Ech weess dass de Grommel dat och gepost huet. Mir iwwerliesen am Cader vun eiser Qualitéitskontroll eis Posts, deen heiten wor säit Sonnden an der Maach, an dofir net kopéiert.
Ech sinn säit Méint op der Sich no enger anstänneger Textveraarbechtung mat där ech ka meng Uni-Aarbechten tippen. Ech sin vum Standpunkt ausgaang, dass Microsoft Word Schrott ass. Dorops hin hunn ech beim Apple nativen iWork ragekuckt an hierer Textveraabrechtung “Pages”, déi zwar immens schéin Dokumenter generéiert, awer och Schrott ass. Schließlich hunn ech aus menger Lycées-Zäit nach LaTeX an TeX kannt, a mär virgeholl dem Puristentum nach eng Chance ze ginn: Vergiewens, den Referencing esou zesummenzekréien, wéi ech dat wëll geet net ouni erhiewlechen Opwand, LaTeX spillt seng Stäerkten éischter mat Formelen aus.
Ech hunn och e puer méi kleng Texteditoren probéiert, alles Mumpitz, esou, dass ech mech higesat hunn, a mech wierklech an Word rageschafft hunn, bis ech all d’Finessen raushaat, an Dokumenter raus krut, déi gutt ausgesinn, Standards entspriechen, an mat deenen ech liicht schaffe kann. Wéi ech Word bis gemeeschtert haat, koum déi nei Versioun eraus, esou dass all meng Tricks elo rëm wäertlous sinn, well déi Penns alles verstoppt hunn. Egal. Word erlaabt mir dat ze man, wat ech well man. De Rescht ass mir egal.
Op Twitter huet ee vun de Brainfood-Jongen mech elo op en neien, interessanten Tool zur Texterstellung, deen interessant fir Poeten a Blogger ass. Dir gesitt den Ënnerscheet, dësskéier keng Veraarbechtung. Ommwriter ass e Schreifprogramm, dien Schreiwen op den eigentlechen Prozess reduzéiert: Schreiwen.
Dat mecht en, andeems en descartesch alles iwwer Bord gehäit, wat net muss sinn. Dobäi raus kennt e Programm, deen Texterstellung am Vollbildmodus mecht, esou dass guernäischt um PC ooflenkt. Et huet een 3 Hannergrondbiller zur Auswahl, déi en relativ agreabelt Bild maan, eng Hannergrondmusek an 3 Schrëften mat 3 Textgréissen. Wann een tippt ass een, im wahrsten Sinne des Wortes, alleng mat sengem Text. Dat ass enorm agréabel ech mierken direkt, wéi et mer helleft mech ze konzentréieren. Dobäi ass Ommwriter wéi gesot fir soss näischt ze gebrauchen, wéi en Text ze erstellen. Wat mam Text geschitt, wessen Word, Pages oder WordPress herno besser.
Ommwriter kann een momentan gratis als Beta op hierer Homepage rooflueden. Just fir Mac.

Een arty Ripoff vun WriteRoom. Just daat een Saachen kann anstellen. Waat daat ganzt erem irgendswéi sennlos mescht. Well wann een kann am Fullscreen Saachen anstellen, kann een och am Word tippen.
Wëlle mer wetten, daat geschwen eng Vollversioun fir 30$ erauskennt, bei der een nach méi kann anstellen an déi nach méi verschidden Musek huet?
Ahjo, a wann een well alleng mat sengem Text sinn, desinstalléiert een d’Spiller an zidd den Ethernetkabel.
Wann et der drëm geet fir den Iwwerbléck iwwer References ze behalen: Endnote. :) Fir Essay wéillt ech Omniwriter net benotzen, mä fir kreativt Schreiwen ass deen Programm tiptop.
Wéinstens ee Site mat Qualitéitskontroll! ;)
Nuje, ech fannen sou Programmer sin e léiwe Gadget fier wann ee sëch wierklech mol nët well oflenken loossen. Mä änerersäits, wann ech just mat mengem Text wëll alleng sinn, ginn et op all Betriebssystem nach Editoren déi an der Shell/Terminal laafen wou och näischt ugewise gëtt. Nach méi einfach, Computer aus an op der Hand schreiwen bei enger Taass Téi an dem MP3 Player am Ouer fier déi déi et gären hun.
Ech gesin nët ganz wéi een esou e Programm sou héichluewen kann. Klengt fier mech e bëssen wéi wa mer lo wou mer den Auto hun d’Päerdskutsch erëmentdecken a dovu schwärmen wéi gemitterlech a lues dat an eisem stressegen Zäitalter ass.
Den ommwriter ass, menger Meenung no, een immens efficacen Programm fir kreativ Schreiwen. Einfach well een alleng mat sengen Gedanken ass, well een absolut näischt oflenkt, d’Art a Weis wei een den Text an den wäissen Himmel schreift, all dat mécht dat engem seng Inspiratioun net gebremst gëtt. Natierlech ginn et fill aner Text editors, mä ech fannen keen sou schéin wei den ommwriter. Den Opbau vum Programm weist, wei fill Iwwerleeungen dohannert sinn.
Ech fannen och, mä dat ass perséinlech, dat et méi angenehm ass wei op der Hand ze schreiwen, an méi praktesch.
An jo, et schéngt vläit op den éischten Bléck absurd an almoudesch, mä firwat net an der Päerdskutsch fueren wann ech do méi inspiréiert sinn wei am Auto? An vum Code hir ass et méi komplex wei et vun baussen schéngt (z.B. d’Schreiwschrëft, déi animéiert ass), an dat ass jo och den Sënn vun der Saach: genuch “omm” ze hunn, fir sech an sengem wëllen Gedankenstoum erëmzefannen.
Ech fannen den Fede huet Recht. Wann een seng rou baim schreiwe brauch gin et vill Methoden, wouvun e Blat Pabeier an e Bic nach emmer eng vun deene beschten ass.
Ausserdem, fier Uni-Aarbeschten ass daat do ganz genau daat waat ech net wéilt. Eigentlech fält et mer schwéier un eppes ze denken waat ech manner wéilt fier en Essay fier d’Uni ze schreiwen. Do brauch een Fousnoten, Zougeff op aaner Dokumenter, Wikipedia (net dass ech daat géif benotzen…), Online Dictionairen, Google Books, Online Journals an et well een direkt gesin wéi den Text op der Sait ausgesait, mat der gréist vun den Ränner,… Ech gesin wierklech keen Senn fier sou Aarbeschten an deem do Programm.
Fier Artikelen fier e Blog ze schreiwen, eventuell (wann een keng Recherche am Hannergrond brauch). Kreativt Schreiwen, bestemmt. Mais soss? An dann nach, wéi laang bis d’musik an d’Bild mat de Beem grad sou langweileg ass wéi e wäisse Hannergrond?
Ausserdem, waat ass sou falsch um Word? Ech wees dass jiddereen muss fuechtbar alternativ sin an dass Word dofier oncool ass. Mais en funktionéiert.
Wéisou brauch en Programm bäi deem et just em d’Schreiwe geet och Keyboard-Sounds? Fier dass een sech sou kreativ fille kann bäim Schréiwen, wéi een deen et op enger Schreifmaschin mecht?
Ech gesin d’Zielgrupp fier de Programm. An se hun all Converse All Stars un.
Losse mer präzis sinn, Nic. Se hun all propper Converse All Stars un.
Joel, den Fede an ech hun eis fierdrun genau d’Bild ausgemolt, and propper Converve passen definitiv dran. Genausou wéi Starbucks, MacBooks, enk Boxen an Hornbrellen. Et ass schon beängstegend wéi genau een Leit unhand vun engem Program definéieren kann.
Zwecks Uni-Arbechten haat ech engkéier den heiten Post fond, deen puer Mac-Programmer déi nëtzlech dofir kenne sin, oplëscht:
http://www.stefanmoeller.com/2009/02/27/bachelorarbeit-technisches-setup/