppt: http://www.flickr.com/photos/9422878@N08/2399035625/)