Et gëtt absolut keng Excuse dofir, dass ech dat hei well hei bréngen, ausser dass ech wierklech net méi wëll an dem Simon Cowell säin Aaschgesiicht kucken, wann ech an den Internet ginn, mä hei ass da mol e Versuch et aneschters ze legitiméieren.
Vue dass eventuell iergendeen op Sylvester op eng Party geet, wou en sech verkleede muss, ass et sécher eng Iddi fir als Na’vi dohin ze goen. Wéi een sech anstänneg zum Na’vi schminkt erkläert dësen Tutorial mat nach e bëssen witzegen Diskussiounen iwwert de Film dobäi.
PS: jo, ech hu keng Review vun Avatar bruecht. Mä ausser den Effects gëtt et wierklech kaum eppes wouriwwer ech schwätze kéint, ausser de puer witzege Momenter. (***/**** mat Bonusstär wéinst Effects-bedéngter Ënnerhalung)
PPS: E Gudde Rutsch an d’neit Joer wënscht iech déi ganz Ekipp vum Pianocktail. Nächst Joer schaffe mer vläicht och rëm bësse méi.
[via TheFilmExperience]

Mech jo och.
http://blog.pianocktail.lu/2009/10/29/fantastic-mr-fox/