
De Simon Cowell, dee Mann deen d'Chrëschtdags-Charts sou virausséihbar mecht wéi d'Wahlen an Nordkorea
Pianocktail mecht keng cheesy Chrëschtdags-Posts, mä dofir wollt ech iech eng kleng Anekdot zielen, wat grad a Groussbritannien geschitt ass:
Eng vun de populärsten TV-Show momentan ass The X Factor, wat graff sou eppes ass wéi “Das Supertalent”. An der Jury sëtzt ënner anerem de Simon Cowell, dee soueppes wéi de Pendant zum Dieter Bohlen ass: en dommt Aarschlach (Pianocktail, dee politesch net ëmmer korrekten Blog), deen awer eng gutt Hand fir Trends an Popmusek huet.
Säit Joeren ass et eng Traditioun, dass déi éischt Plaatz an den Singlecharts fir Chrëschtdaag vun der aktueller X-Factor Single beluecht gett. Et gëtt och chart-technesch en allgemengen Konsenz, dass d’Chreschtdaagstopsingle déi wichtechst Chartplatzéierung am Joer ass. Sou sollt dat dann och desst Joer sinn.
Wann sech net am Internet zwee clever Leit zur Aktioun “Rage Against the X-Factor” zesumme gedoen hätten, an op Facebook, Twitter an Blogs Leit dozou motivéiert hätten, d’Rage Against The Machine Single “Killing In The Name Of” ze kaafen (fir déi, mat manner Popbildung: dat Lidd huet déi ikonesch Zeil “Fuck you, I won’t do what you tell me”) ze kaafen, an ze probéieren desst 1992er Meeschterwierk op d’Plaz 1 ze pushen.


Ech hunn déi RATM Aktioun exzellent fonnt. Epic win indeed.
Do gesäit een d’Méiglechkeeten vum Netz a vun Social Networks.
Dat war mir déi 99p esou wert. :D
ech hu leider kee briteschen iTunes account, soss hätt ech dat och gema :)
“Britain’s got Talent” ass déi britesch Versioun vun “Das Supertalent”. Deen aktuellen däitsche Pendant zu “X Factor” ass “Deutschland sucht den Superstar”
Thorben: Fir dee briteschen iTunes brauchs de mol keen Visa, deen geet och mat Solo. Oder mat Giftcard, déis de an all HMV, WHSmith, asw. kriss. Ass dowert, zumols elo wou d’Pond esou niddreg ass, kascht den briteschen iTunes manner ewéi dee lëtzebuergeschen. :)
Jo, mä kann iTunes dann mat 2 Accounts eenz ginn? Ech hat dat nie probéiert, well ech net wousst, wei dat geing goen.