Ech krut gëscht iwwert dem Fede (firwat bloggt de Fede hei eigentlech net) seng Matbewunnerinn en Invite fir Spotify. Nodeems Spotify 3 Joer u mir laaschtgaangen ass.
Ech hunn e Problem mat deenen Web 2.0 Applikatiounen: Fréier hunn ech en MP3 Player gebraucht, dann hunn ech mir WinAmp besuergt. Ech hunn en Video Player gebraucht, ech hu mir VLC roofgelueden, ech hun en Textprocessor gebraucht, ech hu mer Word roofge…erm…kaaft! Am Web 2.0 ass dat anecht: Ech hu mäi Liewen, ech si frou domat an et feelt mir un näischt. Dann kréien ech en neit Stéck Software (Twitter, Facebook, Spotify…) an dann muss ech fir t’éischt mol an d’Wikipedia kucke goen, wat et ass an wat ech domat man. Fréier hunn ech e Bedürfnis gehaat, an dann Software dofir besuergt. Am Web 2.0 leeft dat aanecht: Ech hu Software, déi erstellt dann e Bedürfnis, déi et dann och selwer stëllen kann.
An sou wor et och mat Spotify: Ech hu keng Aanung wat dat sollt sinn. Et ass kuerz erklärt eppes tëscht Last.fm, Pandora, iTunes an Napster (deen aalen, Web 2.0, sorry wann dir dee net méi kennt).
Vun iTunes huet et, dass et e Programm ass, mat deem ee ka Musek lauschteren a kaafen.
Vu Pandora an Last.fm huet et déi Geschicht mat Radio, Recommandatiounen etc.
Vu Napster huet et, dass et P2P ass.
Spotify ass also en Musékplayer, dien eng rieseg Library huet, déi een ka gratis a legal benotzen an kann ob sengem Computer streamen. Dat ass richteg sou: Gratis Musék lauschteren ouni Hoken an ouni Aschränkung, dat wat ee wëll, wéini ee wëll an wou een well.
Wat net sou einfach geet ass: Späicheren, et kann een Musék net einfach rooflueden, mä vue dat Spotify e gudden Musékplayer ass, geet dat jo och duer. Fir £9.99 kann een d’Reklammen ausblenden (do laafen richteg Radioreklammen) an d’Songs späicheren, fir se zum Beispill op en MP3 Player ze setzen. Wow.
Saachen, déi ech géing op iTunes fannen, fannen ech och op Spotify. Hieren Katalog ass immens, mä natierlech fënnt een net alles (den neien St. Jude’s Law Infirmary Album deen ech ëmmer besser fannen zum Beispill net).
Spotify ass all d’Musék zum lauschteren. Elo. Direkt. An do stéiert mech e besschen, dass deen Effort fir Musek ze kréien quasi Null ass. Ech si kee Purist an näischt, mä ech froe mech op Musek devaloriséiert gett, doduerch, dass de Präis (an den Obwand) fir se ze kréien op Null duergeet. Op iTunes hunn ech missen en Euro dofir ausginn, op YouTube haat ech schlecht Qualitéit an en onméiglechen Player, mä Spotify kënnt wierklech dohier wéi eng rieseg Bibliothéik. Wat ass meng iTunes Library wäert, déi 7433 Lidder déi ech an Rouh zesummengesicht hunn, wann ech all déi Musék ka gratis hunn? Mä Pathos mol op d’Säit, ech fannen Spotify genial, an ech weess, dass et fir mech net kann ersetzen wat eng LP mir bidd, an eng CD kann déi net ersetzen, den iPod kann d’CD net ersetzen, an sou wäert Spotify och näischt dovunner kennen komplett ersetzen. Mee awer a groussen Deeler. Dat eenzegt, wou ech Musek net vun Spotify wellt hunn, wier fir speziell Versiounen, seelen Musek oder sou. Mä fir de Rescht ass dat dach zimmlech egal?
Ech haassen Predictiounen, mä hei ass keng: Wann se clever genuch sinn, ka Spotify iTunes killen an den MP3 Player, wéi mir e kennen, mat. Et gëtt Spotify Mobile fir Symbian an iPhone (ech haassen den iPhone nach emmer, mä en huet einfach déi besser Apps). An wann ech 95% vun der Musék déi ech well, plus 1.5 Milliounen Lidder déi ech potentiell kéint wellen, ka mathuelen, firwat brauch ech dann en iPod, just well dee mir déi 5% Musek gett, déi ech och nach well, awer net op Spotify fannen. An ech schätzen dass fir den normalen iPod User déi 5% éischter bei 0% leien. Sou Indie si mir jo alleguerten net. Krankheeten déi bis dohinner nach ze bekämpfen sinn, sinn lues 3G Netzer an 3G Coverage. Mee a Stied ass dat scho bal geklärt a kee Problem méi. An de Rescht zitt noo. Handyen ginn emmer méi zu Computeren mat Internet an eiser Täsch. Wann Spotify dann nach zougänglech gëtt an aaneren Länner ausser Groussbritannien, Schweden etc, an iergendwann den Mobile Data Roaming der Vergaangenheet ugehéiert (go Viv! oder ween lo do setzt), dann sinn d’Konditiounen perfekt. A wa Spotify d’Uewerhand behällt, kennen se deen Virdeel fir sech notzen.
Ween d’Chance op en Invite huet, fuert duer! Spotify ass genial. An en huet AudioScrobbler Integratioun.

Ech haat virun engem Joer eng Invit an den Service geht awer net fir Letzebuerg.Kann een offenbar emgoen,mee ech hun net gecheckt wei.Op alle Fall,Spotify as zimmlech cool an falls du eng mei checks,huesde meng Mail.:)
Plenner a Groussbritannien :)
Apple preparéiert sech jo awer och fir gestreamten Musek aus der Cloud an sou: http://bit.ly/5hgDgv
Et gëtt menger Meenung no nach wäit nët genuch flächendeckend Netzofdeckung fier dat een MP3 Playeren baue kann déi just op Streaming baséieren. Wat mëss de an der U-Bahn, am Fliger, am Keller, am Zuch deen duech d’absolut Pampa fiert? Wat beim Telefonéiren nët stéiert, well een jo nët permanent um Handy hänkt, ass bei Streaming scho vill méi nerveg. An ob déi 3333 Titel déi Spotify tëschespäichren kann do emmer eng Léisung sinn, wees ech net. E Lidd wat op eemol ënnerbrach gëtt nervt, egal ob ech dann kann einfach en aanert lauschtren wat tëschegespäichert ass. Do fehlt einfach nach vill Infrastruktur. Ausserdem zidd dat och vill méi Bandbreet wéi wann ee kuerz Facebook um Handy oprifft. D’Leit wäerte sech sëcher nët méi mat mëttelalterlechen 128 kbps zefridde ginn, an déi meescht Leit lauschtren menger Meenung no och méi laang Musek wéi se telefonéiren (obwuel dat just aus dem Gefill raus gesot ass). Alles eng zousätzlech, méi grouss Belaaschtung fier virun allem mol Mobilfunkbedreiwer. Dat kanns de och nët mam Amazon Kindle vergleichen, dee jo vill manner oft a vill manner laang Daten aus dem Netz zidd.
Mä, alles dat wëll nët heeschen dat ech soen dat et nimols souwäit wäert kommen. Well, ech si mer secher dats de Recht hues. Just net muer, an och nët iwwermuer (wéi laang ass Tele um Handy schon beworben ginn? Wou ass dat haut? Ech hat 2005 schon Testweis deemols TangoTV kennen um Handy kucken, mä ‘t ass alles d’Baach erof gaang).
Op alle Fall wäert Spotify trotzdem nët en iTunes Killer sinn. Apple si jo nët grad déi déi d’Zukunft u sëch laanschthuschen loossen. Ech giff bal éischter soen dat Spotify misst oppassen nët vun iTunes iwwerrannt ze ginn. An di nei iPods hun jo souwéisou schon Wifi zougang. An den iPhone zousätzlech 3G. Apple huet d’Technologie scho laanscht, an aner Firmen sin och nët méi domm.
Amen.
Spotify ass zimlech brillant, net nëmmen vun der Funktiounsweis, mä och de Client ass propper programméiert. Kee Wonner, well derhannert stécht och den Ludvig Strigeus, deen schon fir déi brilliant scummVM an utorrent verantwortlech ass.
Virun allem erstaunlech ass och, dass och d’Sich no Lidder trotz riseger Datenbank praktesch instant funktionéiert. Wat een vun iTunes wierklech net behaapte kann. Ech mengen Spotify ass een éischte Schratt a Richtung Musék-Kulturflatrate.
Ech kann nëmmen hoffen, dass Spotify eng wierklech Konkurrenz zum grotteschlechten iTunes gëtt, schonn nëmmen fir dem proprietären Gehabe vun Apple eent auszeweschen. Btw, dat heiten ass ganz interessant ze liesen: http://www.heise.de/newsticker/meldung/Berater-iPhone-Fans-leiden-unter-dem-Stockholm-Syndrom-882497.html
Et gëtt awer och eng Méiglechkeet fir ouni Invitatioun aus Letzebuerg den Spotify ze benotzen. Dofir brauch een bei de Registréierung leedeglech en UK-Proxy. Falls erwënscht, kann ech hei gären erklären, wéi et genau funktionéiert.
@fede: “Et gëtt menger Meenung no nach wäit nët genuch flächendeckend Netzofdeckung fier dat een MP3 Playeren baue kann déi just op Streaming baséieren.”
Korrekt
“Wat mëss de an der U-Bahn, am Fliger, am Keller, am Zuch deen duech d’absolut Pampa fiert? ”
Vill Ubahnen hunn Handyreseau, an dat wäert sécherlech ausgebaut ginn. An der Lescht mol mat RyanAir geflunn? Nach nie ob engem Fluch gewiecht, wous de kanns Telefoneieren an WLAN hues? Zuch? WLAN!
Ech ginn der recht, dass et fir de Moment nach an de Kannerschung stecht. Mä: fir de moment ass en iPhone (= iPod + Spotify via 3G) dach en gudden Hybrid. An ech ka mir net viirstellen dass dat iergendwéi ze stoppen ass, en double Play tescht WLan an 3G, oder awer 3G an Noofolgstandards alleng.
An VOXvision an Tango TV woren zur falscher Zait mat der richteger Idee.
@elwood, och an UK brauchs de well en Invite. Ech hu laaaaang misse waarden :)
@Thorben:
dat stemmt leider net ganz, well ech hunn Virgeschter nach 2 Leit ouni Invite ugemellt :)
Esou gëtt et gemeet (kann gären geläscht ginn, falls net erwenscht):
Spotify:
………………………………..
1. Go to: http://unblocker.biz/
2. Enter: http://www.spotify.com/en/get-started/
3. Register account (United Kingom, Postal Code: SW1A 1AA)
4. Download Client from here: http://www.spotify.com/download/
“Vill Ubahnen hunn Handyreseau, an dat wäert sécherlech ausgebaut ginn. An der Lescht mol mat RyanAir geflunn? Nach nie ob engem Fluch gewiecht, wous de kanns Telefoneieren an WLAN hues? Zuch? WLAN!”
Thorben: Ech kennen keng U-Bahn déi et huet, an ech war och nach a kengem RyanAir Fluch mat Handynetz. Och am Zuch hat ech nach nie WLan. Allerdings an engem Megabus.
Wat ech wëll soen ass: ech gleewen der datt et gëtt, mä, an do si mer eis jo eens, et ass nach nët wäit genuch entweckelt.
An den vun dir ugeschwatenen Hybrid ass sws dat wat perfekt wier: Méiglechkeet ze streamen, an awer nach en eegenen Späicher mat dene Lidder déis de der kaaft hues (also nët just fier tëschenzespäichren). Ëmmerhin wells de jo och heinsdo d’Lidder selwer verwenden an Projeten verwenden etc.
Op alle Fall, ech wees nët, mä mer schengen eis jo eens ze sinn! ;)
Elwood: Ech kann der do nëmmen bedengt Recht ginn. Wann ech am iTunes a menger lokaler Library sichen, fënnt en och ëmmer direkt dat richtegt Resultat. Wann ech am iTunes Store sichen, dann net. Fierwat? Well deen als Internetsäit opgebaut ass, an déi lueden eben nët vun enger Sekonn op déi aner. Do ass Spotify aanescht, well dat nët iwwert d’Lueden vun enger Webpage geschidd. An an där Hinsiicht baut den iTunes Store jo och nët dorop, der sekonneschnell Sichresultater ze brengen – bei denger lokaler Library, do wou et wichteg ass, geet et awer och am iTunes.
An à propos “proprietärt Gehabe”: Wanns de am iTunes Store eppes keefs, ass déi Datei absolut DRM fräi, du kanns domat maachen wats de wëlls, souguer den Arsch ofbotzen. Wat ass do proprietär? Oder denks du dobäi un den iTunes Store selwer? A wann, do gesin ech net wat de Problem ass: et ass eben hieren Onlineshop, an domat kënne se jo man wat se wëllen. De Protokoll vun Spotify ass an där Hisiicht jo genau sou proprietär.
Hei ginn am Moment souwéisou Äppel a Biere verglach. Nach erfëllen déi zwee Programmer e komplett anren Zweck, an dofier ass et falsch ELO ze soen dat deen ee Programm dem anren iwwerleeën ass wins X oder Y. Spotify ass Streaming, iTunes kaafen & lokal Späichren. Dat beschte Beispill dofier dat sech déi zwee momentan souguer ergänzen ass, dat wanns de bei Spotify e Lidd kaafen wells, dat jenodem wéiee Label et ass dat ganzt iwwert den iTunes Store ofgeweckelt gëtt.
Ech hat zu Wien an zu London meeschtens an der UBahn handy. Dass de op kengem RyanAir Handfluch wors ass pech, mä si hunn et suguer well an den Usoen erwähnt. Megabus rockt. Mee wat streiden ech do mat där, mär sinn eis jo eenz, oder nit?
Spotify soll an den Google Nexus nahtlos integréiert ginn. Fuck iPhone :)
elwood: dat funktionnéiert perfekt!
Seriö? Firwat bei mär net?
Jo, seriö. Hunn einfach dat gemaach, wat hien do beschriwwen huet. Wat geet dann bei dir net?
Maja, suguer wann ech eng Britesch IP hunn (well ech jo do wunnen) brauch ech awer en Invite fir en Account opzeman
Du benotz jo scho rem “mär”!
@elwood:daat war jo esou einfach wei Bonjuer.Villmols Merci!:)
Tiptop dat doten!
Freet mech gehollef konnten ze hunn :)
@Thorben:
Dat kléngt villäicht elo bëssi no fuzzy logic, mä hues de schonn probéiert iwwert déi Proxy-Säit ze fueren, och wanns du eng UK-IP hues? Villäicht funktionéiert et bei Briten och einfach prinzipiell net, hehe.
Ma ech duecht de Prinzip vun deem Proxy wier, dass de eng UK-IP kréichs, well eben fréier Spotify ouni Invite just fir UK, SE an sou weider wor. Mä gutt. Kanns de mat dengem “falschen” Spotify Account dann och méi laang wéi déi 2 Wochen Musek lauschtren, oder muss de Spotify dann och iwwert e Proxy bypassen?
elwood:
Nach eng Kéier Merci! Spotify ass wierklech saugutt!
Jo leider muss een sech all zwou Wochen eng Kéier iwwert een UK-Proxy frësch aloggen oder et mecht eens ech einfach en neien Account.
Fir sech fresch anzeloggen geet ganz einfach:
1. Sech een UK Proxy sichen z.B. hei: http://www.xroxy.com/proxy-country-GB.htm
2. Am Spotify ënner “Edit > Preferences” bei “Proxy” d’IP, de Port an den Typ vum Proxy aginn.
3. Ausloggen an eng kéier fresch aloggen.
Et voilà. Falls dat ze komplizéiert ass, einfach en neien Account maachen ;)
Hm, dat mat deem Proxy klappt sou net … kréien ëmmer en ‘unable to connect to Spotify’ …
Hmm jo, déi Proxyen funktionéieren leider net emmer an dat Ganzt ass och zimmlechen Gefummels. Et ass méi einfach en neien Account ze machen, eng valide e-mail ass emol net noutwenneg, well den Account direkt aktivéiert gett ;)