Säit 14 Auer ass op Tocotronic dee neien Video zur Single “Macht es nicht selbst” online.
Dat ass natierlech absolut genial, an normalerweis sollt sou e Video jo en Ausbléck op dee kommenden Album sinn. Wann deem sou ass, da gett dat eng komesch Zäit. “Wer zuviel selber macht / Wird schließlich dumm / (Ausgenommen Selbstbefriedigung)” huet op allen Fall Potential zur Zeil vum Joer 2010. Am Video selwer gesinn Tocotronic wierklech, wierklech fuerchtbar aus, d’Musek rockt, den Text ass bizarr. Ech hunn d’Gefill, Tocotronic ginn textlech emmer méi wäit, während se sech musikalesch rem a richtung Start beweegen. Ech kéint mech awer täuschen. Weiderhinn laafen 2 kubrickesque Biberen duerch de Clip, déi um Ufank danzen, sech dann op d’Schness schloen, sech dann mat Acrylfaarw aschmieren (wien mecht soueppes? kritt een dat iwwerhaapt nach roof?) an sech dann ufänken (aha).
Komescht Geschier. Egal. Ech freen mech op deen neien Album

Gutt Lidd, awer net wierklech dat bescht vun Tocotronic. Op dem nämlechte Niveau wéi “Kapitulation” als éischt Single war, hoffe mer, dass nach sou Monsterlidder wéi “Sag Alles Ab” an “Imitationen” als Singles nokommen.
Yay, ack!
Oh fuck, ech lauschtre lo “Imitationen” op Loop. Damn you, Thorben!
Wéiwann dat eppes schlechtes wier. Dat ass jo awer wierklech e wonnervollt Lidd. An Explosionen. A kuck dat doten: http://www.youtube.com/watch?v=iEi1eQXyfSU
Ech kennen immens vill Leit déi sech mat Acrylfaarw beschmieren wann se raus ginn. All Kéier wann se rausgin. Du wunns jo och a Schottland, so nët dat géif et zu Edebuerg nët ginn.
Fede, du hues eppes verpasst. Wat erklären ech dir net.
Ech freen mech op Januar. An den Dirk gesait, wei emmer, hinraissend aus.
Hinraissend? Hunn se dir zu Paräis däin Verstand fir Gout geklaut?
Ech fannen heen (wei och schon virdrun) schéin. : )