No knapp enger Minut vum Interview seet de Jens Lehmann, Goalkeeper vum VfB Stuttgart, eppes entscheendes. Op d’Fro no der well vill diskutéierten Aktioun vum leschte Sonndeg an där de Lehmann, kuerz virdrun wéinst enger Tätlechkeet vum Terrain geflunn, engem Fan vu Mainz de Brëll geklaut huet. De Lehmann seet, hie wier op sou Situatiounen net virbereed, dass en schon ënner Drock aus engem Stadion kënnt an e Fan vun der géignereschen Ekipp hien bedrängt während Kameras op hie geriicht sinn. De Kerner wier jo och net dorop virbereed, dass een vu senge Mataarbechter zu him um Wee aus dem Studio géif soen, hie sollt mol besser Froe stellen fir méi Quot ze bréngen.
De Kerner nickt. Soss näischt.
An dat ass d’Diskussiounskultur wéi se bei däitschen Talkshows, bei Kerner, Jauch, Beckmann, Maischner an Illner normal ass. Et gëtt keen Nohoken, et gëtt keng kritesch Froen, et gëtt just genickt. E gudde Journalist hätt gesot: e wier villäicht op net all Situatioun virbereed, mä e sozialt Verhalen wier him awer bäibruecht ginn, wat en och a sou Situatiounen ofruffe kann. Mä net beim Kerner. De Kerner gëtt just Virlagen, a stellt keng Froen. De Kerner weess scho ganz genee wat als Äntwert komme wäert, a wann e bestätegt gëtt ass en zefridden. De Kerner huet net den Usproch Informatioun ze leeschten – et geet ëm Show a Sympathien. Sou sëtzen sech mat Lehmann a Kerner zwee Typen géigeniwwer, déi net méi verschidde kéinte sinn – den een ambitiéis, aggressiv an kontrovers, den aneren bescheiden, an onmotivéiert: mä awer gi se sech genee dat wat se brauchen. An zwar eng Plattform op där se allenzwee als Sympathiedréier ausgesinn.
D’Resultat: déi lächerlechsten Excuse fir en Interview, op dat vill Leit gewaart hunn, säit laangem.

Ech empfehlen “3 nach 9″. Eng Talkshow dei all 4 Wochen Freides Um NDR leeft. Den Moment modereiert vum Charlotte Roche (…) an vum Giovanni di Lorenzo, dem Herausgeber vun “Die Zeit”. Ech fannen heen as derzeit den beschten daitschen Talkmeeschter. D’Sendung huet Niveau an d’mescht (mir op allen Fall) emmer erem Spass dem di Lorenzo seng hartnäckeg an intelligent Froen oder Awänn ze heiren.
Ech kréien jo am Fong wéineg mat vun der däitscher Telé. Mä déi Sendung wollt ech och mol nach eng Kéier gesinn.
Ech wëll just eng Talkshow an engem Haaptprogramm, an där de Lehmann géif kritesch hannerfrot ginn – an domat eigentlech jiddereen, deen dohi kënnt.
Ech denken, daat do wir bei menger leifster uewen genannter Sendung net esou passeiert.
Bon Kerner ass jo wierklech den Déifpunkt vun däitscher Mediekultur iwwerhaapt. Dee kritt emol keng Kachsendung moderéiert, ouni peinlech ze sinn.
Aus Switch fällt mer do eng Szen an wou de Kerner (oder war et de Beckmann?) do setzt a freet, ganz empathësch:”So eine Vergewaltigung, was ist das für ein Gefühl? Was denkt ein Mensch da?”
Bon, Kerner ass wierklech ee schlecht Beispill fir Diskussiounskultur. Dat ass eher leichte Unterhaltung. Ech sinn jo eigentlech en heemlechen Fan vum Anne Will, dat huet nach e bëssi Bëss. D’Charlotte Roche kann een awer och wierklech ouni Bedenken weider empfielen (a wann et och schonn nëmmen ass fir der grausamer Elisabeth Motschmann een auszeweschen).
De Kerner an de Beckmann si jo wuel dat schlechst wat et an Däitschland vun Talkmastere get. Datt de Kerner och en onsympathescht Aaschlach ass, wësse mer Säit sengem Optrëtt beim Amoklaaf zu Erfurt.
Du hues Recht, Kritik ass komplett fehl op der Plaatz an deene meeschten däitschen Talkshowën. Deen eenzegen däitschen Talkmaster (dee mer lo afällt), dee wierklech kritesch ass, ass de Michel Friedman, mee bon, déi arrogant Koksfress wëll ee jo nët wierklech gesinn.
Ech mengen awer datt s de dem Jauch e bessi Onrecht deess. Stëmmt, en huet vill Schrott moderéiert, ech fannen et awer ëmmer schwéier bei him fir ëmzeschalten, egal wéi schlecht de Programm ass…
Et fehlt ob esou ville Plaatzen un Diskussiounskultur, dass am Fong net ze glewen. D’Anne Will brengt et och färdeg, déi absolut wichtegst an pärtinentsten Fro gaanz zum Schluss ze stellen an sech dann vun wischiwaschi oflenken ze lossen. Gouf et jo eng ganz bezeechnend Situatioun mam Schäuble.
Main Draam ass et jo, eng qualitativ Late-Night-Talkshow um Radio ze moderéiren. An engem Studio, an dem därf gefemmt ginn. (Zu dem Zweck géif ech dann och ufänke mat femmen, an zwaar Zigaretten vun der Marque Pina Colada.)
De Kerner woer, ass an wäert wuel ëmmer eng Nullnummer bléiwen.
Soft, softier, Kerner.
De Beckmann ass natierlech kee Spoun besser, wéi anerer schon bemierkt hunn.
Virun Joeren hat ech e puer mam HARDTalk vun der BBC gesinn. Deemools nach mat deem aneren Moderator/Journalist, wou ech lo den Numm vergiess hunn. Déi Interviewen woeren net schlecht. Hautzudags huet och de Jon Stewart heiandsdo interessant a kontrovers Interviewen (wa seng Gäscht sech dofir ubidden), mee si sinn natierlech extrem kuerz. Oft kann een déi awer an der ganzer Längt dann um Site kucken.
Säit Joeren siche mer op Pianocktail en Thema, wat all eis Lieser usprécht, briechen eis Been mat Reviewen, Haikuen, 4-Aen-Reviews, Gruppenbespriechungen an et dingt näischt. An elo kennt Kerner, an schonn zéihe mer all un engem Strang. Heureka.
Ech hu keng Telé, kann dofir net matschwätzen.
Du hues dach doheem eng Tele?!
Jo, mä ech sinn nie doheem. A wann ech doheem sinn, ass déi besat. An a Schottland hunn ech keng.
Jo ok, mä komm, sou ass et bei eis alleguer. A wann de Chris e Post iwwer dem Kerner seng Sendung mëscht, dann ass et jo sou dat hien dat doheem gesin huet, a nët a Groussbritannien. An hien huet e Brudder, do wäert och secher mol Rivalitéit em d’Telecommande bestoen, aanescht gesot, s’ass och bei him bestëmmt oft besat. An deem Sënn Thorben: Jo du hues och eng Tele! :)
An op der Uni hu mer soubal ech wees all keng. An dach wees ech dats du, wéi mir all och, den iPlayer ganz gär hues. Wou soss kucks de zB dem Tucker beim Fluchen no? Jo, Thorben, du hues eng Tele.
Thorben, ech haat daat “Thema, wat all eis Lieser usprécht” scho mat House M.D. fonnt. Sorry…