Malcolm Tucker.
Tucker.
Tucker. Tucker. Tucker.
De Malcolm Tucker ass dem Premierminister vu Groussbritannien säin Press- an PR-Beroder an dem Premierminister säin Spin-Dokter am A. Ianucci senger brillianter Komédie “The Thick of It” an am Spin-Of
f “In The Loop”. Déi meescht Lieser, och wann se Serien-Fans sinn, wäerten “The Thick of It” vläit net kennen, well d’Serie zimmlech UK-laaschteg ass, an vläit obgrond vun zevillen Insiderwitzer ausserhallef net esou gutt fonktionéiert. Graff gesot ass “The Thick of It” eng Versioun vun “The Office” déi an engem Ministère, dem DoSAC (Department of Social Affairs and Citizenship) spillt, wou inkompetent Ministeren an inkompetent Mataarbechter sech wéi kleng Kanner opféieren. Eben sou, wéi am richtege Liewen.
De Malcom ass Schott a kënnt dohier als eng modern Versioun vum William Wallace: En agressiven, mëttelaalen Mann, dee liicht gereizt gëtt, an deem säin Archiv un perfiden, brutalen an erniddregenden Beleidegungen esou onendlech schéngt, wéi d’Lëscht vu Saachen, déi mir allerguerten nach gären géingen bei Amazon kaafen. Dobäi sinn e Koup vu sengen Beleidegungen trotzdem ganz afallsräich, mat Momenter suguer geeschträich. Dat ass och net weider verwonnerlech, well, trotz aller Brutalitéit ass de Malcolm Tucker virun allem eppes: Genial an e Meeschter an deem, wat e mecht.
Wat kann een vum Malcolm Tucker léiren, deem brutalen Schott, dee jhiddereen haasst an dee keng Frënn huet, dofir awer d’Regierung esou gutt et geet zesummenhällt?
De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi et vläit heiansdo einfach gerechtfäerdegt ass, puer Gewalt unzewennen, wann een weess, dass et dat Richtegt ass. Zwar huet den Tucker – the all-swearing eye – an deenen läschten Episoden Feeldécisiounen getraff. Mä trotzdem wor hien meeschtens dofir zoustänneg, fir d’Kaar aus dem Dreck ze zéihen, ze spinnen, wou et geet. An wou et hëlleft.
De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi Testosteron an Andrenalin Aufgaben heiansdo besser bewältegen, wéi Rouh an Iwwerleeung. Well et Momenter ginn, an deenen Rouh an Iwwerleeung einfach falsch ass, an net ubruecht ass.
Dat ganzt gëtt emsou méi kloer, wann een dem Malcolm seng lénks Hand kuckt, den Jamie McDonald, och Schott. Hien ass soueppes wéi eng krass Versioun vum Tucker. Dat kann ee sech sou viirstellen, wéi wann et géing eng béis Versioun vum Voldemort géing ginn, oder eng nerveg Versioun vum Björk. Den Jamie McDonald ass einfach nemmen brutal an kaal, an weist dofir awer kaum en Zeechen vu Cleverness oder Iwwerleeung. An dat mécht en manner impressionant wéi den Malcolm.
An der 5ter Episod vun der drëtter Staffel huet de Malcolm en Nervenzesummenbroch an fänkt mat Momenter quasi u mat kräischen. D’Figur Tucker kritt doduerch en Twist, deen ee scho laang vermudd huet: Kee Mensch ka nëmmen béis sinn, an och en Malcolm Tucker huet seng Momenter wou et net geet.
De Malcolm Tucker ass en genialen Charakter an der soss och genialer Serie “The Thick Of It”. Et ass sécherlech an deenen wéinegsten Fäll sënnvoll, eng Firma, eng Grupp oder eng Natioun mat kaaler Brutalitéit ze féieren, mä heiansdo ass et wichteg, einfach mol duerchzegräifen. An einfach mol op den Desch ze klappen. An de Malcolm Tucker liwwert saucool Spréch fir dat ze man.

Y’know, Fede, I’ve come across a lot of psychos, but none as fucking boring as you. You are a real boring fuck. Sorry, sorry, I know you disapprove of swearing so I’ll sort that out. You are a boring F, star, star, CUNT!
Ech si jo eher e stillen Geniesser vun Pianocktail, mä deen heiten Artikel ass einfach nëmmen Fail. Dat kennt wuel dovunner, wann een eng satiresch Serie mat der Realitéit verwiesselt.
Wat hei wuel vergiess gëtt ass de Fait, dass Serien selwer decidéieren ob eng Handlung erfollegräich ass oder net. Wann d’Produzenten wëllen, dass aggressivt Gorilla-Gehabe zum Erfolleg féiert, dann féiert et och dozou. Wann se eng reflektéiert an calme Approche zum Erfolleg wëlle féieren, dann geschitt dat ebenfalls esou.
Politikwessenschaftlech oder och diplomatesch, kann een vum Tucker net wierklech vill léieren, wat och an der Realitéit applizéierbar wier. Wien meng mat Macho-Sprech an “Testosteron” Situatiounen ze léisen, ass menger Meenung no ganz ganz sielen wierklech erfollegräich.
Hei kann ech dem Grommel nëmmen Rescht ginn:
Natierlech kann ech mam Kapp duerch d’Wand, mä als Erfolleg léisst dat sech wierklech net betruechten. Leit déi dat selwecht Resultat erreechen, ouni Tarzan ze spillen, dat sinn déi wierklech Helden.
Oh mei… Et dief een jo wierklech naicht kontroverses méi an engem Artikel schréiwen ouni dass een direkt geféierlech Aussoen mecht an den Artikel zu engem Fail gett. Jo, Realitéit an Fiktioun, elwood.
Natierlech sinn ech capabel Realitéit an Satiir ze ennerscheeden. Wat ass dat dann fir eng Ennerstellung.
Ech rechtfäerdegen hei net aggressivt Gorillagehabe a soen och net, dass den Tucker e Virbild ass.
Hey ëmmer cool bleiwen, et muss een och kennen e bëssi Kritik verdroen, wann een e Blog schreift. An neen, och bei engem “einfachen” Blog-Artikel sollt drop oppassen wat oder zumindest wéi en schreift. Ëmmerhin well een jo och, dass Leit et liesen an net nëmmen “jo an amen” soen oder?
Wann d’Iwwerschreft vum Artikel “Lektiounen vum Malcolm Tucker” heescht, dann kann een hei schon dovunner ausgoen, dass dem Tucker säin Behuelen hei virbildlech, eben als Lektioun, ka geholl ginn. Dat gëtt jo och ob verschidde Plazen am Text duerno ënnerstrach.
Wann een deen Artikel do als “Kontrovers” soll betruechten, dann betruecht mäin Kommentar eben och esou ;)
Grommel, huel der e Beispill. Sou kritiséiert een.
Elwood, ech verstinn waats de soen wells. Macho-Adrenalin-Action ass net de Wee wéi een Saachen soll upaaken. Ob daat lo emmer sou ass, oder nie, oder heiansdo,… sief dohigestallt.
Daat waat mech un der Kritik un deem Post hei gestéiert huet ass, dass den Thorben e Post mecht, an deem en seng Interpretatioun vun engem fiktiven Charakter gett, an seet wéi hien den Message hannert deem Charakter gesait an dann dowéint kritiséiert gett. Kritiséiert net wéinst der Interpreatatioun selwer (déi huet den Fede jo och kritiséiert, an do soot ech näicht), mais well en eng “potentiell geféierlech” Ausso mecht oder eng Serie mat der Realitéit verwiesselt. Eppes Kontroverses kritiséieren ass schéin a gudd. Dofier schréiwe mer jo kontrovers Saachen. Mais een kritiséieren well en Saachen schreift déi kontrovers sin an net emmer oppasst dass en kengem op d`Zéiwen treppelt, do ass en Ennerscheed. An Let permanent drop hiweisen dass se eventuell kéinten e beschen ze wait goen, daat brengt soss guernäicht wéi d’Welt all Kéier en klengt Steck méi langweileg ze maachen.
P.S. Ech gleewen och dass denken generell besser ass wéi einfach drop lasszegoen. Mais grad dofier ass den Tucker sou een flotten Charakter an mengen Aen.
Et mierkt een, dass ech haut net vill ze dinn hunn :)
Nic, mir ass keen ob d’Zéiwe getrëppelt a scho guer keen Blog-Post. Ech wollt och koengesfalls den Thorben attackéieren, ech sinn eigentlech frou iwwert deen kontroversen Artikel, well soss hätt ech elo näischt ze diskutéieren.
Mä soit, wann ech eng Lektioun vum Tucker geléiert hunn, dann ass et déi sech net esou ze behuelen. Och wann den Tucker-Stil villäicht oft déi méi einfach Methode ass.
An secher déi méi witzeg. ;)
Thorben:
> Ech rechtfäerdegen hei net aggressivt Gorillagehabe a soen och net, dass den Tucker e Virbild ass.
De Problem ass awer, dass genau dat do eben net aus dengem Post erauskënt. Wann s du schräiws “De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi et vläit heiansdo einfach gerechtfäerdegt ass, puer Gewalt unzewennen, wann een weess, dass et dat Richtegt ass” dann ass dat jo manifestement net just op die erfonnten Welt vun der Serie, mee och op dat realt Liewen gemënzt, oder? Wa net, wat fir en Wäert hätt dann deng Ausso? Zumools wells de jo vun ‘Lektiounen’ schwätz.
Dat selwecht gëlt fir “De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi Testosteron an Andrenalin Aufgaben heiansdo besser bewältegen, wéi Rouh an Iwwerleeung. Well et Momenter ginn, an deenen Rouh an Iwwerleeung einfach falsch ass, an net ubruecht ass”.
An deene meeschten Situatiounen kann een och einfach roueg an iwwerluecht soen: “Mir man dat elo esou wéi ech soen. Op iech dat lo gefällt oder net. Beschwéieren kënt der iech henno, wann et schiefgaange sollt sinn!”. Fir Läit einfach zesummenzeschäissen oder permanent vulgär ze fluchen mag an enger Serie witzeg sinn, am richtegen Liewen ass et primitiv an armséileg.
Sou, a lo schwätzt de Chef.
Den Artikel highlight fir mech zwou Saachen: éischtens, dass den Thorben et gutt gemengt hat, an awer iergendwou net ganz kloer ginn ass. Zweetens, dass mer net ganz eens ginn “The Thick of It” richteg anzeschätzen.
Dat wat den Malcolm Tucker ausmécht, a wat e sou aggressiv a prolleg mécht, ass, dass en an der britescher Regierung ass a funktionéiere muss wéi en Auerwierk. Hee muss de ganze Buttek zesummen halen a kucken, dass en iwwer d’Ronne kënnt. Well hie weess, dass säi Wuert Gewiicht huet an hien dat Ganzt an engem Ëmfeld vun Dilettanten a Leit déi hien aus der Positioun wëllen, duerchsetze muss, ass en dozou gezwongen sech sou ze behuelen wéi hien et mécht. Hie ka keng Kompromisser agoen, fir sech berufflech an och perséinlech ze schützen.
Wat déi drëtt Staffel awer och weist, a wat den Thorben och gutt erkläert, mä wou e vläicht net de richtege Lien gemaach kritt, ass wéi dat Behuelen un der Persoun frësst, wéi den Drock, funktionéieren ze mussen, keng Feeler ze maachen, an d’Kuar aus dem Schäiss ze zéien hien opfrësst.
Dat wat “The Thick of It” weist, ass, dass an dësem Aarbechtsklima de Malcolm Tucker muss mat alle Mëttel dee stäerkste sinn fir z’iwwerliewen, et ass sech awer och bewosst wéi dat d’Persoun u sech freckt mécht. Ob mer eppes vum Tucker léiere kënnen, eng Lektioun zéien? Jo, dass an enger Muechtpositioun een net kann Kompromisser agoen, wann kritesch Momenter do sinn. Dat ass sécherlech net op all Situatioun applicabel. Déi wichtegste Lektioun ass et allerdéngs, dass dat behuelen ee komplett freckt maache kann.
>> Sou, a lo schwätzt de Chef.
Do huet wuel een d’Lektioun vum Tucker e bëssi ze eescht geholl ;)
Ech sinn de Chef vu Pianocktail, an dofir hunn ech dat geschriwwen.
Firwat wor ech nemmen net ob enger A. Du hues mäi Punkt kloer gemaach.
Soss nach een eppes ze meckeren?
Jo: Di A-Witzer gi sulues aal. ;)
>> Soss nach een eppes ze meckeren?
Ech meckeren net, ech diskutéieren. Och wann ech hei net well drop rëm reiden, och dem Chris seng Erklärung huet mech net iwwerzeegt. De Problem läit net doranner, dass mir den Text net verstanen hunn mä, dass mir ganz einfach eng aner Interpretatioun dovunner hunn.
Trotzdem well ech iech hei net weider op de Saak goen an dofir loossen ech et einfach bei folgendem berouen: agree to disagree.
Fair enough. Trotzdem Merci fir den Input.
Ok, fir éierlech ze sin wor ech ze faul die meescht Kommentarer virun mer ze liesen, dofir hoffen ech lo mol einfach, dass ech naischt widderhuelen wat schon gesot gin ass.
Den Malcom Tucker steet net wirklech fir eng abstrakt Art Politik ze man oder parteiintern Agendaen durchzeboxen, den Malcom Tucker ass eng méi oder manner satiresch Karikatur vum Alastair Campdell, den Director of Communications and Strategy ennert dem Tony Blair. Fir genau ze sin ass die ganz Serie sou noh un der Realitait gebaut, dass een sech ufänkt ze froen wouhier den Iannucci dat Insider-Wessen huet. An wat die meescht jo wuel hoffentlech och gemierkt hun ass, dass den Inannucci dess extrem Form vun “swearing” nemmen benotzt fir iwert all Moßen ze schocken, net die brav britesch Bierger, mee éischter nach Producers vun der BBC. Wann een genau oppasst mierkt een souguer, dass an all Folleg d’BBC mindestens engkeier richteg ferdeg gemeet gett. Wéi wéit kann een als Sendung/Produktioun vun der BBC goen an iwert den eegenen Sender oflästeren?
En plus, jo, den Malcolm Tucker as en mad dog, jo, hien huet heinsto einfach nemmen wüst Beschimpfungen, mee hien as nie ongerecht an dem wat en seet. Den Olly ass einfach en Oxbridge twat an Assi, den Glenn ass einfach eng Fläsch, d’Nicola ass einfach inkompetent. Außerdem, an dat fannen ech sou exceptionnel, gleewt den Malcolm un dat wat en mecht. Hien gleewt un d’Regierung, un hir Legitimitait, an mecht alles fir hir Positioun ze stärken und “der Zweck heiligt die Mittel” wéi mer wuel all wessen. Den Malolm as an der dretter Staffel menschlech gin, hien hat sein Zesummenbroch, hien hat seng Problemer, mee hien as fulminant zereckkomm fir d’Ufanksphas vum Wahlkampf, an ech dierf hien mat Stolz ziteiren: “Bend down, pick up a fucking weapon, and twat the fuckery out of them”. Verschiddener soen hien as manipulativ, ech soen hien as schlau an wees wat en machen muss. Verschiddener soen hien ass béisarteg, ech soen hien kemmert sech net em Konsequenzen oder perseinlech Gefiller (“You can not fuck me; I am unfuckable!”), hien well Resultater (immoralesch as net dat selwegt ewei amoralesch), an hien as mat voller Sach dobei. Power politics work, and if you don’t believe me, fuck the fuck off.
Fir ofzeschleissen nach drei Sachen: 1)Ech sin gespaant ob d’election special. 2) Ech hun all Episod mindestens dreimol gesin an hun fir all meng Examen an der lescht dem Malcolm seng Motivatiounsried fir den Wahlkampf geguckt. 3) Den Malcolm huet mein Draamberuf.
Jidereen, den d’Sendung net versteet as halt net britesch genug oder wees naischt iwer Politik.
An jiderengem dem dat lo zu “frech” wor, don’t mess with me coz “I’m wearing kid gloves… but made from real kids”.
Schein Chreschtdeeg an fuckity-bye.
Ausserdem fällt mer bal sou niewenbei an, die Ausso, dass den Malcolm nie Gewalt unwennt as gelunn. An der dretter Folleg vun der dretter Staffel brecht den Malcolm dem Glenn d’Nues, well den sech geweigert huet en special guest vum Nicolas ze opferen an dem Prime Minister ze iwerlossen. Do as en halt einfach durchgedreint an huet zougeschloen. Et mierkt een awa ewei en sech dofir schummt an et mierkt een och, dass hien sech der Konsequenzen bewosst as, well hien direkt guckt ob keen et gesin huet an dem Glenn aried, dass dat nie geschitt as. En plus as dat eng vun denen Sachen, dei dem Malcolm herno vun der Press virgeworf gin, an wouweinst en och huet kurzzeiteg missen seng Valise packen.
Fact.
> I’m wearing kid gloves… but made from real kids
Wooohoooo, deen ass awer gutt ;)
Fred, genau.
Lo léier deng American foreign policy, do sin nämlech emmer gudd Froen am Examen. ;)