milktoof

Ech haat geschter a mengem Feed Reader dat allerléifst wat ech je gesin hun. Naja, vlaicht nit dat allerléifst, mee di Iddi an d’Ausféiereung dovun si scho béis cool an zimlech genial.
Den Ickle an de Lardee sin zwee Mëllichzänn, an den Ickle stung enges moies virum Inhae, dem Verfaasser vun desem Blog, senger Dier a soot ‚Hello!’.

hello

“When I was young, I placed my baby teeth under my pillow and when I woke up I’d find a shiny new quarter. But whatever happened to those little teeth? Where did they go? Would I ever see them again?”

cupcakesA sou fennt een op My Milk Toof Fotoreihen wou zwee Mëllichzänn hier Abenteuer erliewen. Di Iddi as sou léif an härzeg, dat wiermt main Meederchershärz. An dann as d’Ausféierung wierklech richteg flott gemaach. Mat vill Léift gin di zwee Zänn opgestallt a kreie Kostümer gemaach, wei zum Beispill bei deser Halloween-Geschicht. E besse Profit get rausgeschlo andeems Postkaarten zum Verkaaf stin, an ob Twitter sin di zwee och ze fannen. Ech kann dese Blog nemmen empfehlen fier all grousst a klengt Kand, et as sou flott ze kucken wat di zwee Zänn erliewen.