Säitdem ech mam Musical “Ultima Ora” zu Iechternach fäerdeg sinn, hunn ech rëm e bessi méi Zäit fir meng absolut Lieblingsbeschäftegung: Telé kucken! Ech hunn endlech mat “True Blood” ugefaang, déi Série, vun där vill vu menge Kollege scho säit méi laangem schwärmen, an ech si begeeschtert dovun. Ech hunn déi éischt Staffel elo esou gudd wéi fäerdeggekuckt, a kucken nach gär déi zweet, virun deems ech en Artikel iwwert déi Série schreiwen, fir datt ech um neieste Stand wäert sinn.
“True Blood” huet mech -wéi sou vill Sérien- u meng Lieblingssérie erënnert, dem David Lynch säi Meeschterwierk “Twin Peaks”. Et ginn zweifellos Parallelen: d Präsenz vu Gewalt, vun Drogen, a vu paranormale Phänomener an klenge Kaff voll Leit, déi ee scho bal kéint als Hinterwäldler bezeechenen, skurill Charakteren, d Onméiglechkeet tëscht gudd a Béis kënnen ze ënnerscheeden, eng gesond Dosis vu Cliffhangeren, asw.
Mer sinn hautzudaags zimlech verwinnt. D Amerikaner produzéieren eng gudd Série no där anerer a se sinn technësch einwandfrei. Dat war nët ëmmer sou, mer hunn dat enger Entwëcklung ze verdanken déi an den 90er Joëre stattfonnt huet… ugefaange mat “Twin Peaks”! Fir d éischte Kéier haat e Regisseur d Ambitioun, d Cinematographie vun der Telé op dee selwechten Niveau wéi déi vum Kino ze hiewen.
Of gesinn dovunn, datt “Twin Peaks” fir 1990 komplett revolutionär war, haat d Série e Reiz, dee bis haut nët verluer gaang ass: Et fänkt u mat dem Intro, dem berouegenden “Twin Peaks Theme”, dem Schëld mat der Opschrëft: “Welcome to Twin Peaks / Population 51, 201″. Et ginn tatsächlech immens vill Grënn fir d Série ze kucken: den herrleche Plot, dem Special Agent Dale Cooper seng herrlech Sprëch à la “Damn good coffee!” oder “This must be the place where pies go to die!”, d “Laura Palmer Theme” bei deem et engem all Kéiers kaal de Rëck erofleeft (an daat ee während 45 Minutten ongeféier 10 Mol héiert), oder d Dramsequenzen, déi wéi gewinnt immens lynchy sinn.
Ech mengen awer datt den Haaptreiz vun “Twin Peaks” (an och vun “True Blood”) am Kontrast tëscht Onschold an Erfahrung läit, dee bei all Personnage erschreckend no beienee läit (cf. C. G. Jung: “Archetypen”). Am Laaf vun der Série empfënnt ee fir all Personnage zu gewësse Momenter en héicht Mooss u Sympathie, an zu aanere Momenter extrem vill Antipathie, an daat mecht d Série sou mënschlech.
No engem Pilotfilm an 29 Episode war op eemol Schluss. D Série gouf ofgesat, well d Zuschauerzuele staark zrëckgaang sinn. Daat haat genuch Grënn: Wann een eng Folg verpasst haat, huet een an där Folg drop sou gudd wéi näischt méi verstaan, den David Lynch gouf dozou iwwerried d Identitéit vum Mäerder ze verroden, duerno haat hien d Série zu allem Onglëck och nach fir eng laang Zäit verlooss, asw. Et koum duerno nach e Film mam Titel “Fire walk with me”, deen ech zwar fir vill besser haale wéi e vu verschiddene Kritiker gemaach gët, deen awer nët allzevill zum Mythos vun der Série bäigedroen huet. Vläicht hätt d Série hautzudaags méi laang iwwerliewt, et weess een et nët.
“Twin Peaks” ass fir mech nach ëmmer op Plaatz Nr. 1 vun alle Sérien, a vläicht esouguer dem Lynch säi beschtent Wierk iwwerhaapt.

Du hues mech jo nach ëmmer net gedoen “Twin Peaks” kucken. All Quatsch DVD reifs de mer ënner d’Nues, mä “Twin Peaks” hunn ech nach net gesinn. Wéi kënnt dat?
Mat “True Blood” konnt ech no der éischter Episod net vill ufänken, mä ech kucken et mol nach weider iergendwann, wann ech Zäit hunn.
Ech reiwen dir nach laang nët all Quatsch DVD ënnert d Nues, nëmmen déi vun deenen ech menge se kéinten der gefaalen. Wéini hunn ech dir je eppes gewise, waat artistësch guer keen Usproch haat? (A fir de Fridden tëscht eis zwee an tëscht deenen aanere Blogger ze bewahre, roden ech der elo nët äus purer Provokanz “Firefly” ze soen!)
Ech mengen awer Chris, datt mer dëst Joer nach en Äusfluch an d Staadt vun den Douglas-firs a vun de Bookhouse Boys wäerte maachen… Merci datt s de mech erënnert hues, dës Kéier kënns de nët dru laanscht.
Jacques, vun e Sonndeg bis e Freideg, bass du mäin eenzege Kolleg a Lëtzebuerg an ech erwaarden ënnerhalen ze ginn. Ënnert anerem gi mer Avatar kucken. Just dass de et weess.