Als Chef vun dësem Blog erlaben ech mir et un Neijooschdag ëffentlech Kritik u mengem eegene Blog ze féieren an et doduerch op 2010 virzebereeden. Hei si meng Gedanken.
- Fir mech selwer hunn ech decidéiert méi zoulässeg an Kommentaren ze sinn. Domat mengen ech, dass ech vu lo un net beim éischten domme Kommentar direkt rosen zeréck maulen, mä als éischt probéieren ze raisonnéieren an dann domm a frech ginn. Dat kann heinsdo ustrengend sinn, well d’Kommentatoren sech dëser Regel net mussen ënnerstellen, mä fir mech ass dat well sou.
- Ech schreiwe rëm méi Filmkritiken a méi generell Artikel iwwer Film, well ech dat wierklech vermëssen. Ech fille mech ëmmer rëm ugegraff wa Leit a mäi Blog kommen a mer eng Rei vu Filmer dohi klaken, déi si gesinn hunn an dowéinst mengen méi Anung ze hunn, wéi ech, ouni als éischt ze froen ob ech selwer déi Filmer vläicht och kennen. Wat bis well bal ëmmer de Fall war. Ech loosse mech net méi vun esou Verhalen provozéieren an zéien meng Iddien rëm méi duerch. Dat ass eng vun de Stäerkten vum Blog gewiescht an der Vergaangenheet.
- Fir meng Auteuren wënschen ech mer, dass mer weiderhin Qualitéit virun alles anescht setzen. Mir sinn all Studenten, fir eis all ass dat en Hobby, an och wann mer eis wënschen all Dag bloggen ze kënnen, fir dass eisen Output wiisst, sou ass dat net realistesch. Wann en Thema schäiss ass, ass et schäiss a muss net bruecht ginn, just fir iergendeppes ze schreiwen. Mir si weder e Gossipblog, nach philosophesch oder politesch, et geet ëm Popkultur – wat ënnert dee Fächer fällt gehéiert hei hin. Mir sollten eis rëm méi dorop besënnen a versichen zwar ëmmer präsent ze sinn, mä eis awer mat dem Fräiraum ufrënden, dass heinsdo einfach Rou ass.
- Eng Onaart, déi ugefaang huet, zënter dass mer e bëssen iwwer d’Walen a Lëtzebuerg geschriwwen hunn, an déi onbedéngt rëm verschwanne muss, ass, dass mer Pianocktail an eisen Artikel definéieren – sief et als en net-politesche Blog oder soss iergendeppes. Dat kléngt einfach sou 90er-Joeren “new cool” an et hänkt mer zum Hals eraus. Schluss domat.
- Eis Aarbecht mat Biller ze schaffen an méi gemeinsam Artikel ze verfaassen sollte mer wierklech bäibehalen, well den Echo bis well positiv ass, an et de Sënn vum Blog méi frëndlech riwwer bréngt. Pianocktail soll ëmmer relativ spilleresch bleiwen, Méiglechkeeten hunn fir eppes neies ze probéieren, a virun allem faarweg sinn.
- Zu der Bloglandschaft am Allgemengen: de Joël huet et a sengem State of the Onion ugeschnidden, an och wann ech dee Moment opgrond vun engem bestëmmten Kommentar net gewëllt war weider ze diskutéieren (wéi gesot: 2010 ass Schluss domat), sou hunn ech et alt rëm e pertinenten Diskussiounusaz fonnt. Ech denken, dass mir bei Pianocktail kënnen eng Virreiderroll anhuelen fir dass méi Leit Blogs bedreiwen, vue dass mer wierklech eng zimlech grouss (fir lëtzebuergesch Verhältnisser) Lieserschaft hunn. Dowéinst wëll ech dann och méi fein mat de Leit an de Kommentaren sinn, well ech net wéi de grousse Leviathan riwwer komme wëll, deen aner Leit Meenungen ënnerdréckt. Vill méi, wëll ech méi Blogs: ob op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Esperanto oder soss enger Sprooch, déi e Bléck aus eisem klenge Ländchen op d’Welt riichten. Et wier wichteg als Géigegewiicht zu der Iwwermuecht vu Wort an RTL.
Dofir zum Ofschloss en Opruff: schreift Blogs, mellt iech bei mir, ech verlinken iech, kritiséieren iech, luewen iech, ënnerstëtzen iech, a virun allem liesen iech. Egal wéi kleng an onwichteg (ween decidéiert dat eigentlech?) är Gedanke sinn: deelt se mat eis. D’Internet ass eng grouss Toilett, mä tëscht deem ganze Schäiss fënnt een eng ganz Rei Pärelen. Dir kënnt déi Pärel sinn.
(Bei all deem Pathos zum Schluss kréien ech Loscht Avatar ze kucken.)
Foto source: http://www.flickr.com/photos/bluebee/3098507178/


Wat der Däiwel ass mat deem Piano do?
Et ass een Pianocktail. Steht ob manst esou op flickr. Gesait och e bessi esou aus, wéi wann de Chris an de Jacques sech an d’Hoer kritt hätten an sech dann mat allerlee heichprozentegem erem versöhnt hätten.
Also, dass een no iwwer 3 Joer wou et dëse Blog gëtt, nach net weess wat e Pianocktail ass, pa, dat ass enttäuschend. ;)
(Bei all deem Pathos zum Schluss kréien ech Loscht Avatar ze kucken.)
Déi ass gudd. :-D
Prost neijoer